D’Kombinatioun van Gefligel an Kooschelen hat hir Wuurzelen an der europäischer Këchen, besonnig an Frankeich. Die fransiisch Këchen ass bekannt fir hir Eleganz mam Fokus op hiiwiärtig Zutaten an raffinéiert Techniken. Menüer wie *Coque au vin“ oder „Poulet à la forestière“ weisen, van der langer Traditioun Gefligel mat Kooschelen ze kombinéiren. Eent Rezept datt, deen rustikalen Menü mat der Raffinesse van der fransiischer Këchen vereent.
Entwécklung iwert Zékt
Am Loof van den Joerhonnerten entwéckelen sech Rezepter vriaan, aangepasst aan regional an verfügbar Zutaten. Su jiët et Varianten, wie z.B. an Däitschland mat lokalen Champignons an heemischen Krégder.
D’Gratinéiren, also d’Iwerbaaschen mat Kiiss, ass eng Technik, déi dem Ässen zousätzlichen Goût an eng köstlich Krust jiët. Eng Methoud déi am 19ten Joerhonnert bekannt jiän ass an sech ganz siier een festen Platz an villen Këchen gesëchert hat.

Modern Anflëss an Noohaltigkeet
Hokt leen mir rem vill mi Wiärt op Noohaltigkeet an regional Zutaten. Watt bedeit datt fir dëst Ässen?
- Pouletfleesch, et jiët mi dorop opgepasst datt Gefligel aus artgerechter Haltung kënnt. z.B. van regionalen Bauren. Dëst ënnerstëtzt net nëmmen die lokal Wirtschaft, mais garantéiert Frëscheet an Qualitéit.
- Kooschelen, die klassisch Champignon ass wégt verbreet an kommen dachs aus regionalem Aanbau. Na mi Noohaltig ass et, selwer Kooschelen ze ziichten oder an den Bëscher, natiirlich mat deem nigdigen Wossen, no ässbaren Zorten ze séichen.
- Mëlichproduker wie de Kiiss, Botter an Schmand am besten van regionalen Molkereien koofen. Sie jiän der Zooss een wonnerbaren Goût. Durich streng gesetzlich Regelungen ass et leider net mi su einfasch Rohmëlich ze koofen, sie net ganz vam Maart verschwonnen et muss een äwer gezielt dono séichen. Mir sen fréiher ëmmer mat der Kännchen bei den Noper jiangen an han eis Mëlich do kooft, an mir han et iwerliäft 😉
Durich d’Verwendung van dësen Zutaten jiët dëst Ässen zu engem kulinarischen Highlight an zu engem bewossten Statment fir Genoss an den Erhalt vam traditonellen Goût.
Zoubereedung
De Poulet, watt fir eent Steck datts du hëlls ass ganz egal, ech hualen am léifsten Strempelen die bleiwen mi saaftig an han mi Goût. Fir den besten Goût salzen ech en liit an setzen en iwert Nait an de Frigo. Den Daag drop hualen ech en fréih genou aus dem Frigo fir datt en viraam Brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
Während der Zéckt botzen ech d’Kooschelen mat enger mëller Biischt an schnégden se je no Griist an Scheiwen oder Véirel. D’Ënnen schiälen ech an hacken se. An den Knuawelek jiët geschiält an fein gehackt.



An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran den Poulet goldbrong aan. Würzen se mat Päffer. Wanns du Stecker mat Hokt ass, firtischt d’Hokt aanbrooden. Déi hualen ech raus an leen se direkt an eng feierfest Form.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech d’Kooschelen an den Knuawelek drënner an loossen alles su lang brooden bis die ganz Flessikeet déi van den Kooschelen austrëtt verkooscht ass. Datt läschen ech dann mat bëssen wäisssen Wéng aaf an oossen deen ganz ankooschen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.
Als nächst stëppsen ech alles mat bëssen Miähl an, réisteren datt kuurz mat aan. Do schëdden ech dan d’Bréit drop, vermëschen alles goud an lossen Zooss kooschen bis se die gewënschten Konsistenz erreecht hat. Als nächst mëschen ech bëssen Mostert an de Schmand drënner, Zooss loossen ech paar Min. reduzéiren, schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer an Muskot. Dann schëdden Zooss bei den Poulet an d’Form. Do driwer streien ech deen gerriwene Kiiss an setzen datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen.

De Gratin loossen ech su lang baaschen bis den Kiiss goldbrong ass.

Iwerdeems kooschen ech meng Beilaag, ech han Pasta dobäi gekooscht, goud passen äwer o Gromperen oder Räis.
Vegetarisch Alternativen
Fir all, déi op Fleesch verzichten wellen, jiët et Alternativen:
- Tofu oder Seitan: des planzlich Eiwäissquellen kannen ähnlich wie Pouletfilet zoubereet an gratinéiert jiän. Besonnig an Kombinatioun mat enger Kooschelzooss entsteht su eent herzhaft Ässen.
- Portobelle-Kooschelen: Des gruuss Kooschelen eegnen sech wonnerbar als Fleeschersatz. Gefëllt an gratinéiert béiden sie een intensiven Goût.

Fazit
Gratinéierten Poulet an enger Kooschelzooss verbënnt Geschicht, Traditoun an datt Modernt. Durich die bewosst Wiäl van regionalen an noohaltigen Zutaten, suwie Kentnisser iwer traditionell Zoubereedungsmethouden, krëss du net nëmmen een gouden Maufel, mais du drigs dozou bei eis kulinarisch Kultur ze erhaalen.
Crèmigen Pouletgratin
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten40
MinutenZutaten
4 Pouletfilet oder Strempelen
Salz
Päffer
Botterschmalz fir ze brooden
1 Ënn, grhackte
250 g Kooschelen, an scheiwen geschnidden
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
50 ml Wäissen Wéng
2 EL Miähl
100 ml Hohunerbréit
150 ml Schmand
1 TL Dijon-Mostert
bëssen Muskot
100 g gerriwenen Kiiss ( Emmentaler, Gruyère, Gouda oder Parmesan)
Zoubereedung
- D’Fleesch salzen ech liit an setzen et zougedeckt iwert Nait an den Frigo. Op mannst äwer 30 Min. durich zéien lossen. Den Daag drop d’Fleesch fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt et viraam Brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmlalz an brooden do dran den Poulet mat der Hokt no ënnen goldbrong aan., driien an van der annerer Sekt brooden. Würzen mat Päffer an leen den Poulet an eng feierfest Form.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- An der sekwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien. Do mëschen ech dann Kooschelen an de Knuawelek drënner an brooden datt su lang bis die ausgetrodden Flëssigkeet verkooscht ass. Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf an lossen deen ganz ankooschen.
- Als nächst stëppsen ech alles mat Miähl an an résiteren datt kuurz mat aan, do drop schëdden ech dann Bréit an vermëschen alles goud mateneen, datt loossen ech paar min. kooschen an subal et die gewënschten Konsistenz erreecht hat mëschen ech den Mostert an den Schmand drënner.
- Schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer an Muskot. Zooss loossen ech paar Min. reduzéiren an schëdden se dann bei den Poulet an die feierfest Form.
- Ech streien den Kiiss driwer an setzen datt Ganzt an den Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong ass.
- iwerdeems han ech d’Beilaag gekooscht, bei mir ass et Pasta dobäi jiän, goud passt äwer o Räis oder Gromperen.