Kohlrabi gefëllt

Kohlrabi, eent Geméiss datt hei an Europa dachs iwerseen jëtt, aus deem Grond et wor eent Hauptnahrungsmëttel am Kréich. Eent Schicksal, datt sech den Kohlrabi mat der Topinambur an der Steckrübe deelt.

Kohlrabi as eng van deen Geméisszorten déi am Fréijoer als ischt zégdig sen. Ech kennen just datt Rezept van menger Bomi: kleng gewürfelt, gekooscht an dann an enger wäisser Zooss. Mais en kann o na annecht verschafft jiänn wie z.B. als Geméisssticks mat engem würzigen Dip, an enger Zaloot, als Zopp oder als Gratin…

Mi raffinéiert Rezepter sen panéiert Kohlrabischeiwen an wie een Schnitzel gebrooden. Oder wie hei gefëllt mat Gehacktes an am Schiäffchen iwerbaasch.

Dofir brausch ech:

  • Kohlrabi
  • Salz
  • Muurten
  • Ënnen
  • Tomaten
  • frësch geraspelten Kiiss, entweder Schweizer Kiiss, Pecorino, Parmesan, oder Mozzarella
  • Peffer, Salz an bëssen Thymian.
  • Gehacktes am besten ongewürzt
  • Ualeg oder Botter fir ze brooden
  • Geméissbréit, hei am besten déi hualen die beim Kohlrabi kooschen entsteht
  • helle Roux
  • Rahm
  • Zitrounensaaft
  • Kiärwel
  • Péitersilch

Zoubereedung

Den Kohlrabi schiälen, de Buadem bëssen riit schnégden, datt en hanneno fest an der Form steht. Deckel raaf schnégden. Am Salzwaasser ongeféier 12 Min. – 15 Min. kooschen. Mat engem Kujelausstecher aushualen an ongeféier 1 cm Rand loossen.

Datt Bannescht van der Kohlrabi kleng hacken.

Muurten schiälen an Scheiwen oder Würfel schnégden.

Ënnen fein hacken.

An enger waarmer Pann bëssen Ualeg oder Botter erhëtzen, d’Ënnen aanbrooden bis se Faaref aanhualen. Muurten ënnermëschen an mat brooden. Liit salzen an Pefferen.

Als nächst Gehacktes ënnermëschen an brooden bis et durich as, würzen an schmaaschen.

Zum Schluss deen gehackten Kohlrabi ënnermëschen.

Tomaten an Scheiwen schnégden.

Kohlrabi mat Salz, Peffer & Thymian bannen dran würzen. Eng Tomatenscheif ënnendran leen an mam Gehacktes opfëllen an fest drecken. Dann Tomatenscheiwen huawen drop leen, Kiiss driwer streien, du kanns lo na den Deckel drop leen, ech han datt net gemaat. An eng angefetten feierfest Form setzen an am waarmen Schiäffchen bei 200°C ongeféier 15 Min – 20 Min. iwerbaaschen.

Du kanns Gehacktes o firtischt rii würzen, mat engem Ei an bëssen Panéiermiähl mëschen an Bouletten formen. Déi dann durich brooden, dann an Kohlrabi fëllen, su hällt Gehacktes mi beineen.

Fir Zooss:

Ech han ëmmer hellen Roux an der Truh an bröselen deen an die kooschend Bréit.

Wanns du datt net has, mat Miähl an mat Botter een hellen Roux zoubereeden an aafkéilen loossen. Datt kooschend Kohlrabiwaasser drop schëdden, an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an 15-20 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Schmaaschen. Mat Salz, Peffer, Zitrounensaaft, Péitersilich an Kiärwel würzen. Schmaaschen. Rahm ënnerréiren kuurz erwiärmen, an bei die gefëllten Kohlrabi zervéiren.

Dobäi passen Nuddelen, Reis, Gromperen, Gromperenpürée…

Kohlrabi gefëllt

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Kohlrabi

  • Salz

  • 200 g an Scheiwen oder gewürfelt Muurten

  • 2 gehackten Ënnen

  • Botter oder Ualeg fir ze brooden

  • 500 g Gehacktes, am besten ongewürzt

  • 3-4 Tomaten

  • Peffer, Salz & Thymian

  • 150 g frësch geraspelten Kiiss.

  • Fir Zooss
  • 500 ml Geméissbréit (Waasser vam Kohlrabi)

  • 50 g Botter

  • 60 g Miähl

  • Peffer & Salz

  • 2 EL Zitrounensaaft

  • 2 EL gehackten Kiärwel

  • 2 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • Kohlrabi schiälen, deckel raaf schnégden an den Buadem bëssen riit schnégden. Am kooschenden Salzwaaser ongeféier 12 Min. – 15 Min. kooschen.
  • 500 ml vam Waasser halen fir Zooss.
  • Kohlrabi mam Kujelausstecher aushualen an ongeféier een Rand van 1 cm loossen. Mat Salz, Peffer an bëssen Thymian bannen würzen. An eng gebottert feierfest Form setzen.
  • Datt Bannecht van der Kohlrabi kleng hacken.
  • An enger waarmer Pann Ualeg erhëtzen an d’Ënnen aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Muurten ënnermëschen an fir paar Min. mat brooden. Liit salzen an Pefferen.
  • Gehacktes ënnermëschen an brooden bis et durich as. Würzen.
  • Gehackten Kohlrabi ënnermëschen.
  • Eng Scheif Tomaten ënnen an Kohlrabi leen, Gehacktes-Mëschung drop leen an fest drecken. 2-3 Tomatenscheiwen drop leen an Kiis driwer streien. Du kanns lo na den Deckel drop leen, ech han datt net gemaat.
  • Du kanns Gehacktes o firtischt rii würzen, mat engem Ei an bëssen Panéiermiähl mëschen an Bouletten formen. Déi dann durich brooden, dann an Kohlrabi fëllen, su hällt Gehacktes mi beineen.
  • Fir Zooss
  • Ech han ëmmer Roux an der Truh an han fir dës Zooss ze bannen 40 g helle Roux gehollt.
  • Aus der Botter an dem Miähl een helle Roux zoubereeden an aafkéilen loossen.
  • Datt kooschend Kohlrabiwaasser drop schëdden, ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an ongeféier 15 Min. – 20 Min. kooschen loossen.
  • Schmaaschen. Mat Salz, Peffer, Zitrounensaaft, Péitersilich an Kiärwel würzen. Schmaaschen.
  • Rahm ënnermëschen kuurz erwiärmen an bei die gefëllten Kohlrabi zervéiren.
  • Dobäi passen, Nuddelen, Reis, Gromperen, Gromperenpürée…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*