Oliventapenade

Oliventapenade as een traditionell mediterranen Dip, Zooss, Gewürz… Noom traditionelle Rezept jëtt dës Tapanade aus gréinen oder schwarzen Oliven, Kaperen, Anchoisfilet, Knuawléck an Olivenualeg gemaat. Ech han hei eng Variant gemaat, mat Paprika an ouni Anchois, aus deem Grond well ech Fësch net goud verdroen.

Verwendung

Dës Oliventapenade schmëscht erfrëschend an würzig, einfasch op enger Scheif Brugd, op engem Toast, Bruschetta, als Dip beim Grillen. Als Gewürz oder Fëllung fir Fleesch an Fësch kann se verschafft jiänn. An watt natiirlech o na passt, als Pesto op all Zort Genuddels.

Lagerung

Mat Olivenualg opgefëllt su datt keen Sauerstoff draan kënnt, an fest verschloss am Glas hällt sech dës Paste, kéil an donkel gelagert paar Méint. Mais sie jëtt jo net gemaat vir am Keller ze verstëppsen, sie jëtt gemaat fir ze ässen.

Subal Glas op as, ëmmer rëm mat Olivenualeg opfëllen an fest verschléissen hällt se sech paar Wooschen am Frigo. Bedenk äwer eent, all kéier wanns du se opfëlls verléiert Paste aan Würz, su datts du mi Gewürz beim verschaffen ansetzen muss.

Variatiounen

  • die original mat Kaperen an Anchois
  • oder et kann een se o mat Cottage Cheese maan.
  • genausu mat Pinienkären oder Mandelen.

am internet fënt een vill verschidden Variatiounen.

Zutaten fir dëst Rezept sën:

  • gréin Oliven
  • rugden Paprika
  • Knuawléck
  • Salbei
  • Zitrounensaaft
  • Peffer & Salz
  • Olivenualeg

Zoubereedung

Tapenade as ganz siier gemaat, alles bis op den Olivenualeg an eng Schossel oder een Blender leen an püréiren.

Zum Schluss Tapenade mam Olivenualeg bannen. Schmaaschen evtl. nowürzen.

An proper Gläser fëllen. Mat Olivenualeg opfëllen su datt alles bedeckt as. Den Rand vam Glas mat Këchenpapeier deen an Essig gezopt as proper maan. Fest verschléissen.

Oliventapenade

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

10

Minuten
Zoubereedung

10

Minuten

Zutaten

  • 200 g gréin entkärten Oliven

  • 1 an graff Stécker geschnidden rugd Paprikaschot

  • 4 Ziiwen Knuawléck

  • 2 Salbeiast oder 1 TL gedrëchenten Salbei

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Salz & Peffer

  • 4 EL Olivenualeg

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten, ausser den Olivenualeg an eng Schossel oder an een Blender leen. Alles fein püréiren.
  • Zum Schluss mam Olivenualeg bannen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • An proper Gläser fëllen. Mat Olivenualeg opfëllen su datt alles bedeckt as. Den Rand vam Glas mat Këchenpapeier deen an Essig gezopt as proper maan. Fest verschléissen.

Hei eng Iddi watt een maan kann. Gemëschtent Geméiss mat Pouletfilet, marinéiert mat der Oliventapenade, Basilikum, Salz an Peffer. Zougedeckt am waarmen Schiäffchen bei 200°C Grad 45 Min. schmoren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*