Cremig Knuaweleksbotter-Fleeschstécker

Cremig Knuweleksbotter Fleeschstécker mat Kooschelen an Broccoli ass eent einfascht, rustikalt Ässen, äwer raffinéiert an elegant genou, fir datt et op all festlischem Dësch glänzen kann. Dës Kombinatioun aus zaartem Fleesch, frësch Kooschelen an knackigem Broccoli vermëscht mat enger cremiger Knuaweleksbotterzooss lisst den Goût explodéiren. Traditionell fënnt een ähnlich Menüer an der fransiischer an italienischer Këchen, wu kräftig Zoossen an frëscht Geméiss d’Basis fir vill Ässen bilden

Zutaten fir meng cremig Knuaweleksbotter-Fleeschstécker

1. Fleesch

  • am besten ass hei Fleesch datt sech eegent fir kuurz ze brooden, Randssteak oder Randsfilet, Schwengsfilet, Pouletfilet oder Pute. Natiirlech ëmmer op goud Qualitéit oppassen.

2. Kooschelen

  • Wäiss oder brong Champignons, frësch an fest. Alternativ kanns du o Kräuterseitlingen hualen.

3. Broccoli

  • Frësch, gewäsch an kleng Ruussen zerdeelt an kuurz blanchéiert.

4. Botter

  • Ideal fir eng cremig Konsistenz an een gouden botterigen Goût.

5. Knuawelek

  • Frëschen Knuawelek, ganz fein gehackt, fir deen vollen Aroma.

6. Ënnen

  • D’Ënnen wann se karameliséiert jänn brengen een feinen séiss-zwibbelischen Aroma.

7. Schmand

  • fir eng cremig Zooss voller Goût. Schmand, as deen fetthaltigen Deel van der Mëlich, deen sech beim stoen loossen van Rohmëlich natiirlech aafsetzt. An däitsche Rezepter ass Schmand “sauer Rahm” bei eis ass Schmand – Rahm.

8. Dijon-Mostert

  • De Mostert brengt eng mëll Schiäreft, déi goud mat der cremiger Zooss harmonéiert.

9. Olivenualeg

  • Fir d’Fleesch aanzebrooden.

10. Peffer & Salz

  • Grondgewürzer déi an kengem Ässen fehlen duarefen.

11. Thymian

  • Hëlls du frëschen Thymian, am besten Bläder direkt vam Ast strëppen an liit zerdrécken, su setzen sech die ätherisch Ualeger besser frei.

12. Frëschen Péitersilich

  • Fir zum Schluss den Menü mat Frëscheet ze garnéieren.

Zoubereedung

Bei mein Menü han ech Gromperen aus dem Schiäffchen gemaat, well déi am längsten brauschen han ech mat deenen aagefongen. Dofir han ech kleng Gromperen grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser gewäsch, déi han ech paarmol mat engem Zahnstocher angepickt an se mat Olivenulaeg angeriwen, su han ech se bei 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir goud 1,5 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen gestallt. Zwëschendurich han ech se eng kéier gedrigt. Viraam zervéiren han ech dann na Fleur de sel driwer gestreit.

  • D’Fleesch schnegden ech an Mondgerecht Stécker, datt salzen ech an loossen et op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur stoen. Am besten ass et natiirlech ëmmer iwert Nait am Frigo.
  • De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen. Am kooschenden Salzwasser blanchéiren ech den Broccoli 3 Min. bis 4 Min. Deen schrecken ech dann am Äiswaasser aaf, fir datt en seng sching gréin Faaref besser hällt.
  • Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles fein.
  • Kooschelen botzen ech mat enger mëller Biischt an schnégden se an véirel.
  • An engem Dëppchen mëschen ech mir den Schmand mam Dijon-Mostert

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an broden d’Fleesch al rondrëm kräftig aan an würzen d’Fleesch mat Peffer, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

Hëtzt driien ech dann raaf, an op mëttel Hëtzt erhëtzen ech den Botter, do dran brooden ech d’Ënnen aan an loossen se karameliséiren.

Als nächst mëschen ech d’Kooschelen drënner an brooden déi mat, bis se mëll sen. Déi würzen ech mat Salz, Peffer an ech mëschen hei dann o den Thymian mat drënner.

Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Schmand-Mostert-Mëschung drop. Datt erhëtzen ech kuurz, schmaaschen Zooss an würzen evtl. na bëssen no.

Als nächst mëschen ech d’Fleesch an den Borccoli drënner an erhëtzen alles an der Zooss, äwer ouni datt se kooscht.

Op Telleren verdeelen an mat frëschem Péitersilich garnéiert an den Gromperen zervéiren.

Tipps

  1. Pann net iwerlaaden, deel dir d’Fleesch an, an brooden et an paar Etappen, et soll brooden an net kooschen.
  2. Fir deen vollen Goût, lungt et sech gouden Botter ze hualen, domatt krëss du deen besten Aroma.
  3. De Broccoli net ze lang kooschen, en soll na Biss han.
  4. Subal den Schmand an den Moster ënnergemëscht ass, Zooss net mi kräftig kooschen loossen, de Schmand kann sooss gerënnen an den Goût vam Mostert verfléiht.
  5. Fir zousätzlichen Aroma an Goût kanns du na frësch geriwene Parmesan ode Pecorino drënner mëschen.

Cremig Knuaweleksbotter-Fleeschstécker

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszékt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g kleng Gromperen, grëndlich gewäsch

  • 600 g Fleesch, (Randssteak oder Filet, Schwéngsfilet, Pouletfilet oder Pute) an mondgerecht Stecker geschnidden.

  • Olivenaulag fir ze brooden

  • 60 g Botter

  • 250 g Kooschelen, an véirel geschnidden

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 4 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 250 g Broccoli, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 150 ml Schmand

  • 1 EL Dijonmostert

  • Salz & Peffer

  • gehackten Péitersilich, fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Gromperen picken ech paarmol mat engem Zahnstocher an, reiwen se dann mat Olivenualeg an an setzen se fir ongeféier 1,5 Stonnen an dee waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich driien.
  • D’Fleesch leen ech an eng Schossel, salzen et an loossen et ongeféier 30 Min. bei Raumtemeratur stoen. Am besten ass et äwer ëmmer iwert Nait an de Frigo.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Fleesch all rondrëm kräftig aan würzen et mat Peffer an hualen et raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • Hëtzt driien ech op mëttel Hëtzt raaf, an schmëlzen den Botter, do dran brooden ech d’Ënnen aan an loossen se karameliséiren, subal déi sching brong sen mëschen ech d’Kooschelen mam Thymian drënner an brooden alles bis et mëll as.
  • Als nächst mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänk mat rauschen schëdden ech de Schmand an den Dijon-Mostert dobäi, vermëschen alles goud an erhëtzen ouni datt Zooss kooscht. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
  • Dann mëschen ech d’Fleesch an den Broccoli drënner, erwiärmen alles äwer ouni datt Zooss kooscht.
  • Datt verdeelen ech op Telleren an garnéiren et mat frëschem Péitersilich. D’Gromperen leen ech dobäi an iwert déi streien ech bëssen Fleur de sel.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*