Mein One Pot ass liit asiatisch inspiréiert, d’Geheimins van dëser Zooss ass nämlich Cacahuettenpürée. Mengt Rezept van hokt kënnt äwer ganz ouni Nëss aus, bei mir ass et eng Saasch vam Goût, fir Allergiker ass et een Muss.
Den Ursrpong: Wie hat alles aagefongen
De Prinzip alles an engem Dëppen ze kooschen ass su aal wie d’Kooschen selwer. Well viraan dausende Joeren ass alles zesaammen an Toun- oder Gossendëppen gekooscht jiän, et wor praktisch an d‘Resultat wor maximalen Goût. Pilaw an Zentralasien, Jollof-Räis an Westafrika oder Bibimbap an Korea, de Räis drigt de Goût, en mëcht satt an ass bal op der ganzer Welt doheem.
Alles an engem Dëppen ze kooschen haat, an hat hokt na Virdeeler, et brausch net su vill Energie wie wann 2, 3 oder 4 Dëppen opstinn. Deemnoo watt fir een One Pot datt et ass, schmëscht en am besten mat engem Steck Baguette direkt aus der Pann, winige Spoul. Natiirlich maximalen Goût, dodurich datt alles zesaammen kooscht.
An Südostasien, besonnig an Länner wie Thailand, Malaysia oder Indonesien, hat sech iwert Generatiouen eng Art Këchenphilosophie entweckelt, bei der Räis, Geméiss, Fleesch oder Fësch an Zooss zu engem harmonischen Ganzen verschmëlzen.
Sämtlich One-Pot-Ässen baséieren op deem selwischten Prinzip, winig Resourcen, vill Mënschen an eent Dëppen.

D’Zooss nei gedeit
Ech ässen Cacahuetten, ech han es äwer net jiären an enger Zooss de Goût ass mir ze dominant. Fir meng Zooss hualen ech wäiss Bungen. Sie schlummeren dachs an eiser Spënnchen an jiän als Zutat fir Zoppen genotzt. Sie han äwer vill mi Potenzial, püréiert erjiänn sie eng neutral, crèmig, eiwäissräich Basis, déi sech wonnerbar mat sämtlichen Aromen verbënnt. An datt Best, sie waassen o bei eis.
Ech hualen wäiss Bungen, zesaammen mat Sojazooss, Gewürzer an Limetten- oder Zitrounensaaft. Su ensteht eeng crèmig Zooss, déi de Poulet mam Geméiss am mam Räis verbënnt, an datt ouni deen dominanten Goût van enger Nosscreme.

De Poulet
Ween Fleesch ësst, soll et bewosst maan. Datt soll lo keen moralischen biisen Fanger sen, mee eng Alaadung. Am Platz Masse zällt Hiärkonft. Fir mein Menü hualen ech regionalen Poulet. D’Fleesch jiët net iwergaart, mee aangebrooden fir datt et Röstaromen krëtt an dann an der Zooss fiärdig gegart. Su bleift et saaftig an drigt de Goût van den Gewürzer.
Natiirlech lisst sech dëst Ässen o vegetarisch gestalten, mat Kooschelen, Tempeh oder Tofu. Besonnig Austernpilze an dënn Sträifen geschnidden an knusperig aangebrooden, liweren sie een umami-räichen Goût.
Zockerschoten, frësch Knackigkeet mat kuurzer Saison
Zockerschoten sen eent Geschenk vam Fréihsummer. Hir knackig Séissheet harmonéiert perfekt mat der würziger Zooss an sie brauschen net lang mat ze garen. Ech mëschen se ëmmer rischt kuurz viraan Schluss ënnert d’Ässen, su datt se waarem jiän, äwer net labberig.
Zockerschoten kommen aus regionale Aanbau, dachs vam Frëschmaart oder direkt aus dem Gaart. Ween op Saison an Hiärkonft oppasst krëtt net nëmmen besser Qualitéit, mee ënnerstëtzt o noohaltig Strukturen.
TIPP aus menger Këchen: Am Hiärest oder Wanter loossen sech Zockerschoten goud durich blanchéierten gréine Kappes, Mangold oder Wirsing ersetzen. Su krëss du een mi robusten Menü, äwer mat genau su vill Goût.

De Räis
Basmatiräis ass hei datt klassischt Element, goud rauschend, locker an als neutralen Géigenpol zu der aromatischer Zooss. O wann en net aus regionalem Aanbau kënnt lungt sech o hei den Bléck op een fairen Handel, an ëmweltschounend produzéiert Zorten.
Ween jiären experimentéiert kann op een Ronnkärenräis oder Dinkelräis aus Bayern zeréckgräifen, datt brengt eng ganz nei Textur an d’Spill.
TIPP aus menger Këchen: Räis vam Daag virdrann eegent sech o goud fir dëst Ässen. An Asien ass kaalen Räis dachs deen geheimen Held van Ässen aus der Pann.
Haltbarkeet & Virbereedung
Datt best aan su Rezepter, sie loossen sech wonnerbar virbereeden an haltbarmaan.
- Bungenzooss am viraus püréiert hält sie sech an engem loftdicht zouenen Glas bis zu 3 Deeg am Frigo.
- D’Zooss waarem an steril Gläser fëllen, fest verschléissen op de Kapp stellen, an dann kéihl lageren, su hällt sech d’Zooss paar Wooschen.
- Natiirlich lisste sech dësen Menü o goud an Portiounen anfréiren.
D’Réis vam Aroma
Dëst ass eent Ässen, datt sech vriaan entweckelt, mat den Joerszékten, mat deem, watt Këchen am Angebot hat an mat der Virléift van deenen déi mat ässen.
Die wäiss Bungen stinn hei symbolisch fir dësen Wandel, villäicht onschéngbar, äwer mat gruussem Potenzial.

Na eent letzt Wuort
Wie bei allen One-Pot-Ässen zällt o hei, net ze komplizéiert denken. Einfasch maan. Zutaten austauschen, aafschmaaschen an aanpassen.
Et ass net Authenzitéit om Papeier déi zällt, mee d’Freid aam Ässen. Ob alleng fir den Feierowend, mat Frënn oder als siiert Familjenässen, dësen One Pot brengt Goût, Wiäremt an en bëssen d’Welt an deng Schossel.
One Pot Poulet, Basmatiräis an Zockerschoten
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Min.30
Min.Zutaten
400 g Pouletfilet, an Mondgerecht Stécker geschnidden
Neutralen Ualig fir ze brooden
1 Ënn, gehackt
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1 TL Ingwer, gerriwen oder fein gehackt
250 g Basmatiräis, gewäsch
250 g Zockerschoten
Salz & Päffer
- Fir Zooss
5 – 6 EL wäiss Bungen, aus der Béchs, grëndlich aafgewäsch
3 EL Sojazooss
Saaft van 0,5 Zitroun oder Limette
0,5 TL Chiliflocken
500 ml Bréit
Fir Garnitur, an dënn Ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen
Zoubereedung
- Fir Zooss
- Sämtlich Zutaten fir Zooss fëllen ech an eent Dëppchen an püréiren alles.
- Fir de Poulet
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Ualig an brooden do dran de Poulet all rondrëm goldbrong aan, würzen mat Salz an Päffer. Do mëschen ech dann d’Ënnen, de Knuawelek an den Ingwer mat drënner an brooden alles aan.
- Subal d’Ënnen an de Knuawelek goud rauschen, mëschen ech de Räis drënner an schëdden die püréiert Zooss drop.
- Subal datt opgekooscht hat, driien ech Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech datt Ganzt op niddriger Hëtzt kooschen bis de Räis die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat. (Ongeféier 15 Min.)
- Paar Min. viraan Schluss van der Kooschzékt mëschen ech Zockerschoten drënner, schmaaschen an würzen evtl. na no.
- MaT Deckel lossen ech datt Ganzt dann na paar Min. kooschen su datt Zockerschoten durich waarem sen, äwer na knusperig bleiwen.
- Datt verdeelen ech op Telleren an garnéieren mat Frühlingszwibbelen.