gemischter Salat

Gemëscht Zaloot mat Laubenbrezel-Croûtons

Eigentlich wollt ech een Caesar Zaloot maan, leider han ech äwer néirens ordentlichen Réimerzaloot fond su datt et een gemëschten Zaloot mat Caesar-Dressing jëtt. Den gemëschten Zaloot as eng beléift Entrée an kann o mat gegrilltem Poulet oder Scampis als Hauptplat zervéiert jiänn.

Die klassisch Zutaten fir Caesar Zaloot sen:

  • Réimerzaloot, de Réimerzaloot bild Basis van dësem Zaloot, o bekannt als Romana-Salat hat dës Zaloot fest länglich Bläder. En as wegt verbreet an der mediterraner Këchen. Dës Zaloot hat lang gréin Bläder déi richtig knackig sen an een liit batteren Geschmaasch han.
  • Caesar-Dressing, dësen Dressing as eng Mëschung aus enger Mayonnaise aus Olivenualeg, Zitrounensaaft, Worecestershiresauce, Parmesankiis, schwarze Peffer an Salz. Datt jëtt alles mateneen vermëscht su datt een crémigen, herzhaften Dressing entsteht, déi dësen Zaloot opwiärten. An der Originalmëschung sen keng Anchois dran, deen liiten Anchoisdoft kënnt van der Worecestershiresauce.
  • Parmesan, o als Parmigiano-Reggiano bekannt, as een berühmten italienischen Hartkiiss, deen sein Ursprong an der Regioun Parma, Reggio Emilia an Deeler der Provënz Modena, Bologna an Italien hat. Dësen Kiiss jëtt aus Kouhmëlich gemaat an hat eng hart drëchen Textur. De Parmesan as fir sein intensiven, salzigen Geschmaasch an sein nossigen Aroma bekannt.
  • Brugdcroûtons, Croûtons sën kleng, knusperig Stécker aus Brugd, déi dachs als Topping op engem Zaloot oder an enger Zopp verwend jiänn. Sie jiänn mat Botter oder Ualeg an Gewürzer gemëscht an am Schiäffchen knusperig geréistert. Oder an der Pann, dann mat am Botter oder Ualeg gebrooden. Sie déinen dozou enger Zopp oder engem Zaloot, Textur an Geschmaasch zouzeféiren, an deem se een Knusperfaktor bilden.
  • Worecestershiresauce, as eng würzig Zooss, déi an der englischer Këchen wégt verbreet as. Ursprünglich as sie am 19ten Joerhonnert zu Worcester an England entweckelt jiänn. Die genau Rezeptur as natiirlech eent goud gehalent Geheimnis, typischerweis enthält dës Zoss Zutaten wie, Essig, Anchois, Tamarinde, Ënnen, Knuawléck, Gewürzer an Zocker.

Well ech äwer eng bëssen anner Kreatioun maan han ech verschiddenes geännert:

  • Am Platz vam Réimerzaloot han ech Bataviazaloot gehollt. De Bataviazaloot as an vill verschidden Zorten erhältlich, die klassisch gréin Variant, dann jëtt et na die rugd an eng donkel gréin Variant. Bläder sën ähnlich wie beim Eisbergzaloot, äwer mi gréin an net su fest. Dësen Zaloot eegent sech goud fir Zalootmëschungen oder als Basis van verschidden Zalootkreatiounen.
  • am Platz van normalen Brugdcroûtons hualen ech Laugenbrezel, d’Laugenbrezel as eent traditionellt herzhaft Gebäck aus Hefendeeg. Charakteristischt Merkmal van der Laugenbrezel as Behandlung mat Natronlauge befir se gebaasch jëtt, Lauge jëtt der Bretzel hir typisch donkel, blänkisch Kuuscht.
  • Knuawléck, deen brausch keng gruuss Erklärung, Knuawléck as wie een Rockstar an der Këchen – kleng, äwer mächtig! En jëtt dengem Ässen deen richtigen “Biss” an suarigt o na dofir, datt Vampire fortbleiwen. Wanns du Knauwléck ëss, jëtt dein Otem su würzig, datt en wahrscheinlich o anner Mënschen van dir forthällt. Äwer Hey, datt as den Preis fir een absolut köstlichen Geschmaasch an forthalen van Bloudsauger! 😉
  • Schalotten, as eng Ënnenzort, déi zemools an der fransiischer Këchen vill gehollt jëtt, sie kann rii an enger Zalooten oder an verschidden Menüer gekooscht, gedënst oder gebrooden verschafft jiänn. Schalooten sen opgrond van hirem feinen Geschmaasch an hirer Textur su beléift.
  • Kiischtentomaten, as eng kleng, séiss Zort Tomaten. Sie sen entweder ronn oder oval an sen weent hirer séiss saftiger Textur su beléift. Sie eegnen sech goud fir Snack, an Zalooten oder als Beilaag bei verschidden Menüer.
  • Eier
  • Muurten, dëst orangefaarwigt Wonner van der Natur, as wie een Superheld ënner den Geméisszorten, Sie stecht voller wiärtvoll Vitaminen an Mineralstoffer. An wann se geraspelt jëtt verwandelt Muurt sech an Geméiss-Spaghetti – Diva vam Zaloot.

Zoubereedung

Zaloot schnégden ech an mondgerecht Stécker, wäschen se an drëchnen se an der Zalootenschleider, deen leen ech dann an eng Schossel.

De Knuawléck hacken ech graff an zerreiwenen am Mörser.

Knoblauchh

Schalotten schiälen ech, schnégden se durich an schnégden se dann längs an dënn Streifen, datt jëtt eng anner Textur wie wann se einfasch an Halefronselen geschnidden jiänn.

Schalotten

Kiischtentomaten halbéiren ech.

Kirschtomaten

Laugenbrezel schnégden ech an Stecker van ongeféier 1 cm Déckt, déi leen ech an eng Schossel an mëschen se mat 2-3 EL Olivenualeg an der Halschent vam Knuawléck. Datt lossen ech dann ongeféier 15 Min. durichzéien. Verdeelen se dann op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an réisteren se fir 5 Min. am waarmen Schiäffchen bei 220°C knusperig, dozwëschent eng kéier dran réiren am rem auserneenleen. Croûtons kanne natiirlech o an der Pann geréistert jiänn, bëssen Olivenualeg an enger waarmer Pann erhëtzt an Brugd do dran knusperig brooden.

Laubenbrezel
Laugenbrezel

Eier jiänn hart gekooscht, fir die perfekt hart gekooschten Eier ze kreien, Eier mat kaalem Waasser opsetzen, subal Waasser kooscht Plaque ausdriien, Dëppen äwer op der Plaque stoen loossen, den Timer op 10 Min. setzen an dann ënner kaalem Waasser aafschrecken. Déi jiänn dann graff gehackt.

Eier

Muurten schiälen ech an raspelen sen.

Möhren, Karotten

Fir mein Caesar-Dressing, bereeden ech eng Mayonnaise aus Eijiäll, Dijonmostert, Zitrounensaaft Salz, Ualeg an Peffer zou. Ech maan na bëssen Zitrounensaaft dran su datt se bëssen mi flëssig jëtt. Déi würzen ech mat frësch geraspeltem Parmesan, Worecestershiresauce, dem Rest Knuawléck, schwarze Peffer dann schmaaschen ech an maan dann na evtl. bëssen Salz dobäi. Du kanns natiirlech o eng einfasch Mayonnaise aus dem Buttik hualen, déi deet et o.

An dann kënnt alles beieen, den Zaloot, Kiischtentomaten, Eier, Schalotten, Muurten, den Dressing, Laugenbrezelcroûtons, datt jëtt alles mateneen vermëscht op Telleren verdeelt an dann jëtt na Parmesan driwer gestreit.

gemischter Salat

Et kann een natiirlech na gegrilltent oder gebroodent Fleesch oder Scampis mat dobäi leen dann as een ganzen Plat.

Caesar Zaloot mat Laubenbrezel-Croûtons

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Kapp Bataviazaloot (oder o all anner Zort)

  • 2 an Ronseln geschnidden Laugenbrezel

  • 150 ml Mayonnaise

  • Saaft van enger Zitroun

  • 1 TL Woercestershiresauce

  • schwarze Peffer

  • 100 g frësch geraspelten Parmesan

  • 2 zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 2 an dënn Streifen geschnidden Schalotten

  • 100 g halbéiert Kiischtentomaten

  • 2 hartgekooscht an graff gehackten Eier

  • 2 geraspelt Muurten

  • 4 EL Olivenualeg

  • Salz

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 220°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • Laugenbrezel maan ech an eng Schossel, verdeelen den Olivenualeg an Halschent vam Knuawléck an vermëschen alles goud, datt lossen ech ongeféier 15 Min. durich zéien. Leen se dann ausgebreet op eent mat Baaschpapeier ausgeiten Blech an réisteren se fir 5 Min. am waarmen Schiäffchen. Dozwëchent eng kéier dran réiren an rëm auserneen leen.
  • Fir den Dressing mëschen ech Mayonnaise mam Zitrounensaaft, Halschent vam Parmesan, deen rest Knuawléck, Worecestershiresauce, bëssen schwarze Peffer, schmaaschen an dann vielleicht na bëssen Salz dran maan.
  • Zaloot schnégden ech an Mondgerecht Stécker, dann jëtt en gewäsch, an der Zalooteschleider drëchen geschleidert an an eng Schossel geleit.
  • Ënnert Zaloot mëschen ech Tomaten, Schalotten, Eier, Muurten, den Dressing an Laugenbrezelcroûtons.
  • Datt verdeelen ech op Telleren an streien deen Rest Parmesan driwer.
  • Fir een Hauptplat draus ze maan kann een gegrillten oder gebroodend Fleesch oder Scampis dobäi leen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*