Kniäddelen, einfasch an ëmmer goud. Bei eis doheem sen et déi baal all Wosch jiänn, an ëmmer een Genoss. Een Komb Zaloot dobäi an mi brausch een net fir zefridden ze sen. Ok, ech wees lo wärten sech paar Lékt schudderen, mais bei eis as o ëmmer Mayonnaise dobäi.

Watt maan ech an meng Kniäddeln
- Eier, déi ech privat koofen.
- Mëlich
- Sprudelwaasser, datt maan ech mat dran well Kniäddel engem dann net su schwiier om Moosch légt. Et jiänn o Rezepter déi hualen gar keng Mëlich, an nëmmen Waasser, watt o klappt.
- Miähl, et as ënnerscheedlich wivill Miähl een brausch.
- Salz & Muskot, ech hualen hei meng Mëschung Baconsalz
- gewürfelten gereecherten Speck, hei kreien ech es ëmmer privat deen selwer reechert. Wann ech es äwer mol koofen, kucken ech ëmmer datt en gereechert as.
De Kniäddeldeeg
Ech mëschen firtischt Mëlich, Waasser an Gewürzer. Dann schëdden ech no an no Miähl dobäi, suvill bis et een decken ziihflëssigen Deeg as.

Den Deeg loossen ech dann 30 Min. zougedeckt ruhen
Iwerdeems setzen ech eent gruust Dëppen mat Salzwaasser op an loossen datt opkooschen. Mat engem Ässläffel maan ech dann Kniäddelen. An dann fällt mir op, bis lo na ëmmmer, datt ech äwer net genou Miähl dran gemaat han 😉 Also Mëschen ech na eng Sendung drënner.

Wann Kniäddelen am Waasser bis schwammem geliiert han, lossen ech hinnen deen Spass na +/- 1 Min. dan hualen ech se raus an setzen se waarem.
Do han ech ëmmer een Dampfkocher deen ech doniäwent stoen han.
Bei villen Rezepter jiänn Kniäddelen dann na gebrooden su datt se eng knusperig Kuuscht kreien. Ech selwer sen net su fruu domatt, o wann ech mir se den Daag drop wiärmen passen ech ëmmer op, datt se net ze knusperig jiänn.
Wann se dann färdeg am Komp leien kommen Speckgréiwen driwer, an dann:
Gouden Appetit!
Kniäddelen
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten40
Minuten30
MinutenZutaten
4 Eier
250 ml Mëlich
250 Sprudelwaasser
500 g Miähl
Salz & Muskot
150 g gewürfelten Speck
Zoubereedung
- Eier mat der Mëlich, Sprudelwaasser an de Gewürzer mëschen.
- Miähl ënnermëschen, ech han hei geschriwen 500 g Miähl, datt as äwer ënnerscheedlich, deemno wat fir eent Miähl datts du hëlls, et soll een deckflëssigen Deeg entstoen
- Den Deeg 30 Min. zougedeckt ruhen loossen
- Iwerdeems eent Dëppen mat Salzwaasser opsetzen an opkooschen loossen.
- den Deeg mat engem Läffel ant Waasser maan, wann se bis rop kommen, lossen ech se ëmmer na 1 Min. zéien, hualen se dann raus an stellen se waarem.
- De Speck brooden ech mat engem Schnatt Botter krupsig an schëdden deen hanneno mam Fett iwert die waarem Kniäddelen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Paprika Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten