Lavash Kebab Brochette

Fleesch, Gewürzer an Brugd ass eent joerhonnertenaalt Zesaammenspill van Kulturen, Handwiärik an Goût. Ech han mech beanflossen geloss, dëst Rezept han ech ëmmer rëm gewissen krii an ech han et zimlich interessant fond.

Datt Ganzt fänkt äwer mat der Gewürzmëschung aan, natiirlich ass et einfasch, sech eng fiärdig Gewürzmëschung ze koofen, et krëtt een se jo am Buttik. Watt hokt einfasch su als Dönergewürzmëschung mam Joghurt vermëscht jiët, jiët eis villäicht eent klengt Steck Streetfood op den Teller. Hannert su enger Mëschung stëcht äwer bëssen mi wie nëmmen de Goût. Et ass eent Steck Migartiounsgeschicht an eent Kapitel van kulinarischer Kreativitéit. Meng Mëschungen maan ech ëmmer selwer, su han ech d’Kontroll an et ass näist dran watt ech net wëll.

Die kulinarisch Réis vam Döner

Den Ursprong vam Döner Kebab jieet wegt an d’Geschicht vam osmanischen Räich zeréck. Viraan Joerhonnerten ass d’Fleesch well aam Spiess gegrillt jiän, äwer net nëmmen an Anatolien, mee o an Persien, am Kaukasus oder an Griechenland. D’Iddi Fleesch ze würzen, fir et haltbar an am Goût mi intensiv ze maan, haat vill mat deem deemooligen Liäwen ze doen, winig Kéihlung, lang Réisen an gruuss Hëtzt. D’Fleesch ass mat Knuawelek, Salz, Paprika an Kréger angeriwen jiän dann gegrillt, gedrëchent oder angekooscht jiän.

Lavash, eent mëllt, dënnt Fladenbrugd aus Weessenmiähl, wor net nëmmen eng Beilaag, mee o eent Transportmëttel, een Tellerersatz, an et hat de Goût verstiärikt. An Regiounen wie Armenien, Aserbaidschan oder Ostanatolien ass de Lavash gebaasch an gedrëchent jiän, eent Beispill, fir haltbart an fir den Transport geegent Ässen aus einfaschen Zutaten.

01. D’Fleesch

Traditionell jiët de Kebab aus Lamm oder Kalef gemaat, weent der Zaarheet an dem Goût vam Fleesch. Fir meng Brochetten han ech eng Mëschung aus Rand- an Kalefsgehacktes gehollt, am besten natiilrlich ongewürzt. Gewürzt jiët datt Ganzt mat Ënnen, Knuawelek, Salz, frëschem Paprika, Zesten an Saaft van der Zitroun, Péitersilich an Dönergewürzmëschung. An fir na bëssen mi Goût jiët den Spiess während dem Grillen mat enger Hunnigbotter angepinselt. An wie datt mol virkommen kann enstinn aus klengen Fehler nei Rezepter.

Meng Botter ass mir ze waarem jiän, de Buadem van der Casserolle wor bal schwarz, ech han se direkt ëmgefëllt han äwer gemengt sie wir zefill verbrannt, nodeems du paar Lékt geschmaasch han hat sech raus gestallt datt et Nossbotter mat Hunnig an Gewürzer jiän ass.

02. D’Würzen

Eng goud Dönergewürzmëschung erzällt eng Geschicht, van de Wuurzelen, vam Handel an van den Erënnerungen. Klassisch Zutaten wie Paprika, Cumin an Koriander sen net nëmmen weent dem Aroma geschätzt jiän, vill van deene Gewürzer wiriken antibakteriell oder förderen Verdauung, an waarmen Regiounen mi wie wëllkomm. Knuawelek, Ënnen an Oregano ergänzen dësch Mëschung an suarigen fir een déiwen, herzhaften Goût an die typisch mediterran Wiäremt.

03. Grillen

Gegrillt jiët klassisch mat Holzkualen äwer indirekt Feier, datt brengt einfasch deen besten Goût. Natiilrich kanns du dës Brochetten o om Gasgrill oder am Schiäffchien baaschen. Hëlls du Holzspiesser, déi am besten wässeren vriaam Grillen, fir datt se net verbrennen.

04. Lavashbrugd

Lavash krëtt een hokt an all balkan oder türkischem Buttik ze koofen. Wanns du äwer Zékt has, baasch et selwer. Et brausch net mi wie Miähl, Waasser, Salz an bëssen Gedold. Ausrullen, an der Pann oder op engem waarmen Blech baaschen an datt wor et well. Du kanns dëst Brugd einfasch anfréirer oder et bëssen drëchnen loossen an spéider mat Waasser liit opweechen. Lavash ass net nëmmen jiät fir rondrëm, et drigt de Goût an brengt Textur. Et hëllt de Saaft vam Fleesch op, ëmhëllt Krégder an balancéiert d’Schiäreft.

Regional an saisonal

Die meest Zutaten fir dësen Spiess krëtt een saisonal an regional ze koofen, Ënnen an Knuawelek, Krégder an sugar de Paprika wiisst bei eis. Just Gewürzer wie Cumin, Canelle an Muskot… kommen aus dem Süden, äwer an klengen Mengen, fäir gehandelt ass datt alles vertretbar.

Traditioun an Zukunft

Dës Brochetten sen villäicht jiät neies, mee sie weisen mir, datt Rezepter sech vriaan entweckelen an jiät wonnerbares doraus entstoen kann. D’Zutaten schreiwen eent Stéck Ässkultur datt iwert Joerhonnerten gewaass ass. Et ass een Beweis, datt Traditioun an Noohaltigkeet Hand an Hand jinn. Eis Gruusselteren han villes richtig gemaat, mat einfaschen Mëttelen, mat der Léift zum Detail an mat Respekt vriaan deem, watt sie haaten. Hokt legt et aan eis, dëst Wossen, wegder ze entwéckelen, bewosst, regional an kreativ. An wann dobäi su eng Brochette rauskënnt, desto besser.

Lavash Kebab Brochette

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel

Zutaten

  • Dönergewürzmëschung
  • 3 EL séisst Paprikapolwer

  • 2 TL Cumin

  • 2 TL Korianderpolwer

  • 1 TL schwarze Päffer

  • 1 TL Oregano

  • 1 TL Chiliflocken oder Cayennepäffer

  • 0,5 TL Canelle

  • 0,5 TL Muskot

  • optional: 2 TL Knuawelekpolwer, an 1,5 TL Ënnenpolwer, ech selwer hualen Knuawelek an Ënnen ëmmer am léifsten frësch.

  • Salz setzen ech separat an

  • Würzbotter
  • 125 g Botter

  • 1 EL Dönergewürzmëschung

  • 3 Ziiwen Knuawelek, fein zerriwen

  • 2 EL Hunnig

  • 1 EL Zitrounensaaft

  • Salz

  • Lavash Kebab Brochetten
  • 1 kg Gehacktes (Rand, Kalef oder Lamm)

  • 2 rugd Spitzpaprika, fein gewïrfelt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 Enn, fein gehackt

  • 40 g Péitersilich, fein gehackt

  • Saaft van 1 Bio-Zitroun

  • Zesten van 1 Bio-Zitroun

  • 3 EL Dönergewüzmëschung

  • 1,5 TL Salz

  • Lavashbrugd (Fladenbrugd)

Zoubereedung

  • Dönergewürzmëschung
  • Sämtlich drëchen Zutaten mateneen vermëschen, an eent Glas fëllen an loftdicht verschléissen.
  • Ech hualen léiwer frësch Ënnen an Knuawelek, déi ech dann deen Moment fein hacken wann ech Gewürzmëschung brausch.
  • Würzbotter
  • An enger Casserolle schmëlzen ech op mëttel Hëtzt de Botter, bis en aafänk mat spruddelen, deen loossen ech su lang kooschen bis en aafänkt brong ze jiän. am besten dobäi stoen bleiwen, well en siier verbrennt.
  • Dann zéihen ech Casserolle van der Plaque an mëschen die anner Zutaten ënner deen waarmen Botter, goud mëschen bis den Hunnig sech opgeliesst hat. Casserolle setzen ech dann op een Eck vam Grill, su datt de Botter flessig bleift.
  • Lavash Kebab Brochetten
  • An enger gruusser Schossel mëschen ech d’Gehacktes mat den Ënnen, dem Knuawelek, dem Zitrounensaaft an den -Zesten, den Gewürzer an den Krégder.
  • D’Fleesch op mannst 5 Min. durich kniädden, su ensteht Bindung an d’Gehacktes hällt ganz ouni Ei zesaammen.
  • Vam ronnen Fladenbrugd schnégden ech bëssen van den Ségten aaf, su datt een Véiereck entsteht. Do drop verdeelen ech an enger dënner Schicht d’Gehacktes. Datt widderhualen ech bis datt ganzt Gehacktes verschafft ass.
  • Wivill Fladenbrugd datts du brauchs, hängt van der Griist aaf, Die Standard Weesenfladenbrugd déis du am Buttik ze koofen krëss, dovaan han ech der 10 gebrauscht.
  • D’Fladenbrugd mam Gehacktes leen ech openeen, maan dein Turem äwer net ze hii, soo krëss du se net ordentlich geschnidden, 5 Stèck datt klappt goud. Déi schnégden ech dann mat engem scharefen Messer an Sträifen van ongeféier 3 cm breet.
  • Meng Sträifen driien ech dann, su daat se mat der geschniddener Ségt om Brett leien an leen se hannereneen. Do durich, steechen ech dann meng Spiesser an zwëschen den Spiesser schnégden ech se dann na eng kéier durich.
  • Pass bëssen dorop op, datts du den Spiess su riit wie miilisch dodurich gestoosch krëss, datt ass bëssen Piddelaarbicht.
  • D’Spiesser jiän dann om Grill op indirektem Feier gegrillt an mat der Würzbotter angepinselt.
  • Oder du baachs se am waarmen Schiäffchien bei 180°C fir ongeféier 25 Min.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*