Gebroodene Nuddelgratin

Stell dir fir, du mëchs dein Frigo op, an du fënns an enger Schossel na Broccoli, an enger Tuut schrumpelig Muurten, an engem Dëppen na paar Kooschelen an een Rest gebroodent Fleesch. An 2 Kömp stinn na gekooschten Nuddelen an op der Këchen Kiischtentomaten, déi o well besser Deeg gesehen han.

Watt aan engem Gratin su genial ass? Alles watt net mi graad su ganz frësch ausgeségt kann do dran verschafft jänn.

Ursprünglich kënnt den Gratin aus Frankreich, wu die Technik vam “Gratinéiren” well ségt dem 17ten Joerhonnert beleift ass. D’Ässen jëtt am Schiäffchen mat Kiiss oder/an Panéiermiähl iwerbaasch bis eng knusperig Kuuscht uawen driwer ensteht.

An mengem Rezept gin ech na een Schratt mi wégt, ech kooschen mengt Geméiss net, ech brooden et, befir ech alles zu engem cremigen Gratin vereenen.

Tipp:

Wanns du lo denks, dës Zutaten passen net zesaammen, denk no! An engem Gratin harmonéiert alles, an et entstinn dachs die besten Kombinatiounen, déi’s du dir virstellen kanns. Ob Pasta, Geméiss, Kiiss oder paar Speckwürfelen – alles fënnt hei sein Platz. Befirs du die nächst Kéier d’Rester entsuarigen wëlls, loss denger Kreativitéit freien Loof an zauber een köstlichen Gratin op den Dësch!

Zutaten fir mein gebroodene Nuddelgratin

An mengem Frigo han ech Broccoli, Muurten, Kooschelen, Zitrounensaaft, gekooschten Nuddelen an gebroodene Poulet. Dann hualen ech na Ënnen, Knuawléck, Kiischtentomaten, Salz , Peffer an italienisch Krégdermëschung. Fir Zooss brausch ech Botter, Miähl, Mëlich, Salz, Peffe an Muskot. Ausserdeem brausch ech na Mozzarella an griwenen Emmentaler. Die nächst Kéier hualen ech äwer rëm Parmesan Gruyère oder Mozzarella, deen schmëscht vill besser.

Fir datt alles gelengt brausch ech eent Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann, eent Dëppen an de Stabmixer.

Zoubereedung

Virbereedung van den Zutaten:

  • De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen an wäschen en grëndlich.
  • Muurten schiälen ech an schnégden se an dënn Scheiwen.
  • Kooschelen botzen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Halefscheiwen.
  • Kiischtentomaten wäschen ech grëndlich, déi lossen ech äwer ganz.
  • D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken se graff.

Zooss zoubereeden

  • An enger Pann erhëtze ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se sching brong sen. dann mëschen ech den Knuawléck an Kiischtentomaten drënner an brooden déi mat, salzen liit, an wann Tomaten aafänken mat baschten fëllen ech alles an eent hiit Dëppechen. Do leen ech den Mozzarella mat dran an püréiren alles fein.
  • Zur gleicher Zéckt wu d’Ënnen brooden erhëtzten ech Mëlich op. Pass op déi verbrennt ganz siier, zemools wanns du an annerwärts beschäftigt bass, fänk mat niddrig bis mëttel Hëtzt aan. An wann dein Roux färdig an aafgekéilt ass, kanns du Mëlich hii driien.
  • Während Mëlich wiäremt, erhëtzen ech an engem Dëppen Botter bis et aafänkt mat spruddelen, an dann mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt fir paar Min. aan. Den Roux stellen ech op Ségt an loossen en aafkéilen.
  • Subal d’Mëlich kooscht, schëdden ech déi op deen aafgekéilten Roux an enner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Dann driien ech Hëtzt raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren an mat Salz, Peffer an Muskot würzen.
  • No der halwer Stonn schëdden ech meng Tomatenmëschung ant Béchamel an erhëtzen alles, schmaaschen an würzen na mat italienischen Krégder an evtl. Salz an Peffer.

Geméiss brooden

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran de Broccoli 4 Min. bis 5 Min. dann mëschen ech d’Muurten drënner an brooden alles fir wégder 5 Min. Geméiss soll na Biss han, salzen an pefferen alles. Datt hualen ech raus an leen et well an die feierfest Form.
  • An der selwischter Pann brooden ech als nächst an bëssen Botterschmalz Kooschelen aan, bis se sching brong gebrooden se, wann déi bis brong sen würzen ech se mat Salz an Peffer an läschen Kooschelen mat bëssen Zitrounensaaft aaf, die ganz Röstaromen sollen jo am Gratin sen. Déi schëdden ech dann bei Geméiss an die feierfest Form.
  • Solls du dëch entscheeden fir Speckwürfelen mat drënner mëschen oder z.B. Wiischtercher déi o aanbrooden.

De Gratin färdig maan

  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • D’Fleesch schnégden ech an kleng Würfelen an mëschen et mat deen gekooschten Nuddelen ënner Geméiss.
  • Zooss driwer schëdden su datt den Gratin baal ganz bedeckt ass.
  • Dann verdeelen ech den Kiiss driwer an setzen den Gratin ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong gebaaschen ass.
  • Ech haat Emmentaler, wees äwer net mi watt ech do genau erwëscht haat, die nächst Kéier hualen ech rem Parmesan, Gruyére oder Mozzarella fir ze iwerbaaschen 😉

Zervéiren

  • Viraam zervéiren den Gratin paar Min. ruhen loossen.
  • Mat frëschem Péitersilich oder Basilikum garnéiert zervéiren. Dobäi passt frësch Baguette an een Komb Zaloot.

Gebroodene Nuddelgratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 400 Nuddelen, gekooscht

  • 2 Ënnen, graff gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, graff gehackt

  • 250 g Mozzarella

  • 500 ml Mëlich

  • 50 g Miähl

  • 50 g Botter

  • 250 g Kiischtentomaten

  • 1 Broccoli, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 2 Muurten, geschiält an dënn Scheiwen geschnidden

  • 200 g Kooschelen, an dënn Scheiwen oder Halefscheiwen geschnidden

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 200 g griwene Kiiss

  • optional: 2 Pouletfilet, gebroden an kleng gewürfelt (oder gebroodene Speck oder Wiischtercher)

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Salz, Peffer, Muskot an italienisch Krégdermëschung

Zoubereedung

  • Zooss zoubereeden
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se sching goldbrong sen. Do mëschen ech dann Tomaten an den Knuawkléck mat drënner an brooden datt mat aan.
  • Wann meng Tomaten bis aafänken mat baschten schëdden ech dës Mëschung an eent hiit Dëppchen, leen den Mozzarella dobäi an püréiren datt Ganzt.
  • Zur gleicher Zéckt setzen ech d’Mëlich op, an erhëtzen se gemellig.
  • An engem Dëppen erhëtzen ech den Botter an wann deen aafänkt mat spruddelen réiren ech d’Miähl drënner, datt réisteren ech kuurz mat aan an setzen den Roux dann op Ségt fir datt een aafkéilen kann.
  • D’Mëlich driien ech hii an subal déi kooscht schëdden ech déi op deen aafgekéilten Roux, ënner stännigem réiren lossen ech Zooss opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Würzen mat Salz, Peffer an Muskot.
  • No der halwer Stonn schëdden ech meng Tomatenmëschung ant Béchamel, erhëtzen Zooss schmaaschen an würzen mat italienischen Krégder an evtl. an Salz an Peffer. Zooss loossen ech op niddriger Hëtzt kooschen bis ech se brausch.
  • Geméiss brooden
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran den Broccoli fir 4 Min. bis 5 Min. Dann mëschen ech Muurten drënner an brooden alles fir wégder 5 Min. Salzen an Pefferen, datt fëllen ech well an die feierfest Form.
  • An der elwischter Pann brooden ech Kooschelen bis se sching brong sen, würzen mat Salz an Peffer an läschen se mam Zitrounesaaft aaf. Datt schëdden ech bei datt annert Geméiss an die feierfest Form.
  • De Gratin färdig maan
  • De Schäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • Ënnert Geméiss mëschen ech na Nuddelen ant Fleesch, dann schëdden ech Zooss drop su datt de Gratin baal ganz bedeckt ass.
  • Als nächst streien ech deen geriwene Kiiss driwer an setzen de Gratin fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong gebaaschen ass.
  • Ech haat Emmentaler, wees o net genau watt ech do erwëscht han, die nächst Kéier hualen ech rëm Parmesan, Gruyère oder Mozzarella, déi schmaaschen vill besser.
  • Gratin zervéiren
  • Noom baaschen den Gratin paar Min. ruhen loossen.
  • Mat gehacktem Pàitersilich oder Basilikum garnéieren an zervéiren. Dobäi passt frësch Baguette an een Komb Zaloot.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*