Klassischen Burger

Hokt, an mengem Artikel drigt sech alles em een Klassiker – den Burger! Dëst ikonischt Ässen hat sein Ursprong am spéiden 19ten Joerhonnert. Däitsch Anwanderer an den USA han gebroodend oder gegrillten Randfleesch op eent Brigdchen geleit an et su zu engem van deen beléifsten Fast Food Ässen van der Welt gemaat! Hokt erstrahlt den Burger an vill regional Varianten. Ech widmen mech Hokt äwer deem klassischen Burger bzw. Cheesburger.

Zutaten fir mein klassischen Burger

  1. D’Fleesch: D’Herzstéck van all Burger ass den Patty, deen zu 100% aus Randfleesch, Salz an Peffer besteht. D’Randfleesch hat deen perfekten Fettaandeel, am besten 20%, fir den Patty saaftig an aromatisch ze haalen. En liwert ausserdeem een kräftigen, Fleesch-Goût, deen durich Maillard-Reaktioun beim brooden eng köstlich Krust entwéckelt. Dës Reaktioun jëtt dem Patty die typisch Röstaromen.
  2. D’Brigdchen: D’Brigdchen oder o Bun genannt spillt eng entscheedend Roll. Eent goud Brigdchen ass liit, mëll an äwer robust genou, fir all die saaftig Zutaten ze haalen, ouni auserneen ze fällen. Deen liit séisslichen Aroma vam Brigdchen harmonéiert perfekt mat deem herzhaften Goût vam Patty. Dachs ass Sesam iwert Brigdchen gestreit, watt deem Ganzen een nossigen Aroma jëtt. D’Aanréisteren van der bannëchter Ségt vam Brigdchen suarigt fir een angenehmen Crunch an verhënnert datt Brigdchen ze siier durich weecht.
  3. Kiiss: Iwert Joeren hat sech den Cheddar zum klassischen Kiiss fir op den Cheesburger entwéckelt, sein liit nossigen Goût ergänzt datt würzigt Fleesch wonnerbar. Ausserdeem schmëlzt en goud an leecht sech su perfekt ëm den Patty, an jëtt dem Cheesburger eng cremig Textur. Ech perséinlich sen keen Fan vam Cheddar an hualen léiwer een würzigen Raclette-Kiiss.
  4. Tomaten: Tomatenscheiwen brengen eng séiss, liit saierlich Frëscheet an den Burger. Die saaftig Textur van der Tomat gläicht den Patty aus an béid een schingen Kontrast zum knusperigen Brigdchen.
  5. Ënnen: D’Ënnen béiden een knackig, würzigen Kontrast zur séisser Tomat an deem saaftigen Patty. Ob se rii oder gebrooden sen, d’Ënnen brengen schiäreft an een angenehmen Aroma an den Burger. Ech han fir op mein Burger, meng angeleiten Ënnen gehollt.
  6. Zaloot: Den Zaloot, dachs an Form van engem knackigen Iceberg brengt eng frësch knackig Komponent an den Burger. En déint als Barrière zwëschen dem Brigdchen an dem Patty an Hëleft su datt Brigdchen net all ze siier durichweecht. Ausserdeem suarigt den Zaloot fir eng optisch Frëscheet an eng gesond Balance.
  7. Cornichon: Traditionell kommen op den Hamburger am Essig angeleiten Cornichon. Die knackig Textur an deen saierlichen Aroma brengen eng erfrëschend Aafwiässelung an hëlefen deen fettigen Charakter vam Patty auszegleichen. D’Saier van den Cornichon hiäft die anner Aromen an suarigt dofir, datt den Burger net ze schwéier wirikt.
  8. Ketchup: Ketchup ass déi klassisch Zooss fir op een Burger. Deen séissen an liit sauren Aroma ergänzen datt würzigt Randfleesch an harmonéiert perfekt mat deen anneren Zutaten. De Ketchup suarigt ausserdeem dofir datt den Burger saaftig bleift.
  9. Mostert: De Mostert brengt eng würzig, scharef Komponent an den Burger. En brengt een kräftigen scharefen Goût, deen perfekt mat deem séissen Ketchup an der Saier van der Cornichon harmonéiert. Mostert jëtt dem Burger ausserdeem een angenehmen “Kick”, ouni ze dominant ze sen. Wanns du datt an ni probéiert has – den Burger schmëcht vill besser mat Mostert an Ketchup wie mat Mayonnaise an Ketchup!
  10. Optional: Kanns du op dein Bruger na knusperig gebroodene Speck leen. deen salzig, gereecherten Goût brengt eng zousätzlich Dimensioun ant Spill an passt perfekt zum mëllen cremigen Aroma vam Kiiss an vam saaftigen Patty. Ausserdeem kanns du den Ketchup an den Mostert durich BBQ-Sauce ersetzen oder ergänzen, deen séisslichen reecher-Aroma passt wonnerbar zum gegrilltem Patty an jëtt dem Burger een ganz besonnigen Aroma.

Sämtlich Zutaten han hiren festen Platz an engem klassischen Burger. Well sie perfekt mateneen harmonéiren krëss du su een Burger deen am Geschmaasch, Textur an Saaftikeet net ze schloen ass. D’Balance zwëschen herzhaft, séiss, saierlichh an würzig mëcht den Hamburger zu engem Genoss, deen een ëmmer rëm genéissen well!

Handwiäriksgeschiier fir mein klassischen Burger

Eng Pann oder den Grill, eng Zang oder een Spatel, eent schareft Messer an een Schnégdbrett, Bottischenpapeier fir den Patty ze formen

Zoubereedung

Fleesch virbereeden

  • D’Randsgehacktes formen ech an gläichgruuss ronn Bouletten van ongeféier 200g
  • Aus dem Bottischenpapeir schnégden ech mit Quadraten ongeféier 15×15 cm.
  • Mat Hëlef van engem Dëppen oder engem aanneren flaaschen Géigenstand drecken ech Pattien gläichmässig platt bis se ongeféier 1,5cm déck sen.
  • Wanns du se mat den Fanger platt drecks, van der Mëtt aus een mi oder winiger ronnen Patty formen.
  • Pattien sollen bëssen mi gruuss wie Brigdchen sen, beim brooden zéien sie sech na zesaammen.
  • Mam Domm ant Mëtt van all Patty eng kleng Kaul drecken – datt verhënnert, datt sech den Bugrer beim brooden an der Pann opbliesst.
  • De Patty van deen 2 Sékten kräftig mat Salz an Peffer würzen an d’Fleesch viraam brooden ongeféier 10 ruhen loossen, fir datt Gewürz anzéien kann.

Geméiss virbereeden

  • Tomaten wäschen ech an schnégden se an Scheiwen van ongféier 1,5 vam Dëckt.
  • Ech han meng färdig Ënnen, déi ech am Essig angeleit han gehollt. Hëlls du frësch Ënnen, déi an dënn Ronselen schnégden.
  • Den Zaloot schnégden ech an Streifen, dann wäschen ech en an drëchnen den Zaloot an der Zalootenschleider. Du kanns o die eenzel Bläder ganz lossen, natiirlech wäschen an drëchnen.
  • Cornichon an dënn Scheiwen schnégden.

D’Fleesch brooden

  • Den Grill oder eng Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt.
  • Dann leen ech Pattien drann an lossen se 3-4 Min. op all Ségt brooden ouni draan wibbelen ze goen, sie sollen eng sching brong Krust bilden.
  • Fir een Cheesburger leen ech dann den Kiiss drop an lossen deen schmëlzen. Fir datt den Kiiss besser schmëlzt leen ech kuurz een Deckel op Pann.

TIPP: Broot Pattien net ze lang, sie jänn soss drëchen, 3-4 Min. pro Ségt jinn daar.

Brigdercher aanréisteren

  • Brigdercher halbéiren ech an réisteren die bannëcht Ségt an der selwischter Pann aan, an der ich Burgeren brooden oder ech leen se op den Grill.

Zesaammenbauen

  • Lo keent deen kreativen Deel: op die ënnischt Halschent vam Brigdchen han ech Mostert verdeelt, du kanns o Mostert an Ketchup drop maan.
  • Dann han ech den Zaloot drop geleit an op den Zaloot den Burger Patty mat oder ouni Kiiss.
  • Als nächst han ech Tomatenscheiwen drop geleit, dann Cornichon an d’Ënnen.
  • Iwert deem Ganzen han ech Ketchup verdeelt an dann den Deckel drop geleit.

Varianten

Amerikanisch: Den Patty, Kiiss, Zaloot, Tomaten, Ënnen, Gewürzcornichon, Ketchup an Mostert.

Bacon-Cheesburger: mat knusperigen Speckstreifen an geschmolzenem Cheddar.

BBQ-Burger: mat BBQ-Sauce, Röstzwibbelen an vielläicht gerboodene Speck

New York Style: Mat Blauschimmelkiiss an karameliséierten Ënnen.

Mexican Burger: Mat Jalapeños, Avocado an enger würziger Chipotle-Mayonnaise.

Däitschen Burger: Mat sauert Mouss an Mostert (een Hit bei den Burger-Puristen!)

Klassischen Burger

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberredungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 800 g Randsgehacktes

  • Salz & Peffer

  • 4 Hamburgerbrigdercher

  • 4 Scheiwen Kiiss

  • 2 Tomaten, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Am Essig angeleiten Ënnen

  • Zaloot, an dënn Streifen geschnidden

  • Gewürzcornichon, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Ketchup

  • Mostert

Zoubereedung

  • Gehacktes formen ech an ronn Bouletten van 200 g, déi leen ech zwëschen 2 Bläder Bottischpapeier an drécken se mat Hëlef van engem Dëppen platt (ongeféier 1,5 cm déck). Ech würzen se kräftig mat Salz an Peffer an loossen se 10 Min. ruhen.
  • Ech erhëtzten eng Pann op mëttel bis hii Hëtzt an brooden do dran Pattien van all Ségt 3-4 Min. dann leen ech den Kiiss drop, an fir datt deen besser schmëlzt leen ech kuurz een Deckel drop.
  • Brigdercher réisteren ech an der selwischter Pann an der ech Burger gebrooden han, bis se goldbong sen.
  • Op die ënnischt Halschent vam Brigdchen verdeelen ech bëssen Mostert, do leen ech den Zaloot drop, als nächst leen ech deen gerbooden Patty mam Kiss drop, op den Kiiss verdeelen ech Tomatenscheiwen an op Tomaten leen ech Cornichon an d’Ënnen. Zum Schluss verdeelen ech na bëssen Ketchup uawen drop an leen deen iäwischten Deckel drop.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*