Knuawlécksfleesch

Hogt hualen ech dech mat op eng kulinarisch Réis, déi dengt Herz an dein Moosch freien wärt. De Star vam Daag ass Hogt den Knuawléck, Ënnen, Tomaten an Fleesch. Dëst Ässen vereent d’Aromen van aromatischem Knuawléck, séissen Ënnen, fruuchtigen Tomaten an saaftigem Fleesch. Knuawlécksfleesch hat an villen Kulturen sein Platz fond. Van der mediterraner bis zur asiatischer Këchen jëtt et Hogt een ganzen Hiwel regional Variatiounen. Hogt weisen ech dir meng Variant an ech hoffen, solls du se nookooschen, datt se dir graad su goud schmaascht wie mir.

Zutaten fir Knuawlécksfleesch

Hauptroll an dësem Stéck spillt natiirlech den Knuawléck, dann brausch ech na Ënnen, Tomaten an Fleesch. Du kanns Schwéng, Kalef oder Poulet hualen, datt watt dir am besten schmëscht, ech haat Poulet. Fir ze marinéiren hualen ech bëssen Olivenualeg an fir ze brooden hualen ech Botterschmalz, an fir alles goud ze würzen Salz, Peffer, Paprikapolwer an Currypolwer. Su een Menü verdrigt o ëmmer bëssen Frëscheet an Form van Zitrounensaaft an fir bëssen Faaref zum Schluss suarigt Péitersilich.

Watt ech na brausch fir datt dësen Menü gelengt, een Mörser, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann, een Holzeläffel an eng Zitrounenpress.

Zoubereedung

De Knuawléck, schiälen ech, dann hacken ech en graff an mat bëssen Salz zerreiwen ech en am Mörser zu enger feiner Past. D’Ënnen schiälen ech, schnégden se längs durich, dann schnégden ech se an dënn Streifen. Tomaten wäschen ech grëndlich an ech schnégden se an graff Würfelen. D’Fleesch schnégden ech an Mondgerecht Stécker.

An enger Schossel mëschen ech d’Halschent vam Knuawléck, mat Salz, Peffer, Paprikapolwer, Currypolwer an bëssen Olivenualeg, do leen ech d’Fleesch dran an masséieren d’Marinade goud an, su lossen ech d’Fleesch op mannst 2 Stonnen zougedeckt am Frigo durichzéien, am besten ass natiirlech ëmmer iwert Nait.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch do dran kräftig all rondrëm aan. Deemno watt fir eent Fleesch datts du hëlls, zéit datt zimlich vill Fett, dofir iwerschëssigt Fett entsuarigen. Fleesch raus hualen an op Ségt stellen bis et gebrauscht jëtt.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan, bis se sching brong sen, dan mëschen ech deen Rest Knuawléck mat drënner an subal deen aafänk mat rauschen läschen ech mam Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen. Dann mëchen ech Tomaten drënner an brooden déi mat, su datt eeng Zooss entsteht. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.

Als nächst leen ech d’Fleesch zeréck ant Pann, an mat Deckel lossen ech datt ganz ongeféier 10 Min. durichzéien oder bis alles durich gar an waarem ass an d’Aromen sech verbonnen han.

Viraam zervéiren streien ech dann na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Beilaagen

Zu Knuawlécksfleesch mat Ënnen an Tomaten passen verschidden Beilaagen, déi dësen Menü wonnerbar ergänzen an fir Aafwiässelung op dengem Teller suarigen

1. Reis

  • Basmatireis: goud rauschend an perfekt, fir die köstlich Zooss opzhualen.
  • Pilawreis: verfeinert mat bëssen Zitrounensaaft an Zitrounezesten, suarig datt fir een erfrëschenden Aroma.

    2. Pasta

    • Spaghetti: Klassisch, einfasch an ëmmer goud fir Zooss opzhualen.
    • Penne oder Rigatoni: passen o ëmmer goud zu dësem Menü.

    3. Gromperen

    4. Brugd

    • Baguette oder Ciabatta: perfekt bei dësem Menü fir den Teller su rischtig ze botzen.

    5. Zaloot

    • gréinen Zaloot: Mat enger liiter Vinägrette.
    • Caprese-Zaloot: passt goud zum Tomatenaroma vam Menü

    6. Geméiss

    • gegrillten Geméiss: Courgetten, Paprika, Auberginen liit gewürzt an gegrillt.
    • Botter Geméiss: wie Broccoli oder eng Mëschung aus verschidden Zorten, mat bëssen Zitrounensaaft an Botter gedënst.

    Empfehlungen

    Reis oder Pasta sen besonnëch goud fir die köstlich Zooss opzehualen.

    Salzgromperen an Gromperen aus dem Schiäffchen béiden eng herzhaft Ergänzung déi satt mëcht.

    Frësch Zalooten suarigen fir Liitechkeet an Balance am Menü.

    Tipps

    Kombinéier verschidden Beilaagen fir een aanspreechenden an aafwiässlungsräichen Menü. Pass do drop op, eng goud Mëschung aus Kohlenhydrate, Protinenen an Geméiss ze béiden.

    Egal fir watt fir eng Beilaag datts du dech entscheeds, sie ergänzen dein Menü perfekt an maan dengt Ässen zu engem Highlight bei Familjen an Frënn.

    Knuawlécksfleesch

    Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
    Portiounen

    4

    Portiounen
    Virberreedungszéckt

    20

    Minuten
    Kooschzéckt

    30

    Minuten

    Zutaten

    • 700 g Fleesch, an mondgerecht Stécker geschnidden (Schwéng, Kalef oder Poulet)

    • Botterschmalz fir ze brooden

    • 8 Ziiwen Knuawléck, zu enger Past zerriwen

    • 2 deck Ënnen, an fein Streifen geschnidden

    • 5 Tomaten, graff gewürfelt

    • 4 EL Olivenualeg

    • Salz

    • schwarze Peffer

    • 1.5 TL Paprikapolwer

    • 1 TL mëllt Currypolwer

    • Saaft van enger halwer Zitroun

    • frëschen Péitersilich fir Garnitur, gehackt

    Zoubereedung

    • An enger Schossel mëschen ech Salz, Peffer, Halschent vam Knuawléck, Paprikapolwer, Currypolwer an Olivenualeg. do leen ech d’Fleesch dran an masséiren d’Marinade goud an. Su stellen ech d’Fleesch op mannst 2 Stonnen an den Frigo, am besten ass et natiirlech iwert Nait.
    • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch all rondrëm kräftig aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
    • Sollt d’Fleesch vill Fett zéihen, een Deel vam Fett entsuarigen.
    • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se sching brong sen, dann mëschen ech deen Rest vam Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mam Zitrounensaaft aaf, deen loossen ech ganz ankooschen an mëschen dann Tomaten drënner an brooden déi mat su datt eng Zooss entsteht, déi lossen ech paar Minuten kooschen. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.
    • Als nächst leen ech d’Fleesch dran, an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 10 Min. durich zéihen, bis alles durich gar an waarem ass.
    • Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

    Hinterlasse einen Kommentar

    Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

    *