Gemëschten Zaloot

Zalooten sen die universell Sproosch van der kulinarischer Welt. Einfasch, villségtig an voll frësch Zutaten! Hogt drigt sech an mengem Artikel alles ëm die gemëschten Zaloot. Eng bont Mëschung aus knackigem Geméiss, déi jidfereen siier Doheem virbereeden kann.

Grondlaag:

besteht am besten aus saisonalen Zalooten, datt kann am Fréijoer Rucola, Spinat oder Mausiierchen sen. Den Summer kannst du Lollo Rosso, knackigen Rémierzaloot oder Icebergzaloot hualen. Bei den Hiärest passen kräftig Zalooten wie Radicchio, Andéiven oder Frisée. An den Wanter hat natiirlech sämtlich Kappeszorten am Angebot, ween do äwer Zaloot well kann op Andéiven zeréckgreifen.

Geméiss:

van Geméiss béiden sech am Fréijoer Spargel, Iärbessen, Radiesercher an Frühlingszwibbelen aan. Den Summer kann mat Tomaten, Cornichon an Paprika punkten an am Hiärest steht Kürbis, rugd Rommelen an Kooschelen zur Verfügung. De Wanter passen goud gebroodent Wuurzelgeméiss wie Muurten an Pastinaken.

Proteinen:

bei den Proteinen hat een natiirlich d’Wiäll ob een mat Fleesch, vegetarisch oder een veganen Zaloot well, do passen gerilltent oder gebroodent Gefligel, hei jiff ech Poulet an Pute ischter am Fréjoer an Summer hualen an Ent oder Gäns ischter den Hiärest oder den Wanter. Gebroodent oder gegrillten Steak. Hartgekooschten Eier, Gekooscht oder geréistert Kicheriärbessen, gekooschten wäiss Bungen, gereecherten oder marinéierten Tofu, gekooschten Lënsen, Scampi, Thon, gebroodene oder gereecherten Saumon…

Kiiss:

hei steht die die ganz Kiiswelt op, wanns du Kiiss op deng Zaloot wells maan hual deen, deen dir am besten schmëscht. Geesekiss, Feta, Gorgonzola, Roquefort, Emmentaler, Gouda, Cheddar, Parmesan, Peccorino, Raclettekiiss, Camembert, Mozzarella, Burrata…

Friischten:

fir een fruuchtigen Geschmaasch kanns du Friischten ënnert deng Zaloot mëschen, hei passen am Fréijoer, Erdbiär. De Summer kommen Hammbiär, Moolbiär an Meloun dobäi. Am Hiärest an den Wanter han mir Äppel, Birren an Drauwen.

Krégder an Nëss:

watt ass eng Zaloot ouni frësch Krëgder wie Péitersilich, Bratzelen, Basilikum, Oregano… All Zaloot kann een natiirlech o mat Nëss verfeinern, wie z.B. geréisert oder net geréistert Walnëss, Pekannëss, Haselnëss, Sonnenbloumenkären, Pinienkären…

Dressing:

ouni deen richtigen Dressing oder Vinägrette jëtt et keng Zaloot, am Fréjoer an Summer schmaaschen am besten liit an erfrëschend Dressingen, während am Härest an am Wanter et o mol een kräftigen Dressing kann sen.

Zobereedung

Den Réimerzaloot han ech an dënn Streifen geschnidden, gewäsch an an der Zalootenschleider gedrëchent.

Tomaten han ech gewäsch, halbéiert an, an dënn Halefronselen geschnidden.

Vam Wirsing han ech die baussegt Bläder raafgeollt, den Stronk raus geschnidden an an ganz dënn Streifen geschnidden, deen han ech mat bëssen Salz an eng Schossel geleit an kräftig durich gekniädd. 30 Min. durich zéien geloss, dann han ech en aafgewäsch an goud ausgedregt.

Cornichon han ech gewäsch an op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden, an eng Sei geleit an mat Salz gemëscht, fir datt Waasser an evtl. Batterstoffer auszéien kannen. Ongeféier 30 Min. durichzéien loossen, dann aafwäschen an goud aafdrëpsen loossen.

Radiesercher han ech gewäsch an op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden, Pass hei op Fanger op.

Frühlingszwibbelen han ech gebotzt an gewäsch an, an dënn Ronselen geschnidden.

Fir Zooss han ech een Mostert-Hunnig-Dressing gemaat.

An als Topping han ech na bëssen frësch geraspelten Parmesan driwer gestreit.

Zervéieren kanns du dës Zaloot mat frëscher Baguette oder wie ech bei eng Tortilla de patatas.

Tipps

  1. Hual frëscht, knackigt Geméiss fir datt best Resultat ze kreien.
  2. Experimentéier mat verschidden Geméisszorten, du kanns näist falsch maan, erlaubt ass datt watt schmëscht.
  3. Fir eng proteinreich Zaloot an een kompletten Menü draus ze maan, kanns du gebroodene Poulet, Saumon oder Tofu driwer verdeelen.

Gemëschten Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 1 Réimerzaloot, an dënn Streifen geschnidden

  • 1/4 Kapp Wirsing, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Cornichon, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 6-7 Radiesercher, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2-3 Tomaten, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 0,5 Botte Frühlingszwibbelen an dënn Ronselen geschnidden

  • 100 g frësch geraspelten Parmesan

  • 150 ml Mostert-Hunnig-Dressing

Zoubereedung

  • De Wirsing an eng Schossel leen, bëssen Salz driwer verdeelen an kräftig durich kniädden. 30 Min. durichzéien loossen, aafwäschen an goud ausdrecken.
  • Cornichon op eng Sei leen, salzen an d’Waasser auszéien loossen, ongeféier 30 Min. durichzéien loossen, aafwäschen an goud aafdrëpsen loossen.
  • Sämtlich Zutaten mam Dressing an enger grusser Schossel mateneen vermëschen.
  • Parmesan driwer streien an mat frëscher Baguette zervéiren, oder wie ech bei eng Tortilla de patatas

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*