Knuawlécksualeg

An mengem Artikel van Hogt geht et ëm Aroma, an zwar een ganz bestëmmten Aroma bei deem sech Geester scheeden. Die eng schwören op Knauwléck, an die anner fiärten sie jiffen dann zevill rauschen. Ech beschreiwen dir hei wie’s du dësen Würzualeg selwer maan kanns, an domatt alles würzen kanns.

Würzualeg passt beim Grillen net nëmmen heinsdo mais bei all Geleenheet. Am besten su intensiv datt all potentiellen “Date” en am ëmkrees van 10 km rëcht 😉 .

Dësen Ualeg kanns du hualen fir ze marinéiren, fir ze brooden van Geméiss, Fleesch oder Gromperen äwer o goud am Zaloot. Fir all die Knuawléck richtig jären han ass dësen Ualeg genau datt richtig.

Knuawléck ass net nëmmen Gesond, mais en schmëscht o richtig lecker an passt bal bei alles. Besonnëch am Ualeg brengt een feinen Knuawlécksaroma ouni ze deck opzedroen.

Fir dësen Ualeg ze maan brausch ech:

  • eent Dëppen
  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • een Mixer
  • eng Schossel
  • porper Fläschen oder Gläser

Zoubereedung

Dësen Ualeg han ech ähnlich gemaat, wie den Chili-Knuawléck-Ualeg. Ech han den Knauwléck am Mörser mat Salz fein zerriwen, du kanns en natiirlech o am Mixer zerklengeren.

An enger Schossel vermëschen ech den Knauwléck mat italienischen Krégder.

Als nächst erhëtzen ech an enger Casserole den Ualeg op 170°C – 180°C, allerdings net driwer, Dofir notzen ech een Thermometer.

Subal den Ualeg waarem genau ass, schëdden ech en op meng Knuawléckmëschung, bëssen oppassen, et sprudelt.

Su loossen ech den Ualeg stoen bis en komplett ausgekéilt ass. Dann schëdden ech en durich en Passette an fëllen den Ualeg an proper Fläschen.

Knuawlécksualeg

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 3 Knollen Knuawléck, fein gehackt

  • 3 TL Salz

  • 2-3 TL italienisch Krégder

  • 500 ml neutralen Ualeg

Zoubereedung

  • De Knuawléck kanns du mam Salz am Mörser fein zerreiwen, du kanns äwer o den Mixer hualen an e su kleng hacken.
  • De Knuawléck mat den italienischen Krégder goud vermëschen.
  • An enger Casserolle den Ualeg op 170°C bis 180°C erhëtzen an op den Knauwléck schëdden.
  • Mëschung su lang stoen loossen bis se komplett ausgekéilt ass.
  • Durich eng Passette filteren an a proper Fläschen fëllen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*