Et jiän Ässen, déi schmaaschen goud. An et jiët Ässen, déi Geschichten erzällen. Minestrone gehiiert ganz kloer zur zweiter Zort. Sie ass keng Zopp, déi een eng kéier perfektionéiert an dann fir ëmmer genausu kooscht. Sie ass ischter eent liäwigt Archiv, van Joereszekten, Landschaften, Aarmut an Iwerfloss, van Alldaag an Wandel. Wann een Minestrone kooscht, réihert een ëmmer an der Vergangenheet an äwer o bëssen an der Zukunft.

Den Aafank; Nudg, Gaart an eent Dëppen
Den Ursprong van der Minestrone legt wegt viraan deem, watt mir hokt als italienisch Këchen kennen. Lang befir et Tomaten, Gromperen oder Bungen an Europa juffen, sen an der Antik well Geméisszoppen gekooscht jiän. Mat Hülsenfriischten, Ënnen, Kappes, Poretten an Weess, datt watt graad do wor, ass an Dëppen kommen. Fleesch juff et seelen well et deier wor an meestens fir Fester gehaalen juff. D’Zopp wor Alldaag, Iwerliäwen an Wiäremt.
Datt latengischt Wuort „minestrare“ bedeit suvill wie „zervéiren“ oder „ausdeelen“. Minestrone bedeit also iwersatt die „Ausgedeelten“, datt Gemeinsaamt. Keent Luxusässen, mee eent datt een deelt. An ländlichen Haushalten ass eent gruust Dëppen op d’Feier gesatt jiän, muaijes ass datt befëllt jiän, Daagsiwer ergänzt an owes rëm opgewiäremt. D’Zopp wor nie selwischt äwer ëmmer vertraut.
Watt hokt romantisch klengt, wor deemools ganz einfasch Nugdwendigkeet. Minestrone ass entstannen aus Sparsamkeet an Intuitioun. Et ass net no Rezept gekooscht jiän, mee no Joerszekt. Am Fréihjoer wor datt zaart Geméiss, am Summer Courgetten an Kregder, am Hiärest Bungen an Kürbis, am Wanter Kappes an Wuurzelgeméiss. Dës Logik zéiht sech bis hokt durich dëst Ässen.

Die gruuss Verännerung: Nei Welt, nei Zutaten
Een entscheedende Wendepunkt ass met der Entdeckung van Amerika kommen. Tomaten, Gromperen, Bungen an spéider o Maïs han hiren Weeg bis an Europa fond, an gemellig an o eis Kooschdëppen.
Mat der Tomat hat sech o d’Minestrone verännert. Sie ass rugd jiän, kräftig an herzhaft. D’Gromperen han dofir gesuarigt datt een satt jiët an d’Bungen an Proteinen geliwert. D’Zopp hat sech van enger dënner Bréit zu engem vollwiärtigen Ässen entweckelt. An trotzdem ass sie bliwen watt sie ass, een Spéjiel van hirer Regioun.
Et ass wichtig ze verstoen, datt et d’Minestrone an sech, nie juff. All Regioun an Italien haat hir eegen Versioun. Ligurien mëschen zum Schluss bëssen Pesto drënner. Am Süden sen mi Tomaten dran am Norden mi Kappes. An, an der Lombardei ass ischter Räis dran wie Pasta. Dës Zopp passt sech an de Klima, an d’Landwirschaft an, an d’Kultur aan, ganz ouni Drock.
Minestrone am 20ten Joerhonnert: Alldaag an Identitéit
Am 20ten Joerhonnert ass d’Minestrone endgültig zum Symbol van der italienischer Alldaagskëchen jiän. Sie wor nahrhaft, net deier an flexibel. Ideal fir Familien, déi mat winig auskommen mussten. Noom zweiten Weltkréich, an Zekten an deen rem alles opgebaut jiän ass, hat een dës Zopp regelméissig op den Dëscher fond. Vill Italiener verbannen sie bis hokt mat Kandheet, Gruusselteren an dem Geroosch van kooschendem Geméiss.
Mat der industrialiséierung sen Bechsen, gefruarent Geméiss an Fiärdigzoppen kommen. Minestrone ass standariséiert, haltbar an an Bechsen gepresst jiän. Aus engem liäwigen Ässen ass eent Produkt jiän, et ass fir verschiddener villäicht praktisch hëllt dësem Ässen äwer seng Séil.
An villen Këchen hat d’Minestrone äwer iwerliäft. Sie ass eent Ässen bliwen, bei deem een de Frigo opmëcht an denkt: „Datt kann zesaammenpassen.“ Sie bleift een kulinarischen Ausdrock van Kreativitéit.
Minestrone
Schwierigkeit: mëttel8
Portionen40
Minuten30
MinutenZutaten
1 Bechs wäiss Bungen (+/-250 g)
Olivenualeg
1-2 Ënnen
2 Muurten
1 Stange Zellerie
3 Ziiwen Knuawléck
2 EL Tomatenpürée
3-4 L Geméissbréit
1 Courgette
2-3 Tomaten
6-7 Bläder Wirsing
50 g Nudelen fir Zopp
2-3 Gromperen
1 Handvoll gréin Bungen
Salz & Peffer
1 Lorbeerblaad
je 0,5 TL Majoran, Oregano, Basilikum
frësch geraspelten Parmesan
optional: gehackten Péitersilich oder frëschen Basilikum fir Garnitur
Zoubereedung
- Virbereedung
- Hëlls du gedrëchent Bungen, déi an liit gesalzenem Waasser iwert Nait wässern, den Daag drop d’Bungen am Salzwaasser mëll kooschen. Hëlls du Bungen aus der Bechs, déi grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen, su datt die ganz konservéirungsflëssigkeet fort ass.
- D’Ënnen schiälen ech an hacken se kleng, d’Muurten jiän geschiält an kleng gewüfelt. Stang Zellerie wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser an würfelen déi o kleng.
- De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein. D’Courgette wäschen ech an Würfelen se. Genausu maan ech et mat den Tomaten, wäschen an würfelen. D’Gromperen schiälen ech an würfelen se, fir datt se net oxidéiren, loossen ech déi am kaalen Waasser leien bis ech se brausch. D’Wirsingbläder wäschen ech grëndlich, schnegden den Stronk raus an schnegden se dann an dënn Sträifen. Die gréin Bungen han ech Stecker van ongeféier 1,5 cm geschnidden an se am Salzwaasser eng kéier blanchéiert, aafschëdden an aafschrecken.
- Has du keng Nuddelen fir Zopp, kanns du o wie ech et gemaat ha n Spaghetti hualen, fir déi su ze brächen han ech se an eent propert Handdousch geweckelt, an datt fest gedrigt bis et net mi knackt.
- Zoubereedung
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen, d’Muurten an den Zellerie, bis en mëll ass an goud rëcht. Ech passen äwer op datt en net zevill Faaref aanhëllt.
- Dann mëschen ech de Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rausch mëschen ech den Tomatenpürée drënner an réisteren deen kuurz mat aan. Do schëdden ech dann d’Bréit drop an leen die ganz Kregder an Gewürzer mat dran. Datt loossen ech eng kéier opkooschen.
- Als nächst leen ech d’Gromperen, Tomaten an die wäiss an die gréin Bungen dran, an loossen datt Ganzt ongeféier 15 Min. kooschen.
- Dann kommen d’Nuddelen, de Wirsing an d’Courgette dran an dann loossen ech d’Zopp na eng kéier fir 15 Min. kooschen.
- Zwëschendurich ëmmer mol rem schmaaschen an d’Zopp op de Punkt würzen.
- Die fiärdig Zopp verdeelen ech op Telleren, streien bëssen Parmesan driwer an optional garnéiren ech se mat gehacktem Péitersilich oder Basilikumbläder.