Ofengemüse mit Dip

Geméiss aus dem Schiäffchen

An der kulinarischer Welt jëtt kau jätt, datt mi sching no ze kucken as, wie Geméiss watt am waarmen Schiäffchen réistert. Et kann een et en “Akt der Alchemie” nennen, bei deem einfasch Zutaten an eng aromatisch Köstlichkeet verwandelt jiänn.

An mengem Rezept van Hogt, laaden ech dech an, den Zauber van Geméiss aus dem Schiäffchen ze erliäwen. Mat enger bonter Mëschung aus verschiddene Geméisszorten an enger aromatischer Mëschung aus Gewürzer, as Geméiss aus dem Schiäffchen net nëmmen jätt fir d’Au, mais o eent gesond Ässen. Eent Ässen datt siier virbereed as an eng delikat Beilaag oder een Hauptplat sen kann. Eent Ässen datt sugar Geméissmuffelen begeesteren kann.

Hual deng Lieblingszorten Geméiss, schmäiss den Schiäffchen an Brand an loss eis gemeinsam antauchen ant Welt vam Geméiss aus dem Schiäffchen.

Ofengemüse

Zutaten

  • Chouxfleurs
  • Brokkelcher
  • Gromperen
  • Muurten
  • Knuawléck
  • Olivenualeg
  • gedrëchenten Thymian
  • gedrëchenten Rosmarin
  • Paprikapolwer
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

De Schiäffchen han ech op 180°C Ëmloft virgewiäremt.

Et steht dir fräi, den Chouxfleurs an kleng Ruussen ze zerdeelen oder an Scheiwen ze schnégden. Muurten an d’Gromperen han ech geschiällt an an Scheiwen van 0,5 cm bis 1 cm geschnidden. Van den Brokkelecher han ech die bausegt Bläder raaf geholt, Stiller aafgeschnidden an se halbéiert.

Datt ganzt Geméiss grëndlich wäschen an goud aafdrëpsen loossen. Am besten sugar na goud drëchen rësselen.

An enger Schossel den Olivenualeg, mam zerriwene Knuawléck, den gedrëchenten Krégder, Salz, Peffer an Paprikapolwer goud vermëschen. Geméiss dran schëdden an alles su vermëschen datt iwerall Olivenualeg an d’Gewürzer verdeelt sen.

Geméiss op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen, dobäi opassen datt Geméiss net zwevill openeen legt. Am waaremen Schiäffchen ongeféier 25 Min. bis 30 Min. baaschen. Zwëschendurich Geméiss eng kéier driien.

Mat frëschen Krégder bestreit engem Dip wie z.B. Tzatziki, Ranchzooss oder enger einfacher Joghurtzoss zervéiren.

Tipps

  1. Kuck datt Geméiss ongeféier an gläichdeck Stécker geschnidden sen.
  2. Suarig dofir datt den Ualeg an Gewürzer goud mam Geméiss vermësch sen, datt o alles Gewürzt as.
  3. Iwerfëll Blech net soss jëtt Geméiss ischter gedënst an net gebrooden.
  4. Heinsdo am Geméiss réiren an et rem auserneen leen, datt et all rondrëm brooden kann.
Ofengemüse

Varianten

Mat den Varianten hualen ech dech mat durich die 4 Joereszéckten, an jänn dir Iddiien watt fir eent Geméiss an watt fir eng Gewürzer datts du hualen kanns.

Wanter

  • Wuurzelgeméiss, wie Muurten, Pastinaken, Navets an Zellerie sen den Wanter frësch.
  • Gromperen sen eent klassischt Wantergeméiss.
  • Die verschidden Kappeszorten, wie rugde an wäissen an d’Brokkelcher han am Wanter Saison.
  • Die verschidden Kürbiszorten wie z.B. Butternut an den Hokkaido.
  • Die verschidden Zorten Ënnen, rugder, jäller, oder wäisser, oder Schalott as o na eng Optioun.

Gewürzer an Krégder mat deens du experimentéiren kanns sen, Rosmarin, Thymian, Salbei, Knuawléck, Paprikapolwer. Mat bëssen gemaahlenem Neelchskapp krëss du bëssen Chrëstdaafstëmmungs an dengt Geméiss.

Fréijoer

  • Wäissen oder gréine Spargel.
  • Artichautherzer, frëscher oder aus der Bëchs sen eng köstlich Ergänzung.
  • Radiesercher sen em Fréijoer besonnëch frësch an brengen bëssen Schäreft mat.
  • Zart jung Muurten, déis du am ganzen mat brooden kanns sen am Fréijoer iwerall erhältlich.

Gewürzer am Fréijoer kannen Basilikum, Péitersilich, Mënz, Bratzelen an Zitrounenthymian sen.

Summer

  • Tomaten sen am Summer besonnich aromatisch an kannen alleng oder an Kombinatioun mat annerem Geméiss gebrooden jänn.
  • Courgetten han am Summer Saison.
  • Paprika, sämtlich Zorten brengen Faaref op dengt Blech.
  • Auberginen, han wie Courgetten den Summer Saison.

Bei den Gewürzer, kanns du mat Basilikum, Oregano, Péitersilich, Mënz an Zitrounenzesten experimentéiren.

Hiärest

  • All Kürbiszorten kanns du mat op dengt Blech leen.
  • Rugd Rommelen, mat hirem eerdigen Geschmaasch an der schinger Faaref.
  • Gromperen passen ëmmer perfekt op eent Blech Geméiss aus dem Schiäffchen.
  • Muurten, brengen niäwent den Rommelen wegder Faarwen ant Spill.
  • Ënnen fir een würzigen Aroma.

Gewürzer am Hiärest kanne Rosmarin, Salbei, Thymian, Knuawléck an Paprikapolwer sen.

Geméiss aus dem Schiäffchen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1 klengen Chouxfleurs an Ruusen zerdeelt

  • 200 g Brokkelcher, gebotzt

  • 2 Muurten, an Scheiwen van 0,5 cm – 1 cm

  • 3 Gromperen, an Schewien van 0,5 cm – 1 cm

  • Gewürzmëschung
  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 2 Ziiwen Knuawléck, zeriwwen oder fein gehackt

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 TL gerëchenten Rosmarin

  • 1/2 TL Paprikapolwer

  • Salz & Peffer no Geschmaasch.

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen.
  • An enger Schossel sämtlich Zutaten van der Gewürzmëschung goud mateneen vermëschen.
  • Geméiss an Schossel bei Gewürzer schëdden an goud vermëschen su datt iwerall Gewürz an Ualeg as
  • Am waarmen Schiäffchen ongféier 25 Min. bis 30 Min. brooden.
  • Heinsdo am Geméiss réiren fir datt et iwerall gebrooden as.
  • Mat frëschen Krégder bestreit an engem Dip wie z.B. Tzatziki oder Ranchzooss zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*