Gromperen-Gehacktespann mat Spitzkappes

Mengt Rezept fir Gromperen-Gehacktespann mat Spitzkappes ass eent einfascht an köstlicht Ässen. Mat nëmmen 3 Hauptzutaten zauberst du eent einfascht an deftigt Ässen op dein Dëch.

Spitzkappes an enger Pann mat bëssen Botter gebrooden, liit karamelsiséiert, gewürzt mat bëssen Muskot, Salz an Peffer, äwer just su lang datt Bläder ëmmer na bëssen Biss han, einfasch an köstlich.

De Spitzkappes ass iwerigens zimlich gesond mat engem hiien Vitamin C an Zink Gehalt an die vill Balaststoffer haalen Verdauung an Schwong. Trotzdeem ass en bekömmlich an enthält ausserdem eng gruuss Portioun sekundär Planzestoffer, déi eisen Körperzellen goud doen. Datt han ech natiirleich alles nogeliäsen, mi einfasch an fir datt jidfereen et versteht – Spitzkappes ass gesond an lecker an dofir soll en gäss jiän!

Den Spitzkappes deen ech Hogt verschaffen kënnt aus deem eegene Gaart, den Spitzkappes gehiiert net wie anner Kappeszorten zum Hiärest- oder Wantergeméiss. Regionalen Spitzkappes hat van Mai bis Juni Saison, watt en zu engem Fréijoersgeméiss mëcht.

No Geféil kooschen

Ech han fir dëst Rezept keng fest Grammzahlen an o keng Zéckten, ech han ganz no Geféihl gekooscht, an su wie ech mengen datt et passt. Ech han van menger Mamm 2 kleng Spitzkappes krii an well se aus dem Gaart kommen kann et ëmmer virkommen datt na deen een oder anneren Bewaaner dran ass. Firtischt han ech mol die baussegt Bläder raaf gepleckt, dann han ech en an Véirel geschnidden an zum Virscheng ass eng sching gréin Raup kommen 😉 . De Kappes han ech dann an breet Streifen geschnidden an gewäsch. Mi Bewaaner woren äwer net dran.

Gromperen hualen ech o no Geféil, et hängt ëmmer vam Iddi aaf an op wievill Gromperen ech Lost han. Déi han ech gewäsch an, an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm geschnidden, dann halbéiert, mat Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg vermëscht an am waarmen Schiäffchen bei 180 °C Ëmloft sching goldbrong gebaasch. Du kanns Gromperen o ganz einfasch am Salzwaasser kooschen, se dann kleng schnégden an ënnermëschen.

Als nächst han ech eng Ënn geschiält an gehackt, de Knuawléck han ech o geschiält an fein gehackt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen aan, déi lossen ech op mëttel Hëtzt goldbrong karameliséiren.

Iwerdeems d’Ënnen brooden erhëtzen ech an enger annerer waarmer Pann bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gehacktes grimmelig aan, datt würzen ech mat Salz an Peffer, wann datt durich gar ass, stellen ech et op Ségt bis ech et brausch. Du kanns gemëschtent Gehacktes hualen oder rengt Randsgehacktes.

Subal d’Ënnen goldbrong sen mëschen ech den Knuawléck drënner an wann deen aafängt mat rauschen schëdden ech den Kappes mat ant Pann, deen brooden ech mat aan bis en aafänkt bëssen Faaref ze kreien an würzen mat Salz, Peffer an bëssen Muskot. Dann schëdden ech bëssen Bréit drop an mat Deckel loossen ech den Kappes ongeféier 15 Min. op niddriger Hëtzt dënsten.

Als nächst mëchen ech Gehacktes an Gromperen drënner an wiärmen alles. Datt han ech op Telleren verdeelt an mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiert.

Eng Zooss han ech net mat gekooscht, die meest Bréit wor o verkooscht mais de Menü wor absolut net drëchen. Wanns du dës Pann léiwer mat Zooss has, kanns du bëssen Schmand drop schëdden oder bëssen Sauerrahm ënnermëschen. Du kanns o Schmand mat Joghurt mëschen, kuck einfasch watt dein Frigo am Angebot hat!

Gromperen-Gehacktespann mat Spitzkappes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

35

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gromperen, an dënn Halefscheiwen geschnidden

  • 2 EL – 3 EL Olivenualeg

  • 1 gruusen oder 2 kleng Spitzkappes, an breet Streifen geschnidden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 150 ml Geméissbréit

  • 400 g Gehacktes

  • Salz

  • Schwarze Peffer

  • Muskot

  • frësch gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen.
  • Gromperen mëschen ech mam Olivenualeg Salz an Peffer an baaschen se am waarmen Schiaffchen an ongeféier 35 Min. durich mëll an goldbrong.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen an loossen se karameliséiren.
  • An enger annerer waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Gehacktes grimmel, datt würzen ech mat Salz an Peffer, wann datt durich gar ass, stellen ech et op Ségt bis ech et brausch.
  • Subal d’Ënnen karameliséiert sen mëschen ech den Knuawkléck drënner an wann deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Kappes mat ant Pann. Deen brooden ech mat aan bis en aafänkt Faaref ze kreien.
  • Dann schëdden ech d’Bréit drop an loossen den Kappes op nidriger Hëtzt mat Deckel ongeféier 15 Min. dënsten. Den Kappes würzen ech mat Salz, Peffer an bëssen Muskot.
  • Als nächst mëchen ech d’Gehacktes an d’Gromperen drënner, erhëtzen alles.
  • Viraam zervéiren streien ech na bëssen frësch gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*