Knuawlécksbotter mat Krégder

Knuawklécksbotter jëtt meestens fir “Beurre Maître d’hôtel” gehalen as et äwer net, am Maître d’hôtel as keen Knuawléck.

Dës aromatisch Botter schmëscht no Krégder, Knuawléck an sie as ganz siier an einfasch gemaat.

Den Virdeel van selwer gemaater Krégderbotter as, du notz nëmmen frësch Produkter an et as am vergläich zu deem gekooften Produkt o na mi gënstig. Ausschlagebend as natiirlech datt et o na vill besser schmëcht.

Fir dës Botter ze maan brauschst net mol een Mixer, eent Messer eng Schossel an eng Forschette an du has alles vir dësen Botter ze mëschen beineen.

Hausgemaat

Industriell

Zutaten:

  • Botter
  • Knauwléck
  • Péitersilich
  • Peffer & Salz

Zoubereedung:

Botter hualen ech owes aus dem Frigo fir datt et Zëmmertemperatur krëtt en mëll jëtt.

De Knauwléck an sämtlich Krégder hacken ech ganz fein.

An enger Schossel vermëschen ech alles goud mateneen, würzen mat Salz an Peffer.

Su siier as gouden Krégderbotter färdeg. deen setzen ech dann rëm an de Frigo do as en bis zu enger Woosch haltbar.

Krégderbotter kann een o afréiren, su as en bis zu 6 Méint haltbar.

Zutaten:

  • 69 % Botter
  • Waasser
  • 1,8 % gedrëchent Krégder (Bratzelen, Péitersilich, Zellerie, Kiärwel)
  • 1,2% gedrëchente Knuawléck
  • Pefferextrakt, eent Nahrungsergänzungsmëttel
  • Salz
  • Rapsualeg
  • Zitrounenaroma, Aromen sen ëmmer extrem hii verschafften Ergänzungsmëttel, et jëtt gerooden just am Ausnahmefall op industriell produzéiert Aromen zereckzegreifen. Frësch Zitrounenzesten an Saaft schmaaschen vill besser.
  • Hefextrakt, as een Geschmaaschsverstärker, Glutamat
  • Guarkernmiähl as eent Verdeckungsmëttel
  • Konservéirungsmëttel

Knuawlécksbotter mat Krégder

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

zousätzlich brauchst du een Mörser.

Zutaten

  • 2-3 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 10 g Salz

  • 2 g Peffer

  • 25 g gehackte Péitersilisch

  • 350 g mëllen Botter

Zoubereedung

  • De Knuawléck zerreiwen ech mam Salz am Mörser zu enger feiner Past.
  • An enger Schossel vermëschen ech den Knuawléck, de Peffer an deen mëllen Botter goud mateneen
  • De Botter fëllen ech dann an Gläser ëm an stellen en kaal.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*