Mosterteier mol annëcht

Wann ech an Fréiher denken jiët et baal keent annert Ässen, datt mi an menger Erënnerung ass, wie Mosterteier. Ëmmer Fregdes van ech mein Brouder van der Schull séichen wor sen et se jiän, mat deen langen Macheroni. Einfasch, et hat satt gemaat an et wor ëmmer eent klengt Festässen. Datt sen déi Ässen, déi sech déif an der Erënnerung agebrannt han.

Hokt ass et mol an der Zekt fir jiät neies, an zwar een Gratin mat Gromperen, Choufleur, Eier an Mostertzooss.

Deen klengen Bleck zereck

D’Wuurzelen van de Mosterteier féiren eis bis an d’19ten Joerhonnert zereck. Wie de Mostert durich die industrielle Produktioun fir jidefereen bezaahlbar jiän ass, an sein Weeg aus den Adelshäiser an eis Këchen fond hat. Eier woren well eent Grondnahrungsmëttel, liit verfügbar, nahrhaft an lang haltbar.

An aalen Kooschbéicher aus deem fréihen 20ten Joerhonnert taucht Kombinatioun Eier mat Mostertzooss regelméissig op, dachs als gënstig alternativ zum Fleesch. Besonnig während dem Kréich an während der Zekt dono wor dësen Menü fir vill een Seegen. Sie han Goût op den Teller breit, wann Fleesch Mangelwar wor. D’Zooss wor deen klengen kulinarischen Zauber, deen aus simpelen Zutaten eent wiärmend Ässen gemaat hat.

D’Grompern woren well vam 18ten Joerhonnert aan eent Grondnahrungsmëttel an Europa an han ganz einfasch mat de Mosterteier een köstlichen Menü gezaubert.

Vam einfaschen Ässen zum Soulfood

Während deen 70er an 80er Joeren woren Mosterteier eent bléiften Kantinenässen, sie woren do een Standardmenü. Leider nie su goud wie bei Bomi an hirer waarmer Këchen. D’Zooss wor dachs ze dënn, d‘Êier ze hart, d’Gromperen oder meestens sen et Nuddelen dobäi jiän, dugd gekooscht. De Kär ass äwer ëmmer bestoen bliwen, aus winig vill ze maan.

Hokt erliäwen Mosterteier een klengen Comeback. Foodblogger an Hobbykäch interpretéiren dësen Menü ëmmer rem nei. Sie jiän mat besonnigen Mostertzorten opgepimpt, zesaammen mat Geméiss zervéiert. Am Platz nëmmen op „satt“ ze setzen, jieet et lo em „wow“. An genau do kënnt o dësen Gratin an d’Spill.

Firwatt Choufleur an Gratin su goud beineen passen

Fréiher wor de Choufleur eent langweiligt Beilaagengeméiss, hokt jiët geréistert, als « Califlower Rice » verschafft oder sugar als Basis fir een Pizzabuadem genotzt. An, an Kombinatioun mat Gromperen ensteht eng wonnerbar Balance.

  • Gromperen brengen Stärke an Cremigkeet an de Gratin.
  • De Choufleur lockert datt Ganzt op, brengt bëssen Séissheet an eng fein Textur.
  • Zesaammen ensteht su eent Ässen datt winiger schwéier wirikt, äwer trotzdem Comfort Food pur ass.

Bëssen Wëssenschaft an der Këchen

Hei paar Fakten firwatt dëst Ässen fonktionéiert:

  • D’Emulsioun van der Mostertzooss. Mostert enthält natiirlich Emulgatoren, viraan allem Schläimstoffer. Dës hëlefen, d’Fett an d‘Flëssigkeet mateneen ze verbannen. Dofir jiët eng Mosterzooss su wonnerbar crèmig, ouni datt sie direkt ausflockt.
  • D’Maillard-Reaktioun beim Iwerbaaschen. Während dem Iwerbaaschen reagéiren Zocker an Protinen an de Gromperen an am Choufleur mateneen. Datt suarigt fir Röstaromen, déi mir als herzhaft an verféierisch ophualen. Dofir ass die goldbrong Krust op engem Gratin een Muss.
  • Ei als Proteinbomm. D’Eier liweren Aminosäiren. An Kombinatioun mat deen komplexen Kohlenhydrate aus de Gromperen erjiët datt eent Ässen datt satt mëcht an déi den Bloudzockerspéijel stabil hällt.
  • Choufleur an Mostert, eent verstopptent Duo. De Choufleur graad wie de Mostert gehiiren zur Familjen van de Kreuzblütler. Sie enthaalen Senfölglykoside, déi net nëmmen fir de Goût suarigen, mee o goud fir d’Verdauung sen.

Een Ausbleck an d’Zukunft

Ween wees wie sech dësen Menü vriaan entweckelt, ech denken et ass een Menü deen bleift, deen ëmmer rem gekooscht jiët. Villäicht mat bëssen mi Hightech an anneren Zutaten, villäicht mat fermentéiertem Choufleur an nei Zorten Gromperen. D’Iddi dohanner bleift äwer ëmmer die selwischt, eent Ässen datt engem Sëcherheet jiët, an ëmmer rem nei erfonnt kann jiän.

Na eent letzt Wuort

Villäicht denks du lo, su han ech Mosterteier na nie gäss. Genau datt ass de Punkt. Traditioun heescht net Stëllstand. Traditioun heescht jiät wiärtvolles mat an d’Zukunft ze hualen an et aan eis Zekt aanzepassen.

Mosterteier mol annëcht

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

40

Minuten
Kooschen

30

Minuten

Zutaten

  • Fir Zooss
  • 30 g Botter

  • 30 g Miähl

  • 600 ml Mëlich

  • 0,5 Ënn

  • 2 Neechleskäpp

  • 1 Lorbeerblaad

  • Salz

  • Cayennpäffer (deen liist sech ganz an der Zooss op an hannerlisst keng schwarz Punkten)

  • Muskot

  • 3-4 EL Mostert (mëttelscharef oder een mat Kären)

  • frëschen Dill an Péitersilich, fein gehackt

  • Fir de Gratin
  • 8 Eier, hartgekooscht

  • 600 g Gromperen, an der Schaal gekooscht

  • 400 g Choufleurruusen

  • Salz

  • 150 g gerriwene Kiss (Gruyère, Gouda oder Edammer)

Zoubereedung

  • Fir Zooss
  • Fir Zooss breeden ech eng klassisch Béchamel zou, dofir schmëlzen ech op niddirger Hëtzt de Botter an réiren do d’Miähl drënner, datt résiteren ech fir paar Min. aan äwer ouni datt et Faaref aanhëllt. Su setzen ech de Roux op Ségt an loossen en aafkéilen.
  • An engem anneren Dëppen erhëtzen ech op niddriger Hëtzt d’Mëlich, do drann leen ech eng halef Ënn, déi ech mat 2 Neelcheskäpp an mat 1 Lorbeerblaad gespickt han. Wann d’Mëlich kuurz vriaam kooschen ass zéihen ech se van der Plaque an loossen se na paar Min. durich zéihen
  • Die waarem Mëlich schëdden ech durich eng Passette op deen aafgekéilten Roux, ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen.Driien Hëtzt dann raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen. Heinsdo mol dran réiren an während dem auskooschen mat Salz, Cayennepäffer an Muskot würzen. Zum Schluss réiren ech den Mostert an die frësch Kegder drënner. Zooss lo net mi kooschen loossen.
  • Fir de Gratin
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • De Choufleur blanchéiren ech fir 8 bis 10 Min. am kooschenden Salzwaasser. D’Gromperen schiälen ech an schnégden se je no Griisst an d’Halschent oder an Véirel. Zesaammen mam Choufleur leen ech alles an eng feierfest Form.
  • Iwert de Gratin schëdden ech d’Zooss an vermëschen alles eng kéier.
  • D’Eier schiälen ech an halbéiren se, déi stächen ech zwëschen d’Gromperen an de Choufleur, do driwer streien ech dann de Kiiss an setzen datt Ganzt fir ongeféier 30 Min., oder bis de Kiiss goldbrong gebaasch as an de Schiäffchien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*