Chicken Nuggets gehiiren zu engem van deen beléiftsten Comfort-Food-Klassiker. Baussen knusperig, bannen saaftig dobäi Dips, Gromperen oder/an Zaloot. Selwergemaat schmaaschen sie äwer meestens däitlich besser, wie wann se aus der Systemgastronomie kommen. An du bestëmms selwer iwer Qualitéit, Gewürzer an Fett fir ze brooden.
Mat enger würziger Marinade, klassisch Panéiert oder anner Alternativen an gebrooden am Randsfett krëss du Nuggets, die vam Goût hiär wesentlich besser sen.
D’Geschicht van den Chicken Nuggets
D’Iddi van den Chhicken Nuggets jieet op den US-Liäwensmëtteltechnolog Robert C. Baker zereck. Heen hat an deen 60er Joeren eent Verfahren entweckelt, fir kleng Pouletstecker stabil ze panéiren an industriell ze produzéiren.
Richtig populär sen Nuggets an den 80er Joeren durich McDonald’s jiän. Van do aan sen sie weltwegt zu engem Fast-Food-Standard jiän, allerdings hii verschafft. Genau doweenst lungt sech die hausgemaaten Versioun.

Firwatt hausgemaaten Nuggets besser sen
Mi Aroma
Frëscht Fleesch, eng eegen Marinade, eng frësch Panade suarigen fir een däitlich intensiveren Goût.
Kontroll van den Zuaten
Keng onnigdig Zousatzstoffer oder verstoppten Fëllstoffer.
Frësch Knusperigkeet
Direkt gebrooden schmëcht d’Panade einfasch besser.
Flexibilitéit
Du kanns d’Marinade, Panade an Beilaagen perfekt aanpassen.
An menger Këchen
Firtischt han ech d’Fleesch virbereet, datt han ech an mongerecht Stecker geschnidden, dobäi äwer opgepasst datt Stecker net ze deck sen. Akkurat Formen wie an den Fast-Food-Ketten krëss du natiirlich net.
Meng Marinade besteht aus wäissem Weng, Olivenualig, Salz, Päffer an bëssen Paprikapolwer. Do dran han ech d’Fleesch fir goud 2 Stonnen marinéiert.
Fir Aafwiässlung kanns du natiirlich o anner Marinaden zoubereeden
- Mediterran: Olivenualig, Knuawelek, Zitrounensaaft, Oregnao, Paprikapolwer. Sie ass frësch an liit würzig
- Joghurt-Gewürz-Marinade: Joghurt, Knuawelek, Paprikapolwer, Cumin, Zitroun. Sie mëcht d’Fleesch besonnig zaart.
- Würzig am BBQ-Style: Ualig, gereechert Paprikapolwer, Mostert, Hunnig, Päffer. Eeen liiten reecher Aroma entsteht su.
- Scharef an aromatisch: Olivenualig, Chili, Knuawelek, Limette. Passte perfekt zu frëschen Dips wie z.B. Ezme
No deen 2 Stonnen Marinéierzekt hualen ech d’Fleesch aus der Marinade an loossen et op enge Passette goud aafdrëpsen, du kanns et o liit mat Këchenpapeier drëchen tuppen dann haft Panade besser.
Ech panéiren meng Nuggets ganz klassich, firtischt am Miähl gedrigt, dann am Ei an zum Schluss am Panéiermiähl. Natiirlich jiän et o hei anner Alternativen. Während einfascht Panéiermiähl een neutralen Goût liwert, an goud knusperig jiët, kanns du z.B:

- Panéiermiähl mat fein zerklengerten gedrëchenten Tomaten an bëssen Rosmarin mëschen.
- Du kanns fir extra Crunch zerklengert Cornflakes als Panade hualen.
- Oder du mëchs dengt Panéiermiähl mat gerriwenem Parmesan. Datt erjiëtt een wonnerbaren würzigen Goût an eng sching Krust.
- Panko ass o eng alternativ, déi ech äwer net su jären han, well deen een komisch Goût hat.
- An wanns du Zekt has, kanns du aalt Brugd drëchnen an dengt Panéiermiähl selwer maan. Dodurich krëss du dachs na een vill besseren Goût.
Optional kanns du Nuggets wann se bis eng kéier panéiert sen, na eng kéier am Ei an am Panéiermiähl driien, dodurich jiët Krust mi stabil an du krëss na mi Crunch.
Ech brooden meng Nuggets an der Pann, sie kannen äwer o am Airfryer oder an der Fritös gemaat jiän. Dofir erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt 2cm hii Randsfett. Fir eng 27cm gruuss Pann ass datt ongeféier een halwen Bloc Blanc de Boeuf. Randsfett hat een hiien „Rauchpunkt“ dodurich jiän Nuggets sching goldig brong, et hat mi een herzhaften Aroma an sie jiän besonnig knusperig.

Ass d’Fett waarem leen ech Nuggets dran, hei natiirlich oppassen datts du d’Pann net ze voll mëchs, wann et der vill sen am Besten an Etappen brooden. Su lossen ech se ongeféier 3-4 Min. van all Segt brooden, ech beweegen se iwerhaupt net an der Pann, durich liit schwenken suarigen ech just dofir, datt se net am Buadem aanpëchen. Dann jiän se gedrigt an fiärdig gebrooden. Op Këchenpapeier lossen ech se dann aafdrëpsen.

Bei mir sen et Gromperen aus dem Schiäffchien, een Komb Zaloot an Mayonnaise an Ezme als Dip dobäi jiän.

Watt maan ech mat de iwerig gebliwenen Chicken Nuggets?
Falls der iwerhaupt iwerig bleiwen. Die selwer gemaaten Chicken Nuggets schmaaschen natiirlich frësch am besten, sie loossen sech äwer o wonnerbar viraan verschaffen. Mat paar einfaschen Iddien jiët aus de Rester ganz siier een neien Menü, dachs sugar mat ganz eegenem Charakter.
Am Baguette oder als Sandwich
- Kaal oder kuurz erhëtzt an eng Baguette leen. Zaloot, Tomaten an Cornichon, bëssen Mayonnaise oder een Joghurt-Dip.
- An enger Baguette oder Sanwich, mat karamelsiéierten Ënnen an Kiiss, am waarmen Schiäffchien iwerbaasch an dann na een scharef, würzigen Dip driwer verdeelt.
Datt erjiët eent onkomplizéiert Ässen mat vill Goût an gouder Textur
An enger Zaloot
- Kappzaloot, Rucola oder eng gemëschten Zaloot.
- D’Rester van den Gromperen aus dem Schiäffchien kuurz am Schiäffchien geréistert an wie Croûtons iwert dem Zaloot verdeelt.
- een Joghurt-Dressing oder Joghurtzoos.
Waarem oder kaal fonktiéiert hei. Die knusperig Panade ersetzt Croûtons.
Wraps oder Bowls
- Nuggets kleng schnegden.
- Mat Raïs, Zaloot, Geméiss oder Hummus kombinéiren.
- Een scharefen Dip oder Kegrderzooss dobäi.
Perfekt fir Mealprep oder eng siier Oweskëchen
Kuurz opwiärmen, äwer richtig!
- An der Pann, Airfryer oder am Schiäffchien.
- Net an der Mikrowell, datt mëcht Panade mëll.
Paar Min. Hëtzt jin meestens dar.
Datt se paar Iddien watt een mat de Rester maan kann, et weist ausserdeem datt selwergemaaten Nuggets net nëmmen Fast-Food sen, mee viraan verschafft kann jiän, noohaltig an lecker.
Hausgemaaten Chicken Nuggets
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen2
Stunden10
Minuten10
MinutenZutaten
- Fir d’Marinade
100 ml wäissen Weng
1 TL Salz
1 TL Päffer
1 TL séisst Paprikapolwer
3-4 EL Olivenualig
Optional: 1 Ziif Knuawelek
- Fir Nuggets
500 g Pouletfilet
100 g Miähl
2 Eier
150-200 g Panéiermiähl
Randsfett fir ze brooden
Zoubereedung
- D’Zutaten van der Mariande vermëschen ech mateneen, mëchst du optional Knuawelek dran, deen ganz fein zerreiwen.
- De Poulet schnegden ech an mondgerecht Stecker, passen äwer drop op, datt Stecker net ze deck sen. Deen leen ech an d’Marinade an loossen en op mannst 2 Stonnen durich zéihen.
- An 3 Schosselen oder déifen Telleren bereeden ech mi meng Panéierstrooss fir. Miähl, opgeschloen Eier an d’Panéiermiähl.
- D’Nuggets leen ech op eng Passette an loossen se goud aafdrëpsen, evtl. na mat bëssen Këchenpapeier drëchen tuppen.
- Als nächst driien ech se firtischt am Miähl, dann am Ei an dann am Panéiermiähl. Optional kanns du se fir extra Knusperigkeet na eng kéier am Ei an am Panéiermiähé driien.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt vill (2cm hii) Randsfett. Do dran brooden ech d’Nuggets dann fir 3-4 Min. van all Segt.
- Op Këchenpapeier loossen ech se aafdrëpsen an zervéiren se dann mat enger gewënschter Beilaag.