Menüer aus der Pann

Den Ursprong van su Menüer kënnt meestens van 2 Grondmenüer „Eintopf“ oder „alles an eng Pann schmäissen“. Sie han am Loof van der Geschicht an villen Kulturen eng Roll gespillt.

Well, wie hat meng Bomi ëmmer gesoot: „Et jiän vill komisch Lekt, äwer keng die näist ässen!“ Ausserdeem sen datt Menüer, déi:

  1. Satt maan.
  2. einfasch zouzebreeden sen.
  3. déi een an sein ganz eegene Goût aanpassen kann.
  4. an déi winig Spoul maan, o well fréiher haat een keen Iddi op onnigdig Aarbicht.

An traditionellen Këchen, egal ob an Asien, Amerika oder Europa, hat een su One-Pot oder One-Pan Ässen fond. Asien hat z.B. Räis, Geméiss an en kleng Quantitéit Fleesch gehollt. Latengamerika haat spéider d’Iddi „Arroz con…“ mat Bungen, Maïs, an mat allem watt do wor. An Europa sen su Pannenässen dachs mat Gromperen zoubereet jiän. An villen Häfen an Handelsstiädt ass mat der Zekt de Räiss ëmmer mi beléift jiän, en wor lang haltbar an einfasch ze transportéiren.

Kuckt een an d’Vergangenheet, dann muss een mool firtischt d’Bild van eisen moderne Këchen verjiässen. Keng beschicht Pannen, keng reguléierbar Hëtzt, keent Geméissregal oder Fleeschthéik, voller Optiounen. Fréiher sen Pannenässen, oder besser gesoot: „Alles-an-engem-Dëppen-garen“ entstannen aus der Nugdwendigkeet. De Mënsch hat do gekooscht wu heen wor. Iwer oppenem Feier, bëssen Geméiss, heinsdo Fleesch. Eng Pann oder eent net ze hiit Metallgefäss woren ideal, sie sen siier waarem jiän, et hat een winig Brennmaterial gebrauscht an sie woren einfasch ze transportéiren. Et ass nie em Raffinesse jiangen, mee em Effizienz, Goût an jiät watt satt mëcht.

Pannenässen jinn mat der Zekt, passen sech aan, an kannen genau mat deen Zutaten zoubereet jiän, déi een jiären hat, op Räis, Pasta oder Gromperen sen sie dachs mat net ze deieren Proteinen wie z.B. Gehacktes gemëscht an mat saisonalem Geméiss ergänzt jiän. Fiärdig wor eent Alldaagsässen, datt an senger Struktur iwert Joerhonnerten selwischt bliwen ass, an trotzdem ëmmer nei Facetten entweckelt hat.

Vegetarisch Variant mat Gromperen

D’Verännerung iwert Zekt

Kuckt een d’Verännerung van su Pannenässen, miärikt een siier, datt sie ëmmer am Dialog mat der Zekt stinn. Die Zekt noom Kréich hat Ässen mussen satt maan an et hat net duarefen deier sen. Gehacktes hat manner koost wie datt eenzelt Steck, d’Geméiss ass van der Saison bestëmmt jiän, an dachs aus deem eegene Gaart kommen.

Während den 80er an 90er Joeren sen anner Anflëss dobäi kommen. D’Globaliséirung hat nei Zutaten an den Alldaag bräit. Paprika an allen Faarwen, Maïs aus der Béchs, gefruaren, faarwig Geméissmëschungen. D’Këchen han Courage krii an et hat een aagefongen mat den Aromen ze spillen, Gewürzer ze probéiren, mat Kiiss ze iwerbaaschen, an d’Ässen su ze gestalten, datt et net nëmmen funktional wor, mee o genossorientéiert.

Hokt gesegt datt well rem ganz annëcht aus. Hokt jiët geschuatt van Meal Prep, van Clean eating, van Noohaltigkeet an bewosster Ernährung. Zur gläicher Zekt soll et siier an mat winigen Handgrëffer zouzebreeden sen. Eent Pannenässen erfëllt ganz vill van dësen Kriterien. Sie sen onkomplizéiert, villsegtig, flexibel, an goud virzebreeden, an durich d’Variatiounen praktisch onendlich wandelbar.

Variant mat Poulet an Kappes

An menger Këchen

Fir eent goud Pannenässen ze kreien, sen fir mech paar Schrëtt wichtig. Op Social Media gesegt een dachs, datt alles an eng Pann geschmass jiët, bëssen Flëssigkeet dobäi, Deckel drop an su lang kooschen geloss bis alles gar ass. Et ass eng Iddi, d’Ässen jiän o goud, mee et jieet besser.

Ech bereeden firtischt alles vir, datt heescht ech schnibbelen an hacken Ënnen, Knuawelek an mengt Geméiss kleng. D’Fleesch entweder Gehacktes, do spaart een sech schnegden oder Poulet, Rand, Schweng oder Lamm datt ech an dënn Sträifen schnegden.

Optional, kann datt Ganzt dann na mat Kiiss iewerbaaschen jïän, dofir dann de Schiäffchien op 180 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Eng Pann wiärmen ech fir an erhëtzen bëssen Botterschmalz oder Olivenualig, do dran brooden ech firtischt d’Fleesch kräftig aan, datt jiän Röstaromen an vill mi Goût an dengem Pannenässen. Datt hualen ech raus an stellen et op Segt bis ech et brausch.

Maan ech meng Pannässen mat Gromperen, brooden ech déi firtischt, bis se bal mëll sen. Datt heescht, ech brooden se firtischt kräftig aan, driien Hëtzt dann raaf an loossen se su lang brooden bis se goldbrong an bal durich mëll sen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren oder schwenken. Déi hualen ech o raus an stellen se op segt bis ech se brausch.

D’Hëtzt van der Pann driien ech dann raaf, an deem selwischten Fett brooden ech d’Ënnen, an dofir hualen ech mir Zekt, sie sollen gemellig eng sching brong Faaref kreien, rischt su entweckelen sie hiren onverwiässelbaren gouden Goût, deen sech durich datt ganzt Ässen zéiht.

Subal déi mëll sen, an den Doft die ganz Këchen erfëllt mëschen ech de Knuawelek an Gewürzer wie z.B. Paprikapolwer, Cumin, Curry, Ingwer… drënner an réisteren déi nëmmen kuurz aan. Vill Gewürzer entweckelen durich aanréisteren rischt hiren onverwiässelbaren Goût. Oppassen muss een äwer, well d’Gewürzer siier verbrennen. Well ech Tomatenpürée mat drënner mëschen maan ech datt o lo, aangeréistert schmëcht deen nämlich vill besser.

Dann mëschen ech d’Geméiss drënner, hei passen ech op, datt ech Geméiss, watt mi eng lang Garzekt brausch mi kleng schnegden an anner Zorten, déi mi siier mëll se mi gruuss loossen. Geméiss zéiht Waasser, datt loossen ech ganz verkooschen.

Datt läschen ech dann mat bëssen Weng oder wann een keen Alkohol hualen well mat bëssen Bréit aaf. Oder wanns du Tomate pelée hells, déi dobäi schëdden, Zitrounensaaft mëcht sech hei o ëmmer goud. De Weng an d’Zitrounensaaft loossen ech ëmmer ganz ankooschen, d’Bréit meestens bis op Halschent. Würzen datt Ganzt dann na mat Salz, Päffer an Paprikapolwer.

Lo mëschen ech mengt Flesch an d’Gropmeren rem drënner, an op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt kooschen bis alles durich gar ass.

Iwerbaaschen ech datt Ganzt mat Kiiss, streien ech subal wann d’Fleesch ënnergemëscht ass de Kiiss driwer an setzen mein Menü an de Schiäffchien, deen kann dann d’Aarbicht iwerhualen an alles gar baaschen.

Dozwëchen schmaaschen ech mein Menü natiirlich ëmmer rem an passen d’Gewüzer aan.

Variant mat Gromperen, Paprika an Kalefsfleesch

Van Fusiounskëchen bis Social Media

Stin ech hokt an menger Këchen an schnibbelen Geméiss, wie z.B. Courgetten, Ënnen, Paprika, Tomaten, Kooschelen, Muurten, Poretten, Pastinaken, Péitersilichwuurzel, Auberginen… maan ech datt net nëmmen aus praktischen Grënn. Et ass d’Ergebnis van eiser moderner Ässkultur. D’Geméiss soll liit sen, faarwig, frësch, aafwiässelung. Ausserdeem soll dëst Ässen, „eent Alldaagsässen“ an eent gesond Ässen sen. Gesond genou fir eent goud Gewëssen, äwer herzhaft genou, datt een et wirklich Ässen well.

Modern Këchen bedeit äwer o, datt een ëmmer nei Inspiratiounen krëtt. Eent Rezept op Instagramm, een TikTok-Video, eng kulinarisch Kultur, déi iwerall verfügbar ass. Dofir entstinn hogt ëmmer nei Varuatiounen. Mediterran Pannen mat Oliven an Kregder, asiatisch Versiounen mat Soja an Ingwer, amerikanisch mat aangehauchten BBQ-Nuancen. D’Basis bleift die selwischt, just datt rondrëm ännert sech.

Kommen zur Wëssenschaftlicher Segt

Ëmmer mol rëm hualen ech mir Zekt, an maan mir Gedanken firwatt su Menüer su goud fonktionéiren. Ob mat Gromperen, Pasta, Räis, Gehacktes oder annert Fleesch, Geméiss an evtl. na mat Kiiss iwerbaaschen?

D’Äntwert legt an verschiddene wëssenschaftlichen Prinzipien:

  1. Umami, Gehacktes enthält natiirlich Glutamate, déi den Umami-Goût brengen, datt watt dëst Ässen herzhaft mëcht. Kiiss, vriaan allem geräift Zorten verstiäriken dësen Effekt. Zesaammen erjiët datt een harmonische, satten Aroma, deen jidfereen als angenehm empfënnt.
  2. Kohlenhydrat droen de Goût, Räis, Gromperen oder Pasta sen zimlich neutral am Goût, Sie hualen sämtlich Aromen op wie een Schwamm, Zur glächer Zekt suarigt Stärke dofir, datt sech alles mateneen verbënnt an net drëchen jiët.
  3. De Kontrast van séiss, wie d’Geméiss, salzig wie d’Gewürzer, Fett, wie d’Fleesch, Frëschheet wie d’Kregder. Dës Géigensätz suarigen fir sensorisch Zefriddenheet, déi am Zesaammenspill besonnig befridigend sen.
  4. Fett drigt den Aroma. Fleesch liwert Fett. Et mëcht d’Ässen saaftig, herzhaft an köstlich. Datt selwischt zällt fir de Kiiss, während dem schmëlzen verbënnt heen alles mateneen an verstiärikt de Goût.
  5. Geméiss brengt Frëscheet an Textur. Ënnen mëll, Paprika knackig, su entsteht Spannung am Mond. Des Aafwiässlung suarigt dofir, datt su eent Ässen net langweilig jiët, o wann et ganz einfasch ass.
  6. Vill Pannenässen se Kandheesterënnungen oder liiesen eent ähnlicht Geféihl aus, waarem, mëll, goud rauschend an et mëcht satt. Mir han su eent Zesaammenspill jiären.
Variant mat Gromperen, Broccoli an Muurten

Pannenässen Hokt!

Hokt fënnt een Pannenässen iwerall. Hokt gesegt een sie op Social Media, niäwent opwendig dekoréierten Bowls, an Foodblogs niäwent Fine-Dining-Rezepter. Mir brooden Gnocchi mat Geméiss, schmäissen iwerig gebliwen Pasta an eng Pann, réisteren Räis knusperig aan. Vegetarisch an vegan Varianten han de Spektrum erwegdert, ouni äwer den Grindprinzip ze änneren. Tofu, Temphe oder Hülsenfriischten iwerhualen d’Roll, déi d’Fleesch haat. Gewürzer aus der ganzer Welt stin grëffbereet.

Watt sech na verännert hat, mir denken mi iwert eis Ernährung no, iwert Nährstoffer, iwert Noohaltigkeet. Pannenässen passen do erstaunlich goud. Sie eegnen sech perfekt fir Restverwiärtung, reduzéiren Liäwensmëttelverschwendung an lossen sech ganz einfasch aan individuell Bedürfnisser aanpassen. Glutenfräi? keen Problem, hual Räis oder Gromperen. Low-Carb? Mi Geméiss, manner Stärke. Proteinräich? Fleesch, Fësch, Eier oder Hülsenfiischten. Eng Pann ass demokratisch, sie urdeelt net, sie hëllt watt een hir jiët.

Hei eent Rezept van enger Räispann mat Gehacktes an gréine Bungen.

Räispann mat Gehacktes an gréine Bungen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

25

Minuten

Zutaten

  • Olivenualig oder eent annert Fett fir ze brooden

  • 2 Ënnen

  • 500 g Gehacktes

  • Salz

  • Schwarze Päffer

  • 2 Ziiwen Knuawelek

  • 4-5 Tomaten

  • 250 g Räis

  • 500 ml Bréit oder Waasser

  • 200 g gréin Bungen

Zoubereedung

  • Virbereedung
  • D’Ënnen schiälen ech an hacken se graff. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
  • De Räis wäschen ech grëndlich an kaalem Waasser bis d’Waasser kloer ass.
  • Tomaten wäschen ech an schnegden se an Würfel.
  • Die gréin Bungen, ech hualen do meestens gefruarener, brächen oder schnegden ech an Stecker van ongeféier 3 cm Längt. Déi blanchéiren ech dann fir 4-5 Min. am kooschenden Salzwaasser, dono schrecken ech se ënner kaalem Waasser aaf.
  • Kooschen
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech mengt Fett an do dran brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se mëll an goldbrong sen.
  • Do drënner mëschen ech dann Gehacktes an brooden datt mat aan. Datt würzen ech mat Salz, Päffer an Paprikapolwer.
  • Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée an de Knawelek drënner an réisteren datt kuurz mat aan. Dann kommen well Tomaten dobäi.
  • Subal datt alles waarerm ass, mëschen ech de Räis drënner an schëdden d’Bréit drop. Noodeems d’Bréit gekooscht hat, driien ech d’Hëtzt op niddrig, leen een Deckel drop an loossen datt Ganzt kooschen bis den Räis baal die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat
  • TIPP aus menger Këchen: et ass egal watt fir eng Bréit datts du hëlls, op eng Geméiss oder eng Fleesch, genausu kanns du Waasser hualen, dann äwer mi mat Salz an Päffer schaffen fir datt Ganzt op de Punkt ze würzen.
  • Kuurz viraan Schluss mëschen ech die gréin Bungen an drënner an erhëtzen déi. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na bëssen no.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*