Dumblings

Dumblings

Dumplings sen kleng Köstlichkeeten, déi eng Perfekt Kombinatioun aus gebroodenem oder gedämpten Deeg an enger aromatisch Fëllung béiden. All Maufel as eng Réis an d’Welt van den Aromen, wann den Deeg op der Zong schmëlzt an d’Fëllung mat hirem räichen Umami-Geschmaasch austrëtt. Dës kleng kulinarisch gefëllten Täschen kannen mat verschiddensten Fëllungen punkten. Van saaftigem Randfleesch bis zu würzigem Geméiss. Zervéiert mat engem Dip, deen die ganz Aromen na verstiärikt as et eng Delikatesse.

Den Deeg

Dumbling selwer maan as een villfältigen Prozess, well et verschidden Arten vun Dumblings an verschiddene Kulturen jëtt. Hei as eng van deen bekannsten Zoubereedungen.

Fir den Deeg jëtt nëmmen Waasser, Miähl an bëssen Salz gehollt. Firtischt jënn die drëchen Zutaten gemëscht an dann kënnt Waasser dobäi. Den Deeg sulang kniädden bis en glatt an mëll as. Datt kann bis zu 5-7 Minuten dauren. Den Deeg an eng Schossel leen, mat engem properen Dousch zoudecken an goud 30 Min. ruhe loossen. Datt hëleft datt den Deeg sech entspannt an hanneno besser ze verschaffen as.

Dumblingteig
Dumbling-Deeg

Noom Ruhen, den Deeg op enger bemiählter Fläsch dënn ausrullen, du kanns en am Ganzen ausrullen an dann ronn Formen austeechen oder du schnégs dir en an Portionen an rulls déi eenzel aus. Su kann den Deeg verschafft jiänn an mat enger Fëllung befëllt jiänn.

D’Fëllung

Fëllung kann aus Gehacktes oder Scampi’en bestoen mat fein gehacktem Geméiss, wie Chinakohl, Frühlingszwibbelen an Ingwer) an Gewürzer wie Sojazooss an Sesamualeg. Am Platz vam Gehacktes kanns du äwer o nëmmen Geméiss hualen, oder eng Geméiss-Tofu-Mëschung. Kuck just datt alles ganz kleng gehackt as.

Firtischt jëtt datt ganzt Geméiss kleng gehackt. Knuawléck an Ingwer jiänn fein zerriwen. Du kanns datt Ganzt aanbrooden, datt heescht du fängs mat deem wäissen Deel van de Frühlingszwibbelen aan, mëchs dann den Knuawléck an den Ingwer drënn, dann Fleesch an dann Geméiss mat deem gréinen van de Frühlingszwibbelen. Datt Ganzt jëtt dann mat Sojazooss, Sesamualeg, Salz an Peffer gewürzt. Oder du vermëchs alle goud an enger Schossel an fëlls Dumblings mat der riier Fleech-Geméiss-Mëschung.

Hackfüllung
Gehacktesfëllung

Den Dip

Fir den Dip jëtt Sojazooss, mat Reisessig, Sesamualeg, frësch gehackten rugd Chilischot oder paar Drëpsen Sriracha-Zooss mateneen vermëscht. Du kanns o na bëssen Zocker ënnermëschen sie schmëcht besser ouni Zocker. Als Garnitur kënnt bëssen gréins van den Frühlingszwibbelen an frësch gehackten Koriander mat dran.

Dip
Dip

Zoubereedung

Op den ausgerullten Deeg ongeféier 1 Téiläffel van der Fëllung leen, den Deeg dann beineen fahlen su datt een Halefkrees entsteht. Ränner fest beineen drecken su datt näist während dem kooschen austredden kann. Et jëtt traditionell Muster fir Dumblings ze fahlen, du kanns do äwer ganz kreativ sen.

Et jiänn verschidden Methouden Dumblings zouzebreeden. Sie kannen gedämmt jiänn, gebrooden oder gekooscht.

  1. Dämpen: Wann Fëllung na rii as sollen se an engem Dampfgarer ongeféier no 15 Min. komplett durich gegart sen. Sëcherstellen datt den Damp goud waarem as an datt een Deckel drop légt.
  2. Kooschen: Jiänn Dumblings gekooscht sen se bei enger riier Fëllung ongeféier no 6-8 Min. durich gegart. Subal se schwammen sen färdeg.
  3. Brooden: Beim brooden dauert et ongeféier 10-12 Minuten bis se komplett durich gegart sen. Sie sollen sching goldbrong an knusperig jiänn.
  4. Baaschen: Am Schiäffchen bei 200°C sen Dumblings ongeféier an 12-15 Min. durich gegart.
Dumblings gebraten
Dumblings

Et hängt natiirlech ëmmer dovaan aaf wie déck datts du Dumblingen gemaat has. Wanns du Bedenken hast ob se richtig durich sen oder net, dann hual een Fleeschthermometer, sie sollen 70°C an der Mëtt han, datt hëleft sämtlich gesondheetlich Risiken ze miniméiren.

Dumplings

Rezept von Josiane
Portiounen

2

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • Fir den Deeg
  • 200 g Miähl

  • 130 ml lookischt Waasser

  • bëssen Salz

  • Fëllung
  • 300 g Randsgehacktes

  • 0,5 Botte an dënn Ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen

  • 1 Botte gehackten Koriander oder Péitersilich

  • klengt zeriwent Steck Ingwer

  • 3 zeriwen Ziiwen Knuawléck

  • 0,5 ganz kleng gewürfelt Courgette

  • 3 EL Sojazooss

  • 1 EL Sesamualeg

  • 0,5 TL Salz, mam Salz virsichteg sen, Sojazooss as well gesalzen

  • Peffer no Geschmaasch

  • Fir den Dip
  • 3 EL Sojazooss

  • 2 EL Reisessig

  • 1 EL Sesamualeg

  • bëssen frësch gehackten Chilischot, no Geschmaasch

  • gehackten Frühlingszwibbelen oder Koriander

Zoubereedung

  • Fir den Deeg
  • Miähl an d’Salz an enger Schossel mëschen, No an no d’Waasser ënnermëschen an dobäi den Deeg kniädden, bis en mëll an elastisch as. Eng Kujiel formen an 30 Min. ruhen loossen.
  • Fëllung
  • Gehacktes mat deem fein gehackten Geméiss, Sojazooss, Sesamualeg an de Gewürzer goud vermëschen
  • Dumplings
  • Den Deeg an kleng Portiounen opdeelen an zu dënnen Kreeser ausrullen, ca. 8cm Durichmeesser. Sie kannen an der Mëtt bëssen mi deck bleiwen.
  • Op all Deeg ongeféier 1 TL Fëllung leen.
  • Ränner vam Deeg liit naas maan an dann zu engem Halefmond zesaammenklappen an goud beineen drecken datt näist van der Fëllung austredden kann.
  • An enger waarmer Pann bëssen neutralen Ualeg erhëtzen an Dumplings op mëttel Hëtzt aanbrooden bis den Buadem liit brong as. Dann an deen waaremn Schiäffchen setzen a 5-10 Min. durich garen.
  • Fir den Dip
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen. Chiliflocken suwie Frühlingszwibbelen oder den Koriander sen optional an kannen no Geschmaasch mat ënnergemëscht jiänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*