D’Feier van der Natur

Wie aus Chilischoten Chilifocken jian, eng kleng Réis durich Zékt, Goût an Zukunft.

Stell dir vir du hälls eng déifrugt Chilischot an der Hand, waarem van der Sonn, aromatisch an voll van versprooschen Schiäreft. Dës kleng Fruucht hat eng wegt Réis hanneraan sech an wahrscheinlich eng opreegend Zukunft viraan sech.

Eent Feier an den Hänn van eisen Virfahren

Viraan iwer 6000 Joer sen an Mëttel- an Südamerika wëll Paprikaschoten kultivéiert jiän. Dës Ur-Chilischoten woren kleng an extrem scharef, een Schutz van der Planz fir sech geent Frässfeinde ze wiären. De Mënsch dogeent wor begeestert van deem scharefen Aroma an hat domatt aagefongen dës Planz gezielt ze ziichten.

Mat den Entdeckungsréisen am 15ten Joerhonnert, genau die Zékt van deen abenteuerlichen Seefahrer, ass d’Chilischot an Europa, an Afrika an Asien aankommen. Während de Paprika an Ungarn seng mëll Roll fond hat, hat sech an Indien an Thailand rischtig Scharef-Kulturen entweckelt. An Italien han d’Bauren hir Tomatenszooss mat gedrëchenten, zerstuussenen Chilis vereedelt, de Virleefer van den Chiliflocken wie mir se hokt kennen.

Vam Gaart an d’Millen

Befir et Frigo jiän sen, déi eis wirklich d’Liäwen erliiteren, hat de Mënsch mussen kreativ jiän, fir Liäwensmëttel haltbar ze maan. O bei den scharefen Schoten. Drëchnen wor eng van deen beléifsten Methouden. Sie sen an sugenannten Ristras (Rispen) zesaammengebonnen jiän, an dann an d’Sonn gehongen jiän. Durich datt gemelligt drëchnen han sie Waasser verluaren äwer näist van hirer Schiäreft.

Irgendwann ass een op d’Iddi kommen, dës gedrëchent Schoten ze zerreiwen, wahrscheinlich aus praktischen Grënn, Polver an Flocken lossen sech besser doséiren an transportéiren wie ganz Chilischoten. Su sen die ischt Chiliflocken entstannen, déi hokt an kenger Këchen fehlen.

Traditionell Techniken wie d’Fermentatioun sen ebenfalls genotzt jiän. An verschidden Regiounen an Asien sen Chilischote firtischt fermentéiert jiän, befir se gedrëchent an verschafft juffen. D’Ergebnis? Eng nei Dimensioun vam Goût, mi déif, mi komplex, an heinsdo sugar liit fruuchtig-sauer.

Chiliflocken van hokt

Hokt krëtt een Chiliflocken an allen Varianten, gereechert Chipotle-Flocken, séiss-fruuchtig Aleppo-Flocken bis hin zu extrem scharefen Varianten aus Carolina Reaper oder Bhut Jolokia. Obwohl een dës Zorten mëttlerweil ganz bequem am Buttik oder online ze koofen krëtt, legt een neien Trend an der Loft: Selwer maan!

Mol éierlich, watt jiët et besseres, wie ze woossen datt Chiliflocken déi’s du verschaffs aus deem eegene Gaart kommen oder van engem klengen regionalen Betriib? Bei eis op der Terrass oder am Gaart waassen Zorten wie „Hungarian Hot Wax“, „Lemon Drop“ oder „Pimentos de Padrón“ rischtig goud. O aal Zorten erliäwen een Comeback, een Gewënn net nëmmen fir den Goût mee o fir d’Artenvillfalt.

Ganz spannend, den Trend jieet fort van deen industrielle verschafften Produkter, dofir äwer hin zu, mat vill Léift zoubereeten Produkter. Kleng Manufakturen setzen op traditionell Drëchnung, Fermentatioun an regional Zutaten. Statt op riesig Monokulturen an kënstlich Bewässerung setzen sie op robust Zorten an een natiirlichen Kreesloof. Su jiän net nëmmen Resourcen geschount, mee o d’Aromen bewahrt, déi an der industrieller Massenproduktioun dachs verluaren jinn.

Su maan ech meng eegen Chiliflocken

Wanns du lo Iddi krii has, selwer Hand aanzeleen, et ass mi einfasch, wie’s du denks. Hei eng kleng Erklärung:

  • Chilischoten aanbauen oder regional koofen: Pass beim Koof op saisonal an regional Angeboter op. Am Summer fënnt een där natiirlich mi wie lo.
  • Drëchnen: D’Schoten entweder aan der Loft drëchnen, datt dauert je no Loftfiitechkeet 2 bis 3 Wooschen. Oder am Schiäffchen bei 50°C, dobäi äwer een Holzeläffel zwëschen Dirr klemmen fir datt Fiitegkeet auszéien kann. Oder op niddirger Temperatur, am besten sugar ënner 50°C am Dörrautomat.
  • Mahlen oder zerreiwen: Die ganz gedrëchent Chilischoten entweeder am Mörser zerstuussen oder an enger Millen graff mahlen.

Ween jiären experimentéiert, kann viraam drëchnen d‘Schoten liit fermentéiren. An eng 2% bis 3% Salzliesung anleen an paar Deeg zéihen loossen. Dono goud aafdëpsen loossen, drëchnen an viraan verschaffen. D’Ergebnis sen Flocken mat engem besonnig villschichtigen Aroma.

Regional, noohaltig an voll Goût

Firwatt iwerhaupt suvill Opwand bedreiwen? Et mëcht ganz einfasch Spass, an du jiëss mat deem besten Goût belount, mi intensiv an mi individuell. All Zort brengt hir eegen Nuancen mat: zitrounig, erdig oder bloumig. Du ënnerstëtz domatt die lokal Wirtschaft oder du baus en selwer aan. Een klengen Beitrag geent die globaliséiert Produkter aus Iwersee, déi dachs ënner net su gouden Bedingungen produzéiert jiän.

Ausserdeem ass et einfasch eng Freid, ze wossen watt an mengen Gewürzgläser stëcht. Keng onnigdig Konservéirungsstoffer, keng Pestiziden. Nëmmen pur sonnenverwiännt Schiäreft.

De Bléck an d’Zukunft

Watt brengt Zukunft? Villächt na vill spannend Entwécklungen: Chilizorten déi speziell fir mi kéil Klimazonen geziicht jiän, nei fermentéiert Speziaitéiten, innovativ Drëchnungsmethouden mat gerengem Energieverbrausch.

Äwer o den Community-Gedanken wiisst, an villen Stiädt entstinn urban Gemeinschaftsgärt, an deene gemeinsam aangebaut, getauscht an verschafft jiët. Villäicht jiët datt alles een Daag su normal, wie d’Verschenken van selwer gebaaschenem Brugd.

Zum Schluss na een Tipp aus menger Këchen

Mësch deng Chiliflocken mat bëssen gereechertem Paprikapolwer oder gedrëchent Zitrounenzesten! Du wärs iwerrascht sen, wie vill Aroma bëssen experimentéieren brengen kann.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*