Gehacktesbroot am Bläderdeeg

Ech han na nie verstannen, firwatt Gehacktes ëmmer „gerett“ jiän muss. Su wie wann et eent Problem wir. Iwerwürzt, erdränkt an enger Zooss, zesammengehaalen mat dem Inhalt aus den Tiitercher, déi zwar „no Hausgemaat“ heeschen, äwer net dono schmaaschen. Dobäi ass Gehacktes su eent einfascht Produkt. Et mëcht genau datt wat ech him erlauben. An wann een Zekt, Hëtzt an bëssen Respekt investéiert brausch een keng Hëlef aus der Bechs.

Gehacktesbroot ass fir mech genau su eent Ässen. Alldaagskëchen, net unbedingt eent Sonndesässen an o net direkt een Instagram-Star. Äwer eent Ässen, bei deem een miärikt, ob een verstannen hat, firwatt Saaschen fonktionéiren, oder ob alles zesaammen an eng Schossel geschmass juff.

Van wu kënnt datt eigentlich?

Gehacktesbroot oder Gehacktesbroot am Deeg ass een mëtteleuropäischen Dauerbrenner. Hackbroot, Fleeschbrugd, Rouladen, Cevap-Varianten aus dem Balkan, Polpettone an Italien. Iwerall do wu et fréiher Fleesch net am iwerfloss juff, ass et zerklengert, gestreckt, gewürzt an clever verschafft jiän.

De Bläderdeeg ass rischt mi spéit dobäi kommen. Fransiischen Anfloss, die ländlich Këchen, den Wonsch no jiät mi „Feinem“. An su ass aus dem Gehacktesbroot jiät jiän, datt een o Sonndes op den Dësch setzen konnt, an datt, ouni sech ze entschëlligen. Den Deeg hat 2 Aufgaben iwerhollt: de Gehacktesbroot ass net verdrëchent an den Ënnerscheed an den Texturen. Baussen knusperig, bannen saaftig, simpel, äwer effektiv.

Watt sech verännert hat, sen „d’Aafkiirzungen“. Deen fiärdigen Bläderdeeg ass OK. De Cube, fiärdig Gewürzmëschungen an „italienisch Kregdermëschungen“ aus dem Buttik, sen et net. Goût entsteht net durich Polwer, mee durich Technik.

Meng Meenung zu den Zutaten (an friwatt ech jiären domatt nerven)

Ech kooschen frësch. Net aus Ideologie, mee aus Iwerzeechung an Erfahrung. Bechsentomaten schmaaschen no Bechs an sen durich Zitrounensäier, déi fir d’Haltbarkeet dran kann sen, dachs vill ze sauer, an do hëleft o keen Zocker. Deen Berühmte Cube oder Polwer aus dem Glas, schmëcht no Salz an no Hefe. Et kann een alles notzen, äwer dann soll een o éierlich soen, datt een Zekt spart an de Goût opjiët.

An dësem Ässen entsteht den Goût durich:

  • gemellig Ënnen
  • kontrolléiert Hëtzt
  • riit Gehacktes
  • richtigen Kiiss
  • frësch Kregder

Mi brausch et net, manner äwer o net

An menger Këchen

Ech fänken aan mat den Ënnen, déi schiälen ech an hacken se. An enger waarmer Pann lossen ech op niddirg bis mëttel Hëtzt Botter schmëlzen an karameliséiren meng Ënnen. Datt brausch Zekt an kann bis zu 45 Min. dauren, äwer just su krëss du deen feinen séissen zwibbeligen Goût. Sen sie goldbrong läschen ech sie mat bëssen Zitrounensaaft aaf, deen loossen ech ganz ankooschen an salzen liit.

Iwerdeems d’Ënnen karameliséiren, hacken ech den Knuawelek, an mat paar Kären grawem Salz zerreiwen ech deen zu enger Paste. Sen d’Ënnen suwegt fiärdig zéihen ech Pann van der Plaque an mëschen dann de Knuawelek drënner.

Ganz wichtig ass, d’Ënnen mam Knuawelek komplett auskéihlen loossen är se ënnert Gehacktes gemëscht jiän.

Hei denken ech dann o draan fir den Schiäffchien op 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir ze wiärmen.

D’Gehacktes, hei hualen ech meestens Randsgehacktes an datt aus engem bestömmte Grond, datt krëtt een bal bei all Metzler ongewürzt. Ass et gewürzt koofen ech et net, ech well mein Goût dran kreien ouni datt en verfälscht jiët. Allerdings jiän et verschidden Metzler, fir datt Gehacktes an der Kéihlthéik sching rugd bleift maan sie Salz oder Pökelsalz dran, an o datt koofen ech net. Dann koofen ech ischter Stecker Fleesch an maan mengt Gehacktes selwer.

Ënnert mengt Gehacktes mëschen ech die aafgekéihlten Ënnen-Knuawelek-Mëschung, Ei, Salz (denk draan du has well Salz an den Ënnen), schwarze Päffer, bëssen Muskot an bëssen Mostert. Ausserdeem weechen ech eent aalt Brigdchen an bëssen Mëlich an, drecken datt goud aus an mëschen datt mat drënner. Net zevill kniädden just su mëschen datt alles goud verdeelt ass.

Dann mëschen ech frësch gehackten Péitersilich, Bratzelen, bëssen Dill an gerriwene Kiiss drënner.

Gehacktes formen ech dann zu engem Broot an leen en op een Bläderdeeg. Deen rullen ech dann an, su datt d’Flesch komplett am Deeg ass.

Dësen Broot leen ech dann op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech an pinselen mat engem opgeschloenen Ei an. Hei kanns du lo na Sesam, Kümmel oder wie ech Schwarzkümmel driwer streien. Su setzen ech den Broot dann fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchien.

Ass den Broot fiärdig hualen ech raus an loossen en na 5 Min. ruhen är ech en opschnegden an op Telleren verdeelen.

Firwatt datt fonktionéiert

  • Die rii Gehacktesmass bënnt besser, well d’Ei-Protein während dem Garen gerënnt an d’Waasser hält.
  • Karameliséiert Ënnen liweren Zocker, deen herzhaften Goût liwert ouni séiss ze schmaaschen.
  • Zitrounensaaft senkt den pH-Wiärt minimal, Batterheet kënnt net su durich.
  • Knuawelek an der Resthëtzt van den Ënnen verhënnert Schwefelbatterheet.
  • Ech han Comté-Kiiss gehollt, deen schmëlzt crèmig, well en winig Waasser an goud verdeelten Fett enthält.
  • De Bläderdeeg isoléiert, reflektéiert Hëtzt an brengt Textur.

Näist dovaan ass Zoufall. Äwer o net komplizéiert.

Zum Schluss

Dëst Ässen ass keng Aafkiierzung. Et ass o keent Projekt mam Handy an der Hand. Et brausch Zekt. Opmiärksamkeet. An en bëssen Sturheet.

An genau datt ass de Punkt. Goud Ässen passéiert net well een alles weess, mee well een bereet ass, d’Saaschen net aafzekiirzen.

An wann dann een seet, „Firwatt schmëcht datt su ronn?“ Dann weess du, du has näist verstoppt. Du has et einfasch richtig gemaat.

Gehacktesbroot am Bläderdeeg

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Zoubereedung

45

Minuten
Kooschen

35

Minuten

Zutaten

  • Ënnen & Knuawelek
  • 2 Ënnen

  • 2 Ziiwen Knuawelek

  • bëssen Botter

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Salz

  • paar Kären grafft Salz

  • D’Gehacktes
  • 500 g Randsgehacktes

  • 1 Ei

  • 1 aalt Brigdchen

  • bëssen Mëlich

  • 1 TL Salz

  • 1 TL schwarze Päffer

  • 1 TL Mostert

  • bëssen Muskot

  • Kiiss & Kregder
  • ca, 180 g Kiiss

  • 2 EL Péitersilich

  • 2 EL Bratzelen

  • 1 TL Dill

  • Ausserdem
  • 1 Bläderdeeg

  • 1 Ei

  • Optional: Sesamsoom, Kümmel oder Schwarzkümmel

Zoubereedung

  • Ënnen & Knuawelek
  • D’Ënnen schiälen ech an hacken se. An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddirg bis mëttel Hëtzt bëssen Botter, do drann loossen ech d’Ënnen karameliséiren.
  • Iwerdeems d’Ënnen brooden schiälen ech den Knuawelek, hacken en fein an mat paar Kären grawem Salz zerreiwen ech en zu enger feiner Past.
  • Subal d’Ënnen sching goldbrong sen, läschen ech se mam Zitrounensaaft aaf an deen loossen ech ganz ankooschen, salzen d’Ënnen liit.
  • Pann zéihen ech dann van der Plaque an rischt dann mëschen ech de Knuawelek drënner, su verbrennt en net, entweckelt äwer durich die Rest Hëtzt een herrlichen Goût.
  • Komplett auskéihlen loossen, befir d’Ënnen ënnert d’Gehacktes gemëscht jiän!
  • Fir d’Gehacktes
  • Die frësch Kregder wäschen ech an hacken se fein. De Kiiss reiwen ech graff.
  • D’Brigdchen leen ech an bëssen Mëlich an loossen datt opweechen, datt drecken ech goud aus an leen et an eng Schossel.
  • Do drënner mëschen ech d’Gehacktes, mat der aafgekéihlter Ënnen-Knuawelek-Mëschung, dem Ei, de Gewürzer, dem Moster, die gehackten Kregder an de Kiiss, net kniädden just su vill mëschen, datt alles goud verdeelt ass.
  • D’Rull formen & baaschen
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • De Bläderdeeg breeden ech op menger Aarbichtsplaque aus.
  • D’Gehacktes formen ech zu engem Broot an leen deen an d’Mëtt op den Bläderdeeg. Den Deeg klappen ech dann zou, su datt daat ganzt Fleesch angepackt ass. Drecken alles liit fest su datt et während dem Baaschen net opjieet.
  • De Broot leen ech dann mat der Noot no ënnen op eent mat Baaschpapaier ausgeleitent Blech. Deen pinselen ech dann mat opgeschloenem Ei an, an streien optional Sesamsoom, Kümmel oder Schwarzkümmel driwer.
  • Su baaschen ech datt Ganzt ongeféier 35 Min. Sollt de Broot ze donkel jiän, einfasch bëssen Sëlwerpapaier locker driwer leen.
  • Wann den Broot fiärdig ass, raus hualen an ongeféier 5 Min. ruhen loossen, dann rischt schnegden an op Telleren verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*