Wat wor firtischt do Houhn oder d’Ei? Gin mir mol paar dausend Joer zeréck, ongeféier 2500 v. Ch. Aus där Zékt stammen die ischt Beweiser datt de Mënsch Houhner als Hausdéier gehalen hat. Allerdings as domat Froosch na net geklärt watt firtischt do wor: d’Houhn? D’Ei? oder ëmgedrigt? Fréier as Gott dann o na matt an Spill kommen. Hat heen vritischt eent Ei erschafft aus deem dann eent Houhn geschlüpft as? Oder hat heen Houhn geschaafen datt dann eent Ei geläit hat?
Hogt wossen mir, datt Liäwen op der Ärd sech luas an luas entwëckelt hat, Houhn as d’Resulat van der Evolutioun. Houhner sen Vijel, de Vuijel hat sech aus dem Dinosaurier entwéckelt, déi stammen van de Reptilien aaf an déi van den Amphibien, an déi van den Fësch. All déi Déiren han Eier geläit. D’Ei wor also viram Houhn do.
Spéieleier
Bei den Spéieleier jiänn et 3 Saaschen op déi een oppassen muss: Eiwäiss muss eng mëlichwäiss Faaref kreien. Eijäll muss een schingen Glanz kreien an waarem sen äwer net hart, an oppassen datt d’Ei net an der Pann anpëscht. Fir deen gouden Goût sollen d’Eier am Botter gerbooden jiänn an kuurz viram zervéiren rischt salzen.
Hei as o rëm Temperatur vam Ei entscheedend, bei engem Ei aus dem Frigo, verbrennt dir Eiwäiss an Eijäll jëtt hart. Eent Ei bei Raumtemperatur jëtt genau richtisch wanns du bëssen oppasst.
Eiertriwel
25 g Botter liit erhëtzen. 3 Eier opschloen, mat Salz an Peffer würzen goud mëschen an se op niddreger Hëtzt ënner stännigem réieren stocken lossen. Konsitenz soll crémig jiänn. Dann Pann vam Feier hualen an 25 g kaale Botter an 25 ml Rahm ënnerréieren. Direkt zervéieren.
Omlette
Fir Omlette, een Schnatt Botter liit erhëtzen, 3 Eier opschloen, würzen an 25 ml Rahm dobäi schëdden, alles goud mëschen. Eier an d’Pann schëdden an firtischt mol ouni ze réieren op niddreger Hëtzt stocken lossen. Dann mat enger Forschett datt gestockten Ei zur Mëtt zéien. Pann bëssen schwenken, datt sech datt flëssigt Ei rëm verdeelt.
Zoppei
Wie lang soll eent Zoppei kooschen? Eent mëttelgruust Ei (50-55 g), wann et aus dem Frigo kënnt mat kaalem Waasser opsetzen, wann Waasser kooscht 5 Min. Légt Ei net am Frigo dann Waasser firtischt opkooschen loossen fir eent Zoppei brausch et dann 5-6 Min. Et muss äwer siier zervéiert jiänn, well et zéit na no an jëtt dann hart. Du kanns ant Waasser eng Strutz Essig maan, sollt Ei baschten hëleft datt, datt et net su siier aus ausleeft.
Hart Eier
Fir hart gekooschten Eier. D’Eier mat kaalem Waasser opsetzen, wann Waasser kooscht 8-10 Min. D’Eier dono driekt an kaalem Waasser aafschrecken. Eier zéien no an dodurich entsteht dann deen net su schingen gréine Rand rondrëm Eijiäll.
Pochéiert Eier
Waasser kooschen, bëssen Salz dran an eng Strutz Essig. Ei opschloen an ouni et ze klappen ant kooschend Waasser jiän, oppassen datt Eijäll net kapott geht. Mat Hëlef van 2 Läffelen Ei beinneen halen. Ei brausch ongeféier 3 Min. Pochéiert Ei bleift just su lang am Waasser wie Eiwäiss brausch fir Eijäll komplett ze ëmschléissen. dann raus hualen an waarem stellen. Pochéiert Eier kann een o kaal zervéiert
Et kann een Ei o an eng Form jiänn an se dann pochéieren, dann brauschen se äwer mi lang su ëm 10-12 Min.
Ei kann een o su frittéiren, do muss een äwer op zack sen, soss verdeelt sech alles an der Frittös. Hei am besten mat 2 Bräiläffelen schaffen fir Ei beineen ze halen.
Garnituren
Et jiän Béicher voll wie een Eier zoubereeden an garnéiren kann.
No Elsässer Art as z.B. pochéiert Ei mat sauert Mouss an gekooschter Ham, datt Ganzt op engem gebotterten Toast.
- bei der Amerikanischer Art sen et 2 Spéieleier oder frittéiert Eier mat Hummerschwänz mat Zooss Américaine.
- Eier mat Speck, bei 2 Spéieleier Scheiwen Speck brooden. Bei enger Omlett oder Eiertriwel gewürfelte Speck, mat ënnermëschen, oder mat Scheiwen Spéck dékoréiren.
- Omlette oder Eiertriwel kann een mat frëschen Kregder maan, mat Kooschelen, mat Ham, mat Tomaten.
- Eng kleng feierfest Schossel mat Botter ausgeriwen, Tomatenwürfelen ënnendran. 1 Ei drop, an am Schiäffchen oder Bain-Marie pochéiert. zum Schluss na bëssen Tomatenzooss drop as Portugiesisch Art.
- Et kann een 2 Spéieleier mat enger Mornayzooss gratinéieren; bëssen Mornayzooss driwer, geraspelten Kiis gemëscht mat Panéiermiähl, bëssen geschmolzene Botter driwer, an datt Ganzt zur selwischter Zékt kooschen an gratinéiren.
- Eiertriwel jiän z.B. o ganz goud; vermëscht mat am Botter gebroodene Croûtons an bëssen Péitersillich.
- à la Lorraine as; 3-4 Scheiwen Spéck liit aanbrodden an op eng Plaque leen, dënn Scheiwen Gruyére drop leen, an dann 2 Spéieleier do drop schloen, 1-2 EL Rahm driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen färdeg brooden…