Gebroodene Reis mat Ei

Gebroodene Reis oder brongen Reis as een typischt asiatischt Ässen aus dem Wok. Durich kräftigt aanbrooden as alles siier gekooscht, ob als aromatisch Beilaag oder gemëscht mat Geméiss, Ei, Fësch oder Fleesch als kompletten Menü.

Op watt muss ech oppassen beim geboodene Reis?

Ech han verschidden Rezepter geliässen mat engem Hiwel voll Zutaten viraan allem fir eng Zooss ze maan, dobäi as datt gar net nigdig. Wichtig as hei den Reis am besten Langkärenreis deen gekooscht muss sen, an komplett ausgekéilt. Datt best Resultat erhällt een, wann een den Reis ausgebreet op engem Teller iwert Nait am Frigo ouni Deckel oder Folie ausdrëchnen lisst.

Gebroodene Reis – einfasch, siier an praktisch

Et as een optimale Menü fir Rester ze verschaffen. Deen gekooschten Reis vam Daag virdraan, eng Paprika déi well paar Deeg am Frigo legt, eng Muurt déi fort muss, Frühlingszwibbelen déi o well besser Deeg gesehen han an Eier déi bestëmmt an all Frigo stinn. Alles jët am Wok gebrooden su datt winig Spull aafällt. Datt Rezept as o ganz einfasch mat Nuddelen ze kooschen.

Zutaten

  • Reis, ech empfehlen dir een Langkärenreis. Jasminreis oder Basmati, Jasmin an Basmati sen Doftreiszorten an han hiren ganz eegenen Aroma an datt ouni Zousatz van kënstlichem Aroma. Jasmin hat mi een bloumigen Aroma an de Basmati mi een nossigen.
  • Knuawléck
  • Geméiss, eng goud Mëschung as Paprika, Courgette, Frühlingszwibbelen an Iärbessen. Eng anner Mëschung wie Broccoli, Choux-fleurs, Muurten an Kooschelen passt o ganz goud. Du kanns su beineen mëschen watt dengt Geméissfasch am Frigo am Angebot hat. Ech han hei just Paprika, Chilischot an Frühlingszwibbelen gehollt.
  • Ualeg fir ze brooden, ech hualen een neutralen Ualeg fir ze brooden, de Sesamualeg notzen ech zum Schluss fir den Menü ze aromatiséiren.
  • Sojazooss
  • Eier
  • Salz an Peffer, mam Salz oppassen, den Reis as jo well gesalzen an Sojazoss as o gesalzen.

Reis zoubereeden

Wie ech huawen well geschriwen han an fir wirklich eent fluffig Resultat ze kreien as et am besten den Reis kann am Frigo richtig ausdämpen an auskéilen. Wann datt lo äwer net Fall as, de Reis kooschen an ausgebreet op engem Teller oder engem Blech op mannst 2 Stonnen ausdämpen an auskéilen loossen.

Geméiss schnëgden

Datt ganzt Geméiss an kleng Würfel schnégden. Chilischot entkären an dënn Sreifen schnégden. De Knuawléck fein hacken.

Brooden

Op enger waarmer Plaque erhëtzen ech den Wok oder eng Pann, do dran erhëtzen ech bëssen Ualeg an schlon d’Eier dran, subal déi aafänken mat stocken réiren ech alles su datt Eiertriwel entsteht, wann déi durich gebrooden sen hualen ech se raus an stellen se op Ségt.

Has du Fleesch oder Fësch deens du wëlls mat drënner mëschen, datt o firischt aanbrooden raus hualen an op Ségt stellen.

Ech erhëtzen dann na eng kéier bëssen Ualeg, an brooden dann de Reis mat deem ganzen Geméiss, Chilischot an de Knuawléck, du kanns hei lo selwer entscheeden ob’s du Frühlingszwibblen direkt mat ënnermëchs oder richt zum Schluss. No 5-6 Min. kräftigem brooden han ech Eier mat den Frühlingszwibblen ënnergemëscht.

Mat Sojazooss, Sesamualeg, Salz an Peffer würzen an alles na fir 2-3 Min. erhëtzen su datt et durich waarem as.

Op watt as opzepassen

Has du lo Geméiss datt zimlech vill Waasser zéiht wie z.B. Kooschelen oder Tomaten déi o eenzel brooden an zum Schluss rëm drënner mëschen. De Reis kann soss matchig jiänn. Genausu kann datt passéiren wann de Reis net richtig ausgekéilt as.

Gebroodene Reis mat Ei

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 400 g Reis

  • 4 Eier

  • 0,5 Botte an dënn Ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 1 entkärten an fein Streifen geschnidden Chilischot

  • 2 entkärt an gewürfelt rugd Paprika

  • 3-4 EL neutralen Ualeg fir ze brooden

  • 2-3 EL Sojazooss

  • 1 EL Sesamualeg

  • Salz an Peffer

Zoubereedung

  • An engem waarmen Wok 2 EL neutralen Ualeg erhëtzen. Eier dran schloen an subal déi aafänken mat stocken réiren an su Eiertriwel maan. Wann déi durich gebrooden sen raus hualen an op Ségt stellen.
  • 2 EL neutralen Ualeg am Wock erhëtzen, de Reis mam Geméiss, der Chilischot an dem Knuawléck fir 5-6 Min. kräftig brooden.
  • Eiertriwel mat den Frühlingszwibbelen ënnermëschen an fir 2-3 Min. erhëtzen su datt alles durich waarem as.
  • Mat der Sojazoss, dem Sesamualeg, Salz an Peffer würzen. Mam Salz oppassen, den Reis as jo well gesalzen an Sojazoss as gesalzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*