Feierigen Paprika-Poulet mat Pasta fresca

Mein Paprika-Poulet mat frëscher Pasta ass eng harmonisch Kombinatioun aus saaftigem Pouletfleesch, enger aromatisch-scharefer Paprikazooss an al dente gekooschter Pasta fresca. Eent Ässen datt die liit mediterran Këchen mat herzhafte Nuancen, déi aan ungarische Gulasch erënnert, mateneen verbënnt.

Fir su eent Ässen hualen ech am léifsten Pollo Fino, die ausgeliesten Pouletstrempelen, sie sen besonnig zart an saaftig an die frësch Pasta hëllt die würzig Zooss perfekt op. Ob als siiert Feierowendässen oder als Highliht aan engem geselligen Owend, dëst Ässen iwerzeecht mat senger einfascher Zoubereedung an sengem vollen Goût.

Werfen mir een Bléck op Zutaten an Zoubereedung

Pollo fino oder Pouletfilet, deen schnégden ech an dënn Sträifen, leen en an eng Schossel an würzen en mat Salz, Päffer an Paprikapolwer. Su loossen ech d’Fleesch stoen bis ech d’Geméiss geschnidden han. De Virdeel van Pollo Fino, en bleift mi saaftig an hat mi Goût wie den Pouletfilet.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn sträifen. Ënnen sen ëmmer eng perfekt Basis fir all herzhaften Menü. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein. Knuawelek brengt die rischtig Würzigkeet an dëst Ässen. De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären en an schnégden en dann an dënn Sträifen.

Dachs muss ech laaschen wann een su am Netz scrollt, wu een dann gesoot krëtt, wie een den Paprika rischtig schnégden soll. Et jiët keen falsch oder rischtig, schnég en wie et dir am besten passt. Fir mein ënneren Monk ze beruhigen probéiren ech ëmmer datt sech keng Kären liesen 😉.

Als ischt setzen ech eent Dëppen goud gesalzend Waasser fir d’Pasta op.

Wann dann alles geschnidden ass, erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualig. Do drann brooden ech d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan. Datt hualen ech raus an leen et op eng Passette. Well ech Pollo fino mat Hokt hualen zéiht ganz vill Fett aus dem Fleesch, an iwerschëssigt Fett soll aafdrëpsen. Bei Pouletfilet muss datt net gemaat jiän.

Firwatt wiärmen ech meng Pann fir? Et spaart Energie an Zékt! Ausserdeem, deemno aus watt fir engem Material deng Pann ass, wie z.B. Inox oder Goss, muss se rischtig gléidig sen befir d’Fett dran kënnt, fir datt dengt Fleesch oder z.B. Eier net aanpëschen.

An der selwischter Pann brooden ech dann op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaerf ze kreien an goud rauschen. Do mëschen ech dann de Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles fir goud 10 Min. op mëttel Hëtzt. Datt läschen ech dann mat bëssen Zitrounensaaft aaf. Du kanns o wäissen Wéng hualen, mais ech fannen Zitrounensaaft mëcht datt Ganzt na mi frësch.

Als nächst schëdden ech Tomate Pelée drop, d’Bëchs fëllen ech dann eng kéier mat Waasser an schëdden datt o mat an d’Zooss. Wanns du fiärdig Bréit has kanns du déi hualen. Tomaten zerdrecken ech mam Holzeläffel an meng Zooss würzen ech mat menger Geméisspast, Oregano, Päffer an Chiliflocken. Wanns du een Hauch BBQ-Flair wëlls kanns du na bëssen gereechert Paprikapolwer ënnermëschen. D’Zooss loossen ech opkooschen, schmaaschen an mëschen d’Fleesch rëm drënner.

Rischt wann Zooss suwegt fiärdig ass –Zooss waart ëmmer op d’Pasta-, an mengt Salzwaasser kooscht, kooschen ech Pasta fresca al dente. Déi brausch net su lang wie anner Nuddelen, kontrolléier hei mi genau d’Aaweisungen op der Tuut stëmmt hei net ëmmer. Pasta schëdden ech aaf an mëschen se ënnert Zooss.

Op Telleren verdeelen, mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéieren an mat frëscher Baguette zervéiren. Evtl. na frëschen Parmesan driwer reiwen.

Tipps aus menger Këchen

  • Broot Fleesch kräftig aan, fir datt et saaftig bleift an Röstaromen krëtt.
  • Frësch Pasta net ze lang kooschen, sie ass an paar Minuten fiärdig.
  • Du kanns egal watt fir eng Pasta hualen, hual einfasch deng Lieblingszort, oder du kooschs dësen Menü mat Reis, sugar Gromperen passen hei dobäi.
  • Du wëlls et net su scharef han? Loss Chiliflocken einfasch fort.

Falls du dëst Rezept nokooschs, so mir wie et dir geschmaascht hat. Ech freie mech ëmmer ze hieren datt meng Rezepter fonktionéiren. Gouden Appetit!

Feierigen Paprika-Poulet mat Pasta fresca

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

20

Minuten
Kooschen

30

Minuten

Zutaten

  • 600 g Pollo fino oder Poulefilet, an dënn Sträifen geschnidden

  • Salz & Päffer

  • 1 TL séisst Paprikapolwer

  • Olivenualig fir ze brooden

  • 1 Ënn, an dënn Sträifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 rugd an 1 jiäll Paprika, an dënn Sträifen geschnidden

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 1 Béchs 400 g Tomate Pelée

  • 300 ml Waasser

  • 2 TL Hausgemaaten Geméisspast

  • 0,5 TL Chiliflocken

  • 1 TL Oregano

  • optional: 0,5 TL gereechert Paprikapolwer

  • 400 g Pasta fresca, alternativ: all Zort Pasta

  • gehackten Péitersilich

  • Optional: frësch geriwene Parmesan

Zoubereedung

  • D’Fleesch leen ech an eng Schossel an mëschen et mat Salz, Päffer an dem Paprikapolwer, su lossen ech et stoen bis ech datt ganzt Geméiss geschnidden han.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Fleesch goldbrong aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch. De Pollo Fino leen ech an Passette fir datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann.
  • Dann setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien an goud rauschen. Dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles op mëttel Hëtzt fir ongeféier 10 Min. Datt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf. Optional: 50 ml wäissen Wéng.
  • Als nächst schëdden ech den Tomate Pelée an d’Waasser drop, würzen meng Zooss mat menger Geméisspast, Päffer, Oregano an Chiliflocken, optional: gereechert Paprikapolwer. D’Zooss loossen ech opkooschen an mëschen dann d’Fleesch drënner. Op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt kooschen bis Pasta mëll ass.
  • Am kooschende Salzwaasser kooschen ech Pasta al dente, déi schëdden ech aaf an mëschen se ënnert meng Paprikazooss.
  • Op Telleren verdeelen an mat gehacktem Péitersilich, optional: geriwenem Parmesan an frëscher Baguette zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*