Chicken Wings

Paar goud Chickenwings, bëssen Hunnig, Gewürzer, Hëtzt, mi brausch et net. An äwer Entscheed, wie an watt mir van Liäwensmëttel verschaffen iwer alles. Wie zegdig Tomaten sen, wie d’Fleesch réistert, wie opmiärksam ech den Moment vam Karameliséiren begleeden.

Dës Wings sen keen siiert Ässen aus dem Schäffchien, Sie sen eent klengt Ritual. De Geroosch van Paprika an Knuawelek deen sech durich d’Këchen zéiht. Den Hunnig deen blänkig jiët. D’Röstaromen déi deen perfekten Goût liweren.

Et ass éierlich Këchen, waarem an einfasch, mat engem Hauch Sonn. An wann een hinnen Zekt jiët krëtt een en Merci aus Goût an Aromen, déi een aus kengem Päckelchen raus krëtt

Eng Glasur mat Charakter

Meng Mëschung déi ech hei maan, ass ischter eng Gewürzglasur déi d’Fleesch begleet an net alles iwerdeckt.

Frësch Tomaten, am besten sen der natiirlich vam Summer, iwerbréihen ech, dann schiälen ech se, schnegeden se kleng an loossen se gemellig mat bëssen Olivenualig an Salz ankooschen. Die natiirlich Séissheet konzentréiert sech, d’Säier jiët mi ronn. Zum Schluss sträichen ech se durich eng Passette an ech han su eng frësch, liäwig Basis. Optional kanns du o Tomatenpürée hualen.

Hunnig, natiirlich keen anonyme Industriehunnig. Mee villäicht een mi däisteren Bëschhunnig oder Thymianhunnig. Hunnig ass net nëmmen séiss. En drigt Landschaft an sech. Harzig, kregderig, bloumig, je nodeems watt Beien fonnd han.

Séisst Paprikapolwer an gereechert Paprikapolwer erënneren bëssen aan Balkankëchen, aan oppene Feierplatzen. Dësen liiten Reecheraroma deen dachs vill mi elegant ass wie all BBQ-Zooss.

De Knuawelek, deen ech mat bëssen Olivenualig op enger spezieller Tellerreif püréiert han.

Datt Entscheedend ass d’Hëtzt

Et ass gewosst, Goud Wings entstinn net durich d’Marinad, mee durich Röstaromen. Viraam marinéiren han ech se liit gesalz an se su net zougedeckt fir 1 eng goud Stonn an de Frigo gestallt. D’Hokt drëchent su liit aan genau datt brausch ech fir d’Röstaromen.

Dann leen ech se an d’Marinade an loossen se op mannst 2 Stonnen durich zéihen.

Am waarmen Schiäffchien oder besser na bei indirekter Hëtzt om Grill. D’Fleesch brausch Raum, et soll sech net beréiren. Am Schiäffchien leen ech se su datt se sech net beréihren op eent Gitter an setzen eent Baaschblech drënner.

Fängt den Hunnig dann aan ze karamelisiéiren rëcht een datt. Den Moment zwëschen brong an zevill brong ass deen Moment wu een oppassen muss. Datt ass Kooschen no Geféihl.

Deen klenge klassische Gedanken

An der fransiischer Këchen jiff een daan na, kuurz viraam zervéiren, eng Sprutz Zitrounensaaft driwer jiän, nëmmen paar Drëpsen iwert die firädig Wings. Datt hiäft den karamelartigen Goût.

Natiirlich kann een o na een Schratt mi wegt goen…

  • Mat engem lookischen Gromperenzaloot, mat Schalotten, Gefligelfond an bëssen Estragon.
  • Oder an engem gouden Olivenualig an mat bëssen Knuawelek, gegrillter Paprika.
  • Villäicht sugar bëssen Joghurt mat bëssen Knuawelek an Zitrounenzesten, ganz fein aafgeschmaascht.

D’Schiäreft

D’Schiäreft muss net hart sen. Bëssen Cayennepolwer wirikt annëcht wie frësch Chilischoten. Cayenne wiäremt am Hannergrond, frëschen Chili pickt. Fir dës Wings jiff ech op Cayenne zereckgräifen oder sugar nëmmen frësch gemahlene schwarze Päffer aus der Millen.

Watt ech aan su engem Ässen jiären han.

Et ass die einfasch Këchen, Gefligel, Hunnig, Gewürzer. An äwer entscheed d’Opmiärsamkeet iwert d’Ergebnis. Wie starik reduzéiers du deng Tomaten? Wie lang duarefen sie réisteren? Wini ass deen richtigen Moment, sie aus der Hëtzt ze hualen?

Chicken Wings

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereedung

2

Stunden 

10

Minuten
Kooschen

45

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Chickenwings

  • 3 EL Olivenualig

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 3 EL Hunnig

  • 600 g Tomaten (San Marzano, Ochsenherz, Roma-Tomaten) oder 2 EL Tomatenpürée

  • 3 Ziiwen Knuawelek

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 1 TL séisst Paprikapolwer

  • 1 TL gereechert Paprikapolwer

  • 0,5 TL Cayennepolwer

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL schwarze Päffer

Zoubereedung

  • Virbereedung
  • Chickenwings tuppen ech mat Këchenpapeier drëchen. Optional, kanns du se liit salzen an se net zougdeckt fir eng goud Stonn an de Frigo setzen.
  • Tomaten, iwerbréihen ech, dann schiälen ech se. Déi schnegden ech an Würfel an setzen se mat bëssen Olivenualig an bëssen Salz op, su loossen ech se op niddirger Hëtzt reduzéiren bis eng deckflëssig Tomatenzooss entstannen ass. Aafkéilen loossen.
  • De Knuawelek zerreiwen ech fein.
  • An enger Schosse mëschen ech den Olivenualig, Zitrounensaaft an den Hunnig, bis deen sech ganz geliisst hat. Dann mëschen ech d’Gewürzer, de Knuawelek an Tomatenzooss oder optional den Tomatenpürée drënner. Datt vermëschen ech alles goud mateneen.
  • An dës Marinade leen ech Cickenwings, vermëschen alles su datt Marinade iwerall verdeelt ass. Su stellen ech se zougedeckt op mannst fir 2 Stonnen an de Frigo, am besten iwert Näit.
  • Kooschen
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180 °C Ëmloft fir.
  • D’Wings hualen ech aus der Mainade an loossen se aafdrëpsen. Dann leen ech se op eent Gitter, su datt se sech net bréiren.
  • Ënnen an den Schiäffchien setzen ech eent Blech an do driwer d’Gitter mat de Wings.
  • Su loosen ech d’Wings dann fir ongeféier 40 bis 45 Min. baaschen. No der Halschent van der Zekt driien ech se eng kéier. Su kreien sie van 2 Sekten Faaref an entweckelen Röstaromen, datt ass deen Moment, an deem sech Hëtzt an Séissheet verbannen.
  • Zum Schluss kanns du dann na fir 5 Min. den Schiäffchien op Grillfunktioun ëmstellen. Den Hunnig krameliséiert dann liit an et krëtt een dësen typischen „Sticky“-Effekt. Wings äwer am Au behalen sie verbennen sooss siier.
  • Raus hualen, paar Min, ruhen loossen an bëssen Zitrounensaaft driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*