Hausgemaaten Andalouse

Andalouse, mir kennen se all, een Klassiker aus der belscher Këchen, deen ideal als Dip, bei Fritten oder als Begleeder zu Fleesch oder Sandwich eegent. Dësen Dip vereent frëschen Paprika, Ënnen, Knuawelek, Tomatenpürée an Gewürzer. Obwohl hiren Naam spanisch klengt ass se an der Belsch erfond jiän, an ass do, genausu wie hei een festen Bestandeel van der Fast-Food-Kultur. Hir opfällig orange-rugd Faaref verdankt sie dem Paprika an dem Tomatenpürée. Sie ass crèmig äwer net déckflëssig, watt sie als idealen Dip oder Zooss op engem Sandwich mëcht.

D’Andalouse ass eent Symbol van der belscher Streetfood-Kultur an jiët dachs als onverzichtbaren Bestandeel van engem richtigen „Fritten-Erliäfniss“ aangesehen.

Zutaten fir meng hausgemaaten Andalouse

  • Mayonnaise: D’Basis van dëser Zooss ass Mayonnaise, sie suarigt fir die crèmig Konsistenz. Natiirlech han ech o d‘Mayonnaise selwer gemaat.
  • Tomatenpürée: Deen jiët der Zooss hir charakteristisch Faaref an eng liit Säier.
  • rugden an gréine Paprika: Frësch an aromatisch; jiët deen rugden Paprika een fruuchtigen Goût, während deen gréinen herb Nuance matbrengt.
  • Ënnen: an der fiärdiger Andalouse jiët Zocker verschafft. Durich d’Aanbrooden an karameliséiren van den Ënnen krëtt dës Zooss een séissen Zwibel-Aroma.
  • Knuawelek: suarigt fir Würzigkeet an eng liit Schiäreft.
  • Zitrounensaaft: den Zitrounensaaft hiäft d’Aromen
  • greechert Paprikapolwer: verstiärikt den Paprikaaroma an brengt liit Reecheraromen mat.
  • Ualeg: fir ze brooden
  • Salz an frësch gemahlene Peffer: fir d’Zooss aafzeschmaaschen
  • optional: Cayennepeffer oder Espelette-Peffer, domatt kanns du d’Schiäreft ganz dengem Goût aanpassen.
  • Aus Eijäll, Zitrounensaaft, Dijon-Mostert, Salz, Peffer an Ualeg preparéiren ech eng Mayonnaise, alternativ kanns du äwer o op eng färidig Mayonnaise zereckgräifen.

Zoubereedung

  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles fein.
  • de Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Ualeg, do dran brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles op niddirg bis mëttel Hëtzt bis et mëll ass. Wann alles mëll ass, läschen ech datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen. Dann mëschen ech datt gereechert Paprikapolwer drënner an réisteren datt nëmmen kuurz aan.

Datt loossen ech komplett auskéilen fëllen et dann an een Blender oder eent Dëppchen an püréiren alles zu enger feiner Past.

Aus Eijäll, Zitrounensaaft, Dijon-Mostert, Salz, Peffer an Ualeg bereeden ech d‘Mayonnais zou. Alternativ kanns du äwer o op eng färdig Mayonnaise zeréckgräifen.

An enger Schossel mëschen ech d’Mayonnaise mam Tomatenpüre, der Paprikapast an würzen mat Salz an Peffer. Optional passen ech d’Schiäreft na mat Cayennepeffer oder Espelette-Peffer aan.

Tipps

  1. Falls du keen Püréierstaaf oder Blender has kanns du den Paprika mat enger Forschette kleng tripsen an alles durich eng Passette sträichen.
  2. Selwer gemaaten Mayonnaise hiäft d’Andalouse natiirlich op een ganz anneren Level.
  3. Du kanns d’Schiäreft van der Zooss ganz denge, Goût aanpassen, mat Cayenne- oder Espelette-Peffer oder du mëchs na zousätzlich bëssen Dijon-Mostert drënner.

Andalouse Zooss

Schwierigkeit: einfasch
Virberreedungszékt

15

Minuten
Kooschzékt

40

Minuten

Zutaten

  • Ualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, graff gehackt

  • 0,5 rugden Paprika, gewürfelt

  • 0,5 gréinen Paprika, gewürfelt

  • 1 Ziif Knuawelek, gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 1 EL gereechert Paprikapolwer

  • 250 g Mayonnaise

  • 45 g Tomatenpürée

  • Peffer & Salz

  • Optional: Cayennepeffer oder Espelette-Peffer

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Ualeg, do dran brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles op niddrig bis mëttel Hëtzt bis et mëll ass. Wann alles mëll ass, läschen ech datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf an loosen deen ganz ankooschen. Dann mëschen ech datt gereechert Paprikapolwer drënner an réisteren datt nëmmen kuurz aan..
  • Datt loossen ech komplett auskéilen fëllen et dann an een Blender oder eent Dëppchen an püréiren alles zu enger feiner Past.
  • Aus Eijäll, Zitrounensaaft, Dijon-Mostert, Salz, Peffer an Ualeg bereeden ech d‘Mayonnais zou. Alternativ kanns du o op eng färdig Mayonnais zeréckgräifen
  • An enger Schossel mëschen ech d’Mayonnaise mam Tomatenpüre, der Paprikapast an würzen mat Salz an Peffer. Optional passen ech d’Schiäreft na mat Cayennepeffer oder Espelette-Peffer aan.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*