Herzhaft gefëllten Poulet

Wees du datt gefëllten Poulet net nëmmen eng Delikatess ass, mais o zimlich beléift? Gefëllten Poulet hat sich am Loof van den Joeren zu enger kulinarischer Sensatioun entwéckelt. An vill Lékt weltwégt sen ëmmer op der Séich no herzhaften Rezepter, déi einfasch zouzebreeden sen. Egal ob’s du Koosch bas oder een Anfänger, gefëllten Poulet ass ëmmer een beandrockende Menü.

Wie jëtt den Pouletfilet gefëllt?

  • Wie fänken ech aan? Schnég mat engem scharefen Messer eng Täsch an de Pouletfilet op ségtlich oder van uawen, fann raus mat watt fir enger Technik du am besten ëmgoen kanns. Pass äwer op, datts du en nat ganz durich schnégs! Entscheeds du dech dozou den Filet ségtlich opzeschnégden klapp en op an klapp en mat engem Fleeschhaamer bëssen platt, su kanns du o Rouladen aus dengem Pouletfielt maan.
  • Fir den Filet ze fëllen huale een Läffel oder deng Fanger, pass äwer op datts de den Filet net iwerfëlls soss quëlt die Fëllung wärend dem Brooden raus.
  • Hual Zahnstocher oder Këchenschnouer fir den Filet ze verschléissen, su bleift alles do wu et hingehiiert.
  • Du kanns deen gefëllten Pouletfielt am Schiäffchen baaschen, an enger Pann brooden oder sugar grillen. Pass just do drop datt den Poulet durich gar ass. fir sëcher ze stellen datt en saaftig an sëcher z’ässen ass. Bei der Variant wu’s du van Uawen eng Täsch schnégs rooden ech dir den Poulet am Schiäffche ze baaschen, su brauchs du en net ze fixéiren an kanns en mat Kiiss iwerbaaschen.
  • Am Platz vam Pouletfilet kanns du o ausgebeenten Pouletstrempelen hualen, o déi lossen sech goud anrullen an mat enger herzhafter Fëllung verfeineren.

Iwert d’Fëllungen

D’Fëllungen fir gefëllten Pouletfielt kanne su kreative sen wie’s du et bas. Van enger würziger Fëllung mat Chorizo an Tomaten bis zu enger Fëllung mat Sauertmouss an Speckwürfelen, genausu kann deng Fëllung aus Spinat mat gedrëchenten Tomaten bestoen: Die richtig Krégder an Gewürzer an du has eent herzhaft Ässen.

Verschidden Krégder an Gewürzer jänn genotzt fir den Goût van den Fëllungen ze ënnerstreichen. An o beim Fleesch kanns du ganz einfasch mat Salz an Peffer würzen oder extravagant mat Krégder oder enger Marinade. Eng ganz bekannt an beléift Mëschung weltwégt ass: Knuawléck, Thymian, Rosmarin an Paprikpolwer.

Egal fir watt datt’s du dech entscheeds, bei gefëllten Pouletfilet kanns du denger Fantasie freien Loof loossen. Du kanns zu engem Rezept Zutaten zoufügen oder einfasch fort loossen

  • Kiiss: et jänn dausende verschidden Kiisszorten van engem mëllen Mozzarella bis hin zu engem herzhaften Roquefort. Op Stoffi, Ricotta oder Feta, et jänn onendlich Miilischkeeten.
  • Fleeschfëllungen: van Gehacktes, Speck, Chorizo, Salsiccia ass alles erlaubt watt schmëcht.
  • Geméissfëllung: hei steht die die ganz Geméisswelt op. Virgegart oder gebrooden an mat Stoffi, Ricotta, Feta, Gewürzer an Krégder verfeinert.

Dodurich, datt den Poulet su een “neutralen” Goût hat, kanns du denger Fantasie freien Loof loossen.

1. Mediterran

Fir eng mediterran Fëllung kanns du z.B. Spinat (frësch oder gefruaren) hualen, Feta-Kiiss, gedrëchent Tomaten, Knuawkléck, Oliven, Oregano an Basilikum. De Spinat jëtt zesaammen mat Knuawkléck, Salz an Peffer op mëttel Hëtzt gedënst an subal en zesaammen gefallen ass vam Feier gehollt. Dann jëtt den Feta, die gehackten gedrëchent Tomaten, die gehackten Oliven, Oregano an Basilikum ënnergemëscht.

2. Italienisch

Bei der italienischer Fëllung bleiwen ech beim Klassiker, an enger Schossel mëschen ech an véirel geschnidden Kiischtentomaten, mat gewürfeltem Mozzarella, frëschem gehacktem Basilikum, gehackten Knuawléck, Salz, Peffer an Balsamico.

3. Herzhaft Kooschelfëllung

An enger waarmer Pann am waarmen Botterschmalz brooden ech op mëttel Hëtzt, gehackten oder an Streifen geschnidden Schalotten oder Ënnen. An well echh een gruussen Fan vam karamelsiséiren sen lossen ech se su lang brooden bis se sching brong sen. Gléif mir et et lungt sech fir sech déi Zéckt ze hualen. Do dran brooden dann an dënn Scheiwen geschnidden Kooschelen déi ech o sching brong brooden am würzen se dann mat Salz an Peffer. Du kanns Kooschelen mat Zitrounensaaft oder wäissem Wéng aafläschen, datt äwer ganz ankooschen loossen. Dann Pann vam Feier zéien, mat Thymian n gehacktem Péitersilich verfeineren, an evtl. Stoffi, Krégderstoffi oder Ricotta ënnermëschen. Ech han Gruyère driwer gestreit dann zougeklappt fixéiert an gebrooden.

4. Broccoli-Kiiss-Fëllung

An enger Broccoli-Kiiss-Fëllung ass fein gehackten an blanchéierten Broccoli, gemëscht mat fein gerriwenem Kiiss, datt kann Parmesan, Peccorino, Gruyère, oder Cheddar sen, fir na mi Goût kanns du gehackten Schalotten an bëssen Mostert ënnermëschen.

5. Orientalisch Fëllung

Eng Fëllung aus Séissgromperenpürée, verfeinert mat gehackten Pekannëss an gewürzt mat Canelle, Muskot, Salz an Peffer fir een herzhaften Goût kanns du na Geesekiiss ënnermëschen.

6. Klassich Poretten-Ham oder Speck Fëllung

Kleng geschnibbelt Poretten mat Speck oder Ham gebrooden mat Salz an Peffer gewürzt, dann vam Feier zéien an mat Gruyére oder Emmentaler mëschen. Fir de Goût na ze verbesseren kanns du Dijon-Mostert ënnermëschen.

7. Hiärestlich-Fëllung

Déi kann aus Hokkaido. oder Butternutkürbis bestoen. De Kürbis kleng würfelen, brooden oder dënsten, mat Salz an Peffer würzen. Do drënner kanns du gehackten Walnëss, Ricotta an Parmesan mëschen.

Datt sen nëmmen paar Iddien wie’s du den Pouletfielt fëllen kanns, déi all ganz ënnerscheedlich Goûten an Texturen opweisen, an déi dein gefëllten Pouletfielt an eng Köstlichkeet ëmwandelen

Herzhaft gefëllten Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfielt

  • Salz

  • Peffer

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • gehackten Péitersilich

  • 200 g frësch geriwene Gruyère

  • 1 TL gerëchenten Thymian

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Zousätzlich
  • Zahnstocher oder Këchenschnouer

Zoubereedung

  • De Poulet virbereeden
  • De Poulet han ech ségtlich angeschnidden an mam Fleeschhaamer liit platt geklappt. Deen han ech all rondrëm mat Salz an Peffer gewürzt an, an den Frigo gestallt bis ech en brausch.
  • Fëllung virbereeden
  • D’Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen. De Knuawléck han ech geschiält an fein gehackt.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzz d’Ënnen bis se sching goldbrong karamlesiséiert sen.
  • Iwerdeems d’Ënnen brooden schnégden ech Kooschelen an dënn Scheiwen, deemno wie deck se sen halbéiren ech se.
  • Subal d’Ënnen karamelsiséiert sen mëschen ech d’Kooschelen drënner an brooden déi o op mëttel Hëtzt goldbrong aan.
  • Wann déi goldbrong se mëschen ech den Knuawléck drënner, würzen mat Salz, Peffer an Thymian an läschen meng Pann mam Zitrounensaaft aaf, deen ech ganz ankooschen loossen.
  • Pann zéien ech vam Feier an mëschen dann deen gehackten Péitersilich drënner.
  • Optional: wanns du léiwer eng crémig Fëllung has kanns du lo Stoffi, Krégderstoffi oder Ricotta drënner mëschen.
  • De Poulet fëllen an brooden
  • Hual een Läffel oder deng Fanger an fëll de Poulet mat der Kooschel-Mëschung an streien Gruyère driwer oder mëschen den Gruyère direkt ënnert meng Kooschelmëschung. Verschléiss den Poulet an fixéir en mat Zahnstocher oder Këchenschnour. TIPP: iwerfëll den Poulet net soss quëllt dir beim Brooden d’Fëllung raus.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran den Poulet bis en durich gar ass. D’Hëtzt soll net all ze hii sen, fir datt dir den Poulet net verbrennt an drëchen jëtt.
  • Beilaagen
  • Ech han Gromperen Provençale dobäi gemaat, du kanns äwer o Risotto, Geméiss aus dem Schiäffchen, Gromperenpürée, Pilawreis, eng einfasch gemëschten Zaloot oder Pasta dobäi maan.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*