Geschmort Kotlette mat Linguine

Wann een Kotletten schmort, soll een net zevill mooer Kotletten hualen, sie sollen eng sching Marmoréirung han an sie kannen o een Fettrand han.

Fir dëst Rezept hualen ech.

  • Schwéngskotletten, du kanns o Kalef oder Schoof hualen.
  • Miähl
  • Muurten
  • Stangenzellerie
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • gréin Paprika oder Peperonata (gréine Spitzpaprika)
  • rugden frëschen Chilli
  • Tomatenpürée
  • Pelati
  • Waasser oder Bréit
  • rugden Wéng
  • gedrëchenten Oregano
  • gedrëchenten Basilikum
  • Parmesan
  • Linguine
  • Peffer & Salz
  • Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden.

Zoubereedung.

Kotletten würzen ech mat Peffer an Salz, an loossen se ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durchzéien.

Iwerdeems schnégden ech Geméiss kleng. Den Zellerie an dënn Ronselen. Muurten an kleng Würfelen. Ënnen an den Knuawléck hacken ech fein. De Paprika an den Chili entkären ech an schnégden se an dënn Streifen.

Kotletten driien ech am Miähl. An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech Botterschmalz oder Olivenualeg an brooden Kotletten kräftig aan. Ech hualen se raus an setzen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech Ënnen, den Zellerie an d’Muurten aan, bis se karameliséiren. Liit salzen. Dann mëschen ech de Knuawléck, de Paprika an den Chili drënner an brooden datt o mat aan.

Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen aan.

Mam rugde Wéng läschen ech datt Ganzt aaf an loossen deen bis op Halschent ankooschen.

Wanns du Béchsentomaten has die Ganz se, maan déi firtischt kléng, entweeder mat engem Messer oder schëdd se an Schossel en zerdréck se mat Fanger. Tomaten jiän dann mat bëssen Waasser oder Bréit bei Geméiss ant Dëppen geschott. Opkooschen loossen, schmaaschen an mat Salz, Peffer, Oregano an Basilikum würzen.

Kotletten ant Zooss leen, an mat Deckel am virgewiäremten Schäffchen bei 200°C Grad ongeféier 1 Stonn schmoren loossen.

Iwerdeems Salzwaasser opsetzen an kooschen loossen. Linguine no Packaaweisung al dente kooschen. No der Halschent van der Kooschzéckt 1 gruuss Tass Nuddelwaasser raus hualen.

Subal Nuddelen färdeg sen, aafschëdden, an deem selwischten Dëppen bëssen Botter oder Olivenualeg erhëtzen. Nuddelen ënnermëschen an Hëtzt van der Plaque op niddreg driien oder ausschalten. Bëssen Nuddelwaasser drop schëdden, goud réiren. Dann Paar Zoppeläffel Zooss van den Kotletten ënnermëschen. De Parmesan ënnermëschen an su lang kräftig réiren bis deen ganz geschmolz as.

Op een Teller oder an eng gruuss Schossel schëdden, Kotletten drop leen, evtl. na bëssen Zooss op Fleesch an zervéiren.

Geschmort Kotlette mat Linguine

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Kotletten

  • bëssen Miähl

  • Botterschmalz oder Olivenualeg

  • 1 Stang an dënn Ronselen geschnidden Zellerie

  • 1 kleng gewürfelt Muurt

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 entkärt an kleng geschnidden rugd Chilischot

  • 2 entkärt an kleng geschnidden gréine Spitzpaprika oder 1 gréin Paprika

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 250 ml rugde Wéng

  • 800 g Pelati (2 Béchsen)

  • 250 ml Waasser oder Bréit

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Basilikum

  • 100 frësch geraspelten Parmesan

  • Peffer & Salz

  • 500 g Linguine

Zoubereedung

  • Kotletten mat Salz an Peffer würzen, ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durch zéien loossen. Dann am Miähl driien.
  • De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann, Botterschmalz oder Olivenualeg erhëtzen an Kotletten kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen Muurten, d’Ënnen an den Zellerie aanbrooden, an karameliséiren loossen. Liit salzen.
  • De Knuawléck an den Paprika ënnermëschen an mat brooden.
  • Tomatenpürée ënnerréiren an aanbrooden.
  • Mam rugde Wéng aafläschen an bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Tomaten ant Waasser drop schëdden an opkooschen loossen. Schmaaschen an mam Oregano, Basilikum, Peffer an Salz würzen.
  • Kotletten ant Zooss leen, an mat Deckel am waarmen Schiäffchen ongeféier 1 Stonn schmoren.
  • Iwerdeems Salzwaasser opsetzen an Linguine no Packaaweisung als dente kooschen. No der Halschent van der Zéckt 1 gruuss Tass Nuddelwaasser raus hualen.
  • Nuddelen aafschëdden an deem selwischten Dëppen bëssen Olivenualeg oder Botterschmalz erhëtzen. Plaque op niddreg Hëtzt raaf driien oder ausschalten.
  • Bëssen Nuddelwaasser drop schëdden goud réiren. Dann 3-4 Zoppenläffel Zooss van den Kotletten ënnerréiren. De geraspelten Parmesan ënnerréiren. Kräftig réiren bis den Kiiss ganz geschmolz as.
  • Op een Teller, oder an eng gruuss Schossel schëdden. Kotletten drop leen an zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*