Griechischen Geméiss”döner”

Hello Foodies 😉 , Hogt hualen ech dech mat an die köstlich Welt vam Streetfood – an zwar mat engem leckeren, hausgemaaten griechischen Geméiss”döner”! Den Döner Kebab hat eng lang an faszinéirend Geschicht, déi bis an datt osmanischt Reich zeréckreecht. Ursprünglich ass den Döner een Fleeschmenü, äwer hogt han ech den Döner bëssen nei interpretéiert an ech präsentéiren dir meng vegetarisch Variant.

Dësen griechischen Geméiss”döner” ass net nëmmen eng gesond Alternativ, mais o zimlich villségtig an voller Aromen an Texturen. En lisst sech ganz einfasch dengem Geschmaasch aanpassen an eegent sech fir eent siiert Ässen no engem langen Daag.

Zutaten fir mein Geméiss”döner”

Hei has du die frei Wiäll, erlaubt ass datt watt schmëscht. Ech han Fladenbrugt oder Tortillas, Courgetten, rugden Spitzpaprika oder normalen Paprika, Kooschelen, Kiischtentomaten an Ajvar aus dem Buttik matbreit. Fir Zooss oder den Dip han ech na Joghurt an Mayonnaise matgehollt. Doheem han ech Ënnen an Knuawléck. Fir deen richtigen Geschmaasch, brausch ech Olivenualeg, Chiliualeg oder Chiliflocken, Zitrounensaaft, Oregano, Salz an Peffer.

Fir datt mein Menü gelengt, brausch ech eent Schnégdbrett, eent Schareft Messer, eent mat Baaschpapaier ausgeleiten Baaschblech an eng Mandoline.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.

Courgetten an den Paprika wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, Courgetten schnégden ech an Würfel. De Paprika entkären ech an schnégden en an graff Stécker. Kooschelen botzen ech an deemno wie gruuss datt se sen schnégden ech se an véirel oder halbéieren se. Kiischtentomaten wäschen ech grëndlich an loossen se ganz. Geméiss leen ech an eng gruuss Schossel.

An enger klenger Schossel mëschen ech Olivenualeg, Chiliualeg, Zitrounensaaft, Oregano, Salz an Peffer. Dës Mëschung schëdden ech iwert Geméiss an vermëschen alles goud mateneen. Geméiss verdeelen ech om Baaschblech, su datt et net zeill openeen legt an setzen et fir ongeféier 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems Geméiss am Schiäffchen steht, mëschen ech Joghurt mat der Mayonnaise, dem Knuawléck, Salz an Peffer.

D’Ënnen schiälen ech an op der Mandoline schnégden ech se an dënn Ronselen.

Fladenbrug halbéiren ech an schnégden en et op, no ongeféier 15 Min. leen ech d’Brugd op d’Geméiss, drecken et bëssen fest su datt deen ausgetroddenen Saaft vam Geméiss, vam Brugd opgehollt jëtt.

Geméiss mam Brugd hualen ech aus dem Schiäffchen. Op die ënnischt Halschent vam Brugd verdeelen ech bëssen Ajvar, Ajvar ass eng türkisch Paprikapast, déi een an verschidden Schiäreften am türkischen Buttik ze koofen krëtt. Ech han vir mein Menü die mëll gehollt. Dann verdeelen ech Geméiss om Brugd, als nächst leen ech d’Ënnen drop an verdeelen den Joghurt-Dip driwer. Dann klappen ech den Döner mat der annerer Halschent zou an Gouden Appetit!

Wëlls du et an enger Tortilla oder Wrap anrullen, verdeel op der Tortilla bessen Ajvar, dann Geméiss, d’Ënnen an den Joghurt-Dip, dann kanns du datt Ganzt anrullen.

Varianten

Du kanns dësem Döner ganz einfasch Protein zouféiren, andeems du gewürfelten Tofu mam Geméiss an den Schiäffchen setz. Oder du mëchs gekooschten Kischeriärbessen mat ënnert Geméiss an réisters déi mat.

Genausu kanns du am Platz vam Ajvar, Hummus hualen, watt een nossigen Geschmaasch mat brengt.

Hëlls du Guacamole, Salsa an frësch Jalepeños sen mir an der mexikanischer Këchen.

Griechischen Geméiss”döner”

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 2 Fladenbrugd oder 4 Warps

  • 2 Courgetten, gewürfelt

  • 250 g Kooschelen, je no Griist halbéiert oder gevéirelt

  • 250 g Kiischtentomaten

  • 3 Paprika, Faaref ass egal

  • Gewürzer
  • 3 EL Olivenualeg

  • 3 EL Chilualeg, alternativ 0,5 TL bis 1 TL Chiliflocken

  • 1 Ziif Knuawkéck, gehackt

  • 1 TL Salz

  • 1 Tl schwarze Peffer

  • 1 EL Oregano

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Fir den Joghurt-Dip
  • 150 g griechischen Joghurt

  • 2 EL Mayonnaise

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • Salz

  • Peffer

  • Fir Garnitur 1 Ënn, op der Mandoline an Ronselen geschnidden

  • 4 EL – 6 EL Ajvar

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft fir.
  • Den Olivenualeg, Chiliualeg, Knuawléck, Zitrounensaaft, Oregano, Salz an Peffer vermëschen ech.
  • Geméiss leen ech an eng Schossel an schëdden Gewürzmëschung driwer, vermëschen alles goud mateneen, an verdeelen Geméiss op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech. Datt setzen ech fir ongeféier 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • D’Fladenbrugd halbéiren an opschnéden, mat der opgeschniddener Ségt op Geméiss leen an bëssen fest drécken su datt Brugd datt ausgetroddent Saaft ophualen kann.
  • Fir den Joghurt-Dip
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen.
  • Op deem ënnischten Deel vam Brugd bëssen Ajvar verdeelen, Geméiss drop leen, dann déi an Ronselen geschnidden Ënnen an zum Schluss den Joghurt-dip driwer verdeelen.
  • Zouklappen an gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*