Hiärest om Teller: Hokkaido mat Risotto-Orzo-Kooschelfëllung

Hookkaido-Kürbis, gefëllt mat engem herzhaften Kooschelrisotte an iwerbaaschen mat Pecorino. Een hiärestlichen Menü, deen d’Aromen van dëser Saison perfekt anfänkt.

Hokkaido-Kürbisse kommen ursprünglich aus Japan, an sen an den 70er Joeren an Mëtteleuropa populär jänn. Sie sen fir hir zaart Schaal an een séiss-nossigen Goût bekannt. An Kombinatioun mat engem herzhaften Kooschelrisotto erjëtt dëst een Menü deen satt mëcht an perfekt fir mi kéil Deeg ass. Zervéiert jëtt den Risotto an engem firtischt gebaaschene Kürbis, en ass also net nëmmen een gouden Maufel, mais en gesegt o na goud aus.

Zutaten fir mein Hokkaido mat Risotto.Orzo-Kooschelfëllung

1. Hokkaido-Kürbis

  • Den Hokkaido-Kürbis ass bei eis besonnige beléift weent der Schaal, déi een matässen kann an deem séiss-nossigen Goût. Mat senger schinger oranger Faaref an deem feinen, cremigen Fruuchtfleesch eegent en sech besonnig fir ze fëllen. Den Hokkaido ass perfekt fir mat herzhaften Zutaten kombinéiert ze jänn.

2. Risootto & Orzo

  • Well ech net mi genou Risotto-Reis haat, han ech eng Mëschung aus Risotto an Orzo gehollt fir meng Fëllung ze maan. D’Orzo-Nuddelen han eng ähnlich Konsistenz wie den Reis an brengt eng interessant Textur an dëst Ässen.

3. Kooschelen

  • D’Kooschelen jänn dësem Ässen een erdigen, herzhaften Aroma an eng saaftig Textur. Kooschelen sen mëll am Goût an passen baal bei all Zutaten.

4. Ënnen & Knuawelek

  • Ënnen an Knuawelek bilden die aromatisch Basis vam Risotto. D’Ënnen jänn dem Risotto een mëllen séissen Aroma an ronnen datt Ganzt aaf, während den Knuawelek eng liit Schiäreft an Würzigkeet matbrengt, déi goud zu den Kooschelen passt. Zesaammen bilden sie die ideal Grondlaag fir vill verschidden Menüer.

6. Olivenualeg & Botter

  • Dem Olivenualeg notzen ech fir d’Ënnen, den Knuawelek an den Risotto mat den Orzonuddelen aanzebrooden, en brengt eng liit Fruuchtigkeet mat, déi d’Aromen van den Kooschelen an vam Kürbis ënnerstreichen. Botter jëtt zum Schluss ënnert den Risotto gemëscht, fir en besonnig cremig, schlotzig ze maan an him eng mëll Textur jëtt. D’Kombinatioun aus deen 2 Fetter béiden eng perfekt Grondlaag an verstiäriken d’Aromen.

7. Bréit

  • Watt fir eng Bréit datts du hëlls ass ganz dir iwerloss. Ech han, fir na mi een intensiven Kooschelaroma ze kreien, d’Kooschelen an enger Houhnerbréit fir paar Min. blanchéiert. Dës Bréit han ech dann geschmaascht, gewürzt an bëssen reduzéiren geloss an dann gehollt fir den Risotto ze kooschen.

8. wäissen Weng

  • De wäissen Weng suarigt fir een liit säierlichen Aroma, déi d’Erdigkeet van den Kooschelen perfekt ausbalancéiert. Beim Kooschen verdämpt den Alkohol an just den Aroma bleift.

9. Pecorino

  • De Pecorino ass een italienischen Hartkiiss aus Schoofsmëlich, en hat een würzigen, kräftigen Goût. Durich sein liit salzigen an pikanten Aroma passt en perfekt zu deem erdigen Aroma van den Kooschelen an deem séissen Kürbis. Dësen Kiiss ass ideal wanns du léiwer een kräftigen Kiissaroma wëlls.

10. Frësch Kregder

  • Frësch Kregder wie Péitersilich oder Thymian déinen als final Dekoratioun. Sie jänn dem Ässen optiisch een schingen Finish an brengen zousätzlich na Aroma mat, deen goud mat sämtlichen Zutaten harmonéiert.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt oder 180°C Ëmloft fir.

De Kürbis wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser, wann et kleng Kürbissen sen schnegden ech den Deckel raaf, bei mi gruussen halbéiern an Kären an datt faserigt Fruuchtfleesch raus kratzen. Die ausgehollten Kürbissen reiwen ech mat Olivenualeg an, setzen se op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech an würzen se liit mat Salz an Peffer. Su setzen ech se fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

  • Iwerdeems botzen ech mat enger mëller Biischt d’Kooschelen en schnegden se an véirel.
  • Bréit setzen ech op an loossen se opkooschen.
  • d’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken se fein
  • De Pecorino reiwen ech op der Këchenreif

D’Kooschelen blanchéiren ech fir paar Min. an der kooschender Houhnerbréit. D’Bréit schmaaschen ech, würzen se evtl, an bëssen no. Bréit loossen ech op der Plaque stoen, sie muss, fir den Risotto net unbedingt kooschen sie soll äwer gléidig sen, sie reduzéiert su ganz vam selwen bëssen bis all datt annert aangebrooden ass.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Kooschelen sching goldbrong rondrëm aan. Déi stellen ech dann op Segt bis ech se brausch.

An engem Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech d’Ënnen aan bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen Aafänkt mat rauschen mëschen ech meng Mëschung Risotto mat Orzo drënner. Déi réisteren ech kuurz aan an läschen dann alles mam wäissen Weng aaf, deen loossen ech ganz ankooschen.

Als nächst jëtt no an no ëmmer bëssen Bréit op den Risotto geschott, dobäi stännig réiren an d’Bréit ëmmer rem ankooschen loossen bis den Risotto an d’Nuddelen al dent sen. Befir ech deen letzten Rest Bréit drop schëdden mëschen ech die gebrooden Kooschelen rem drënner. Schmaaschen an würzen evtl. mat bëssen Peffer an Salz no.

Subal den Risotto deen Rest Flëssigkeet absorbéiert hat, schalten ech Plaque aus, loossen Dëppen äwer op der Plaque stoen, dann mëschen ech een gouden Schnatt Botter an deen geriwene Pecorino drënner, kräftig réiren bis den Botter an den Kiiss ganz geschmolz as an su eng cremig Zooss entstannen ass. Mat Deckel den Risotto fir 2 Min. ruhen loossen an dann direkt zervéiren oder viraan verschaffen.

Deen fiärdigen Risotto fëllen ech an d’Kürbissen, setzen déi an eng feierfest From an streien na bëssen Pecorino driwer, dann iwerbaaschen datt Ganzt ongeféier 15 Min. am waarmen Schiäffchen.

Aus dem Schiäffchen hualen an mat deen gehackten frëschen Krégder garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Hokkaido mussen net geschiält jänn, D’Schaal jëtt beim garen mëll an kann mat gäss jänn.
  2. Durich d’Blanchéiren van den Kooschelen jänn se beim brooden richtig sching goldbrong watt na zousätzlichen Aroma matbrengt. Durich d’Blanchéiren van den Kooscheln krëtt meng Bréit een ganz besonnigen Aroma, deen den Risotto komplett ophëllt. Reduzéiert een d’Bréit na bëssen jëtt dësen Aroma na mi intensiv.
  3. Stännig am Risotto réiren, fir datt en seng cremig Konsitenz entweckelt.

Hiärest om Teller: Hokkaido mat Risotto-Orzo-Kooschelfëllung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszekt

30

Minuten
Kooschzekt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 kleng bis mëttelgruuss Hokkaido

  • Olivenualeg

  • Salz & Peffer

  • Fir den Risotto mat Orzo
  • 200 g Risotto

  • 200 g Orzo-Nuddelen

  • 400 g Kooschelen, gebotzt an an véirel geschnidden

  • 1 deck Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • bëssen Olivenulage

  • 100 ml wäissen Weng

  • 1,5 L Bréit, gléidig

  • 100 g Pecorino, frësch geriwen

  • 50 g Botter

  • Salz & Peffer

  • bëssen Pecorino fir ze iwwrbaaschen

  • Gehackten frëschen Péitersilich an frëschen Thymian, fir d’Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt oder 180°C Ëmloft fir.
  • Vam Kürbis schnegden ech Deckelen raaf oder halbéiren se an hualen mat hëlef van engem Läffel Kären an datt faserigt Fruuchtfleesch raus. De K¨rubis reiwen ech mat Olivenualeg an, setzen se op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech an würzen en van bannen mat Salz an Peffer. Su setzen ech den Kürbis fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Fir den Risotto
  • An der kooschender Bréit blanchéiren ech Kooschelen fir paar Min.
  • An enger waarmer Pann erhëtzten ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran Kooschelen sching goldbrong aan. Déi stellen ech dann op Segt bis ech se brausch. Bréit lossen ech op der Plaque stoen, sie brausch net ze kooschen, sie soll äwer gléidig sen.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien.
  • Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Risotto mat den Orzonuddelen drënner, datt réisteren ech kuurz aan an läschen et am wäissen Weng aaf. Deen loossen ech ganz ankooschen.
  • No an No an ënner stännigem réiren mëschen ech dann Bréit drënner an loossen se ëmmer rem ankooschen, bis den Risotto an d’Orzonuddelen al dente sen. Befir ech deen letzten Rest Bréit drop schëdden mëschen ech d’Kooschelen rem mat drënner. Schmaaschen an würzen evtl. mat bëssen salz an Peffer no.
  • Subal den Reis die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat schalten ech Plaque aus an mëschen den Botter an deen geriwene Pecorino drënner, kräftig réiren su datt eng cremig, schlotzig Zooss entsteht. Mat Deckel den Risotto 2 Min. ruhen loossen, dann direkt zervéiren oder vriaan verschaffen.
  • Den Risotto fëllen ech an d’Kürbissen, streien na bëssen geriwene Pecorino driwer setzen meng Kürbissen an eng feierfest Form an iwerbaaschen datt Ganzt fir ongeféier 15 Min.
  • Viraam zervéiren mat deen gehackten Kregder garnéiren.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*