Gréinspargel-Poretten-Zopp

Bei eis an Mëtteleuropa hat ëmmer na deen wäissen Spargel Naas vir. Deen gréinen as äwer o net ze ënnerschätzen. Den Ënnerscheed as datt deen gréinen iwert dem Buadem wiist. Während sein Brouder am Buadem wiisst, su datt gar keng Sonn an en kënnt an en su keng gréin Faaref bilden kann.

Am vergläich as deen gréinen Spargel mi kräftig an herzhaft am Geschmaasch. An et hat een bëssen manner Aarbicht mam gréine Spargel, datt holzigt Enn fortschnégden an et brausch een just deen enischten drëttel ze schiälen.

Fir dës Zopp hualen ech:

  • gréine Spargel
  • datt gréint van den Poretten
  • Botterschmalz
  • Knuawléck
  • Geméissbréit oder wann een na Spargelwaasser hat kann een datt hualen
  • Thymian
  • Salz & Peffer
  • Rahm oder sauer Rahm
  • paar Scheiwen Brugt

Zoubereedung

Wie ëmmer fänken ech mat der Mise en place aan. Ech schnégden Poretten kleng an wäschen se grëndlich ënner kaalem Waasser.

Dann schnégden ech datt holzigt Enn van den Spargelen aaf, schiälen se an schnégden se kleng. Grëndlich ënner kaalem waasser wäschen. Paar Spargelspëtzen fir Garnitur haalen, déi am Salz-Zitrounenwaasser bëssfest kooschen.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en kleng.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech den Botterschmalz an brooden Poretten do dran aan. Sie sollen leng Faaref aanhualen.

Subal déi aangebrooden sen mëschen ech den Knauwléck drënner, deen o paar Minuten mat brooden.

Dann mëschen ech den Spargel drënner an brooden deen o aan. Würzen en mat Salz, Peffer an Thymian.

Als nächst schëdden ech Bréit drop an loossen se opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an loossen datt Ganzt ongeféier 30-35 Min. kooschen. Kontroléiren dann op Spargelen goud mëll sen.

Zopp püréiren an durich eng Passette streichen.

Zopp setzen ech zereck op Plaque, erwiärmen se. Schmaaschen an evtl, noowürzen.

Zum Schluss mëschen ech Rahm drënner.

Op Brugd, Botter oder Olivenualeg schmiären, Parmesan driwer streien an am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad iwerbaaschen.

Gréinspargel-Poretten-Zopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz

  • 300 g kleng geschniddent Porettegréin

  • 750 g kleng geschniddene gréine Spargel

  • 4 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 5 Thymianäst oder 2 TL gedrëchenten Thymian

  • 750 ml Bréit

  • Salz & Peffer

  • 150 ml Rahm

  • 4 Scheiwen wäisst Brugt

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen Botterschmalz erhëtzen. Poretten aanbrooden ouni datt se Faaref aanhualen.
  • De Knuawléck ënnermëschen an mat brooden.
  • Spargelen ënnermëschen an mat brooden. Mat Salz, Peffer an Thymian würzen. Haal paar Spargelspëtzen fir Garnitur raus, déi dann am Salz-Zitrounenwaasser bëssfest kooschen.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an mat Deckel ongeféier 35 Min. kooschen.
  • Zopp püréiren an durich eng Passette streichen.
  • Zereck ant Dëppen schëdden an wiärmen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Rahm ënnerréiren.
  • Brugd mat Botter oder Olivenualeg bestreichen bëssen Parmesan driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*