Een Liäwensloof zwëschen Paräis an Italien!
Duref ech mech virstellen?
Ech sen de Monsieur Croque. Also… eigentlich sen ech den Croque Monsieur, äwer net irgendeen. Ech sen deen, deen beschloss hat, sein Pass ze verbrennen an, an Italien auszwanderen.
Gebuaren sen ech viraan iwert 100 Joer zu Paräis. Deemools wor mengt Liäwen na einfasch, 2 Scheiwen vam feinsten wäissen Brugd, bëssen Ham, vill Gruyère, an direkt an de Schiäffchien. Ech wor de Kinik an all Bistro, deen gouden Frënd van jidferengem, déi keng Zekt haat, deen héimlichen Liebling van de Studenten, déi net vill Suen, äwer vill Honger haaten.
Äwer, watt soll ech soen… Irgendwann ass et mir langweilig jiän. Ëmmer deen selwischten Look, deen selwischten Goût, an die selwischt Béchamelzooss.

An du ass Sie opgetaucht!
Am Hafen van Genua han ech Sie gesehen, een waaremen Doft van Basilikum, Sie hat geblänkt wie frësch gepressten Olivenualig.
„Pesto alla Genovese“, su hat Sie sech virgestallt, „an ween bass du?“ Dann kann een well aafänken mat tuddelen wann su eng Schingheet viraan engem steht. „Croque… ehm… Monsieur.“

Ech wosst direkt, ech well net mi zereck op Paräis. Ech well bleiwen. Ech well Ciabatta am Platz Toast. Ech well mat hiren Pinienkären verzaubert jiän.
An su hat mengt neit Liäwen aagefongen. Ech han deen steifen franiischen Kostüm geent eent loftigt italienischt Summerhiäm getoosch. Mat Spinatbläder an der Täsch, Tomatenscheiwen wie een Schaal em den Hals, Mozzarella ass dobäi kommen, mëll, crèmig, een Frënd, deen een jiären mat am Team hat. An iwer all deem een Hauch Balsamico
Ech han mech annëcht geféihlt. Faarwig. Frësch. Net mi nëmmen een „Monsieur“ mee een richtigen Signore.
Während deen ischten Joeren sen mir zesaammen durich Italien geréist. Op Märt sen ech als „Panini alla Croque“ verkooft jiän, am Strand wor ech den „Toast alla Francese, ma meglio.“ D’Fransuusen woren villäicht beleidigt, well ech jo keen richtigen Croque Monsieur mi wor, äwer datt wor mir egal. Ech haat d’Sonn am Härz an de Basilikum zwëschen den Zänn.
Hokt fënnt een mech bal iwerall. An Berliner Foodtrucks, wu Hipster firtischt eng Foto maan, bevir se mech ässen. An engem Café zu Mailand, wu ech niäwent engem Cappuccino zervéiert jiän. An heinsdo, ganz héimlich setzen ech rem an engem Paräiser Bistro, su als wir näist gewiäst, just datt ech bëssen no Miär rauschen.
Eent han ech geliiert! Et muss een seng Wuurzelen net verjiässen, fir nei ze erbléihen. Ech sen ëmmer na „Croque Monsieur“ mat italienischem Akzent, en bëssen mi wëll, en bëssen mi fräi. An wanns du mëch probéiers, spirrs du wie et ass, wann sech 2 Kulturen aneneen verléiwen.
Vir meng VIP-Lëst hualen ech:
Eng Ciabatta, net ze kleng an net ze gruuss, van baussen knusperig an van bannen mëll. Ech jiän längs opgeschnidden, dann brausch ech paar drëpsen Olivenualig befir ech mat der geschnidderner Ségt no ënnen an eng waarem Pann sprangen. Ech weechen dann net su siier durich.

Fir mengt gréint Herz brausch ech Pesto, vill Pesto am besten frësch gemörsert, su datt die ganz Këchen dono rëcht. (De Stabmixer deet et äwer o.)

Mein italienischen Kostüm besteht aus Spinat, do drop doen ech Tomaten aan, déi brauschen äwer bëssen Päffer an Salz. Mein Mantel besteht aus an Scheiwen geschniddene Mozzarella. Optional an als Accessoir duaref o na bëssen Parmesan gestreit jiän.



Dann duarefs du mech opgeklappt bei 200°C an deen waarmen Schiäffchien leen, ganz klassisch bei Iäwischt- an Ënnischthëtzt. Bleif bei mir, bis de Mozzarella Fädem zéiht.
Hual mëch raus an verdeel paar Drëpsen Balsamico iwert mech, dann duarefs du mech zouknäppen, pass äwer op ech sen „heiss“.

Datt kënnt deen Moment, an deem ech van engem gouden Frënd zur gruusser Liéift jiän.
Schnég mech an 2 Halschenten, ech well jo bëssen aanjiän an jidferenegem weisen wie mengt Mozzarella-Herz schligt. Dann… äss mech direkt! Keen Smalltalk, keen Telefonéiren, ech waarden net.
Italienischen Croque „Signore“ (Monsieur)
2
Portiounen15
Minuten10
MinutenZutaten
1 Ciabatta, längs halbéiert
paar Drëpsen Olivenualig
4 TL Pesto Genovese
2 Handvoll Babyspinat
2 Tomaten, an dënn Scheiwen geschnidden
Salz & Päffer
200 g Mozzarella, an Scheiwen geschnidden
Optional: frësch geriwene Parmesan
Paar Drëpsen Balsamico-Essig
Zoubereedung
- De Schiäffchien wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- Op der geschniddener Segt vam Ciabatta verdeelen ech paar Drëpsen Olivenualig, deen leen ech dann mat der geschniddener Segt an eng waarem Pann an réitsteren en goldbrong aan. Datt verhënnert datt den Ciabatta ze siier opweecht.
- Op deen 2 Halschenten verdeelen ech dann de Pesto Genovese.
- Die iäwischt Halschent leen ech well op eent mat Baaschpapaier ausgeleitent Blech.
- Op der ënnischter Halschent verdeelen ech de Spinat, do drop leen ech Tomaten, déi würzen ech liit mat Salz an Päffer. Do drop leen ech den Mozzarella an iwert de Mozzarella streien ech na bëssen Parmesan.
- Die ënnischt Halschent leen ech o op d’Blech an setzen datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchien, su lang bis de Kiiss aafänkt Fädem ze zéien.
- Wann en färdig gebaasch ass, verdeelen ech na bëssen Balsamico driwer, klappen de Croque zou an schnégden en an 2.