Gromperzaloot griechisch Art

Gromperzaloot zällt well ségt Generatiounen zu engem van deen meest preparéierten Ässen an sie duraref op kengem Buffet oder beim Grillen fehlen. Et jiänn suvill Variatiounen wie et Goûten jiänn.

An deen ischten wëssenschaftlichen Beschreiwungen van der Gromper jëtt well op Zoubereedung mat Essig an Ualeg hingewisen. Datt älst bekannte Gromperenzalootrezept stammt aus dem Joer 1633. Ähnlich Rezepter sen ëm 1800 an anneren Kooschbéicher opgetaucht.

Klassisch mat Speckwürfel, Schalotten, Eier, Cornichon mat enger Vinäigrette op Ualegbasis, déi iwert die waarem Gromper geschott jëtt. Enger Zooss aus Mayonnaise oder eng Zooss aus enger Bréit, su kennen mir hei Gromperzaloot.

Gromperzaloot richtig zoubereeden.

Fir eng Gromperzaloot, jiänn am besten festkooschend Gromperen gehollt. Déi jiänn entweder mat der Schaal oder ouni am Salzwaasser mëll gekooscht.

Allgemeng gëllt: Nodeems Gromper gekooscht as, jëtt se geschiällt, an Scheiwen geschnidden an mat allen wégderen Zoutaten vermëscht.

Bereed deng Gromperzaloot well een Daag am viraus vir, su han Gewürzer, Krégder an Zooss genou Zéckt fir durich Gromper ze zéien.

Verwendung

Gromperzaloot as weent senger villfalt an Zoubereedungsarten eent beléiften Ässen. Dachs existéiren Familjienrezepter, déi iwer Joerzéinten benotzt an viraan verjiäreft jiänn. Mat eent van deen beléifsten Ässen as Gromperzaloot mat Wiischtercher.

Griechischen Joghurt

Viraan Joeren wor deen grischischen Joghurt eng Raritéit, Hogt fënns du en all Buttik.

Mat engem Fettgehalt van 10% as en mi Gehaltvoll wie die meesten handelsüblich Joghurten, datt mëscht dësen Joghurt besonnech crèmig an vollwiärtig. Die crèmig Konsistenz van dësem Joghurt lisst sech op deen mi langen fabrikatiouns Prozess, bei deem Molke ganz gemellig vam Joghurt aafdrëps, zeréckféiren.

“Griechische Joghurt” as eent geschützt Produkt an duaref sech just su nennen wann en o an Griechenland produzéiert as. All anner Zort muss sech als “Joghurt – grieschisch Art” bezeechnen.

Fri dësen Gromperzaloot brausch ech:

  • Gromperen
  • Schalotten
  • frëschen Meerrettich, du kanns natiirlech o Meerrettich aus dem Glas hualen.
  • wäisse Kappes
  • Dill
  • Péitersilich
  • Gewürzcornichons
  • grieschischen Joghurt oder Joghurt – grieschisch Art
  • Dijon Mostert
  • Knuawléck
  • Herbes de Provences
  • optional: Essig van den Cornichons

Zoubereedung

Gromperen kooschen ech an der Schaal, fir mëch as datt die eenzig richtig Zoubereedung fir eng goud Gromperzaloot 😉 .

Iwerdeems déi kooschen, hacken ech den Dill, den Péitersilch, den Knuawléck, d’Schalott an Cornichons kleng.

De Kappes huwelen ech ganz fein op der Mandoline.

De Meerrettich raspelen ech ganz fein.

Gromperen schëdden ech aaf, schiälen se an schnégden se an Scheiwen.

Fir Zooss: dofir mëschen ech den Joghurt mam Mostert, bëssen Peffer, Salz an Herbes de Provences.

Als nächst mëschen alles watt ech kleng gehackt han, den Kappes an den Meerrettich an dës Zooss. Gromperen hiäwen ech drënner an setzen Zaloot zougedeckt fir paar Stonnen an den Frigo.

Schmaaschen an evtl. bëssen Essig van den Cornichons ënnerréiren.

Eng Gromperzaloot, scharef an erfrëschend durich den Meerrettich, mat engem Goût van Kappes, Dill, Péitersilich an Knuawléck, een Genoss.

Gromperzaloot griechisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Zoubereedungszéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg festkooschend Gromperen

  • 1 gehackten Schalott

  • 50 g frësch geraspelten Meerrettich

  • 100 g fein gehuwelten wäissen Kappes

  • 30 g gehackten frëschen Dill

  • 60 g gehackten frëschen Péitersilich

  • 4 gehackten Gewürzcornichons

  • 3 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 300 g griechischen Joghurt oder Joghurt – grieschisch Art

  • 1-2 TL Dijon Mostert

  • Peffer & Salz

  • 1 TL Herbes de Provences

  • optional: Essig van den Cornichon

Zoubereedung

  • Gromperen an der Schaal mëll kooschen, aafschëdden, schiälen an Scheiwen schnégden.
  • De Joghurt mam Mostert, Salz, Peffer an Herbes de Provences mëschen.
  • Schalott, Meerrettich, Dill, Péitersilich, Kappes, Cornichons an Knuawléck ënnert Zooss mëschen.
  • Gromperen ënnerhiäwen, zougedeckt paar Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
  • Schmaaschen evtl. bëssen Essig van den Cornichons ënnerréiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*