Geméiss vam Grill

Dachs wees een net genau, wie een d’Geméiss om Grill verschaffen soll, soll ech aafänken mat piddelen an Spiessercher maan? Schnibbeelen ech et ze kleng fällt et durich den Grill! Alles eenzel grillen, dofir ass den Grill ze kleng! Ech beschreiwen dir hei wie ech mengt Geméiss zoubereet han.

Grillen ass äwer na ëmmer Fleeschsaasch 😉

Et wees een jo wie et ass beim Grillen, d’Fleesch brutzelt, d’Männer stinn rondrëm den Grill, dranken hiren Béier an d’Frauen rennen rondrëm fir die ganz Zalooten an all datt Rondrëm op den Dësch ze kreien. An den Zalooten wor dann o meestens, datt inzigt Geméiss dran. Irgendwann sen dann su Alu-Schalen opgetaucht mat engem Geméissmix, Paprika, Ënnen, Kooscheln dachs am Knuaweleksualig erdränkt, net schlecht äwer entweeder matschig oder na rii.

Hokt hat d’Geméiss well bëssen mi Courage

An obeemol ass den Wandel kommen. Villäicht durich d’Geschmaaschsknospen, déi sech verännert an, oder einfasch well Lekt wie du an ech gemiärikt han datt o Geméiss vam Grill richtig Spaass mëcht.

Mat Röstaromen, Textur an Faaref brengen sie Villfalt op den Dësch, besonnig aus engem Grillkuaref. Natiirlich klappt datt Ganzt o an den Alu-Schalen, dann äwer déi mat den Lächer.

Geméiss an Kanner

Du kenns et villäicht, du has dir die griisten Méih jiän dengt Geméiss ze schnibbelen, ze marinéiren, alles gegrillt an op Telleren verdeelt an d’Kanner verzéihen Gesiiter, wie wanns du hinnen Spinat mat Zahnpasta zervéiert hätts.

Firwatt eigentlich?

Kanner schmaaschen annëcht. Hir Geschmaachsknospen sen vill mi empfindlich wie beim erwaassene Mënsch, ganz besonnig fir Batterstoffer wie z.B. Broccoli oder Auberginen. Dozou kënnt, d’Kanner verbannen „Geméiss ässen“ dachs mat engem „Muss“ an net mat Genoss. Wann Geméiss ässen ëmmer een Pflichtdeel ass (Äss eng Forschette Geméiss, rischt dann jiët et Dessert), dann ass d’Ënnerbewosstsën su programméiert, datt Geméiss ässen eng Aufgab ass.

Äwer…

Grillen kann datt änneren.

Durich d’Röstaromen karameliséiert deen natriilich enthaalenen Zocker am Geméiss. Eng Aubergine krëtt su rischtig gouden Goût, de Paprika an d’Muurten jiän séiss, eng Courgette jiët… ëhm… sie ass een besonnigen Fall 😉

Am besten ass et, wann d’Kanner hëlefen kannen, Geméiss schnibbelen, marinéiren, villäicht sugar den Grillkuaref rësselen. Dann gehiiert d’Geméiss hinnen an net mi dir!

TIPP aus menger Këchen: Mi hart Geméiss, wie Muurten, Pastinaken, Broccoli brauschen dachs mi lang, wie die zart Kandiaten Courgetten oder Kooschelen. Du kanns déi entweder kuurz am Salzwaasser blanchéiren oder einfasch mi kleng an dënn schnégden wie datt mëllt Geméiss. Su jiët alles zur gläicher Zekt gar, ouni datt Courgette matschig jiët.

Wann d’Salz an den Essig d’Aarbicht iwerhualen

Kuurz een klengen Ëmweeg an d’Wëssenschaft. Dachs jiët d’Ruhen während dem Marinéiren oder Würzen ënnerschätzt.

Wanns du dengt Geméiss mat Salz an Essig, evtl. sugar na bëssen Zocker würz passéiert folgendes:

Osmose

Een natiirlichen Prozesse, bei deem d’Waasser aus den Zellen vam Geméiss gezujien jiët. Zur glächer Zékt zéihen die anner Aromen an d’Zellen vam Geméiss.

D’Ergebnis:

  • Mi mëllt an aromatischt Geméiss
  • Een intensiven Goût van bannen raus
  • Winig Wasserverlost während dem Grillen

Bei der Courgette fonktionéiert datt besonnig goud. Schnég sie an Scheiwen, bëssen Salz an Essig driwer verdeelen, an loss se ongeféier 30 Min. ruhen. Du wärts staunen wie sech Textur verännert. Baal wie een gemellig gegaarten Schwamm, deen van baussen knuspert an van bannen mëll bleift.

Noohaltigkeet vam Grill

Wie dachs land d’Geméiss, datt net mi su frësch ausgesegt am Drecksdëppen? Oder eng halef Courgette schrummpelt am Frigo?

Grillgeméiss kann o hei den Retter sen.

  • Schrumpelig Paprika? Op de Grill domatt.
  • Déi ze gruuss gewaassen Courgette, an dënn Scheiwen geschnidden an Grillchips draus gemaat.
  • Deen halwen Fenchel, deen komischerweis ëmmer iwerig bleift? Jiët karamellig an séiss am Kuaref.

De Prinzip, verwiärten am Platz ze entsuarigen.

D’Geméiss kann o mol den Hauptdarsteller sen

Geméiss vam Grill ass keen modernen Trend. Et ass Deel vam grussen Ganzen, winiger Iwerfloss, mi Wiärtschätzung an mi Kreativitéit wie ëmmer datt selwischt.

Lost krii, jiät auszeprobéiren? Maan dein Frigo op, hual der een Grillkruaref oder eng Alu-Schal. Dachs ass datt Best well do, et brausch nëmmen paar Röstaromen.

Geméiss vam Grill

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

40

Minuten
Kooschen

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Courgette, an Halefronselen geschnidden

  • 2 Paprika, rugd an jiäll, an graff Stécker geschnidden

  • 2 Muurten, an Ronselen geschnidden an fir paar Min. am Salzwaasser blanchéien

  • 200 g Kooschelen, gevéierelt

  • 200 g Kiischtentomaten, ganz geloss

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 3-4 EL Olivenualig

  • 1,5 – 2 TL Salz

  • 1 TL schwarze Päffer

  • 1-2 EL Essig, datt kann normalen Essig, Balsamcio-Essig, Wäissenwéngessig oder Äppelessig sen.

  • 2 frësch Rosmarinäst

  • 2 frësch Thymianäst

  • 2 frësch Oreganoäst

  • 2 Salbeibläder

Zoubereedung

  • D’Geméiss leen ech an gruuss Schossel an vermëschen alles mateneen, do schëdden ech den Olivenualig, den Essig, de Knuawelek, die ganz Krégder an Gewürzer drop. alles goud mateneen vermëschen.
  • Ganz wichtig, d’Geméiss eng halef Stonn ruhen lossen.
  • Dann fëllen ech d’Geméiss an de Grillkuaref oder an eng Alu-Schal an setzen datt op den Grill, äwer net direkt op d’Feier an maan den Deckel zou. Has du keen Deckel op dengem Grill kanns du dengt Geméiss mat Sëlwerpapeier zoudecken.
  • Dozwëchent ëmmer mol rëm dran kucken an d’Geméiss rësselen an driien.
  • Kontrolléier am besten no 15 Min. mat engem Holzspiess oder engem Kniäpchen op dengt Geméiss mëll ass. D’Garzekt hängt ëmmer dovaan aaf wie deck dengt Geméiss geschnidden ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*