Paprikagulasch

Paprikagulasch stamm ursprünglich aus Ungarn, wu en als Pörkölt oder Paprikás bekannt ass. Et ass een herzhaften “Comfortfood” datt lang geschmoort jëtt an aus Fleesch, Ënnen Knuawléck, Paprika an Gewürzer besteht. Een Klassiker deen einfasch zouzebreeden ass.

Et jänn vill regional Varianten an am Loof van der Zéckt hat wahrscheinlich jidfereen seng eegen Versioun van dësem Klassiker kreéiert.

Ech beschreiwen dir hei wie ech mein Paprikagulasch zoubereeden.

fir dëst Rezept ze kooschen brauchst du:

  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • eent Gossendëppen

Zoubereedung

D’Fleesch schnégden ech an mondgerecht Stécker. Du kanns natiirlech o färdeg geschniddene Gulasch beim Metzler koofen, ech han do allerdings festgestallt, datt et net ëmmer wirklich goud durichwaasent Fleesch ass fir Gulasch ze kooschen. Fleesch fir den Gulasch soll van enger goud durichwaassener Fleeschpartie stammen, wie z.B. aus der Schëller oder der Wade.

D’Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

De Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt.

De Paprika, entkären ech, an schnégden en an Streifen van ongeféier 1 cm Déckt. Fir mi Faaref an dein Gulasch ze kreien, kanns du gréinen, jiällen an rugden hualen, du kanns o nëmmen rugden hualen, ganz su watt dir am besten schmëscht.

An mengem Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, an brooden Fleesch all rondrëm kräftig aan, mat Salz an Peffer würzen. Hual dir dofir bëssen Zéckt, datt et wirklich sching brong aangebrooden ass. Ass et vill Fleesch, dann brooden ech et an Etappen aan, et soll brooden an net am eegene Saaft kooschen. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt.

An deem selwischten Dëppen, schmëlzen ech rëm bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan, déi loossen ech karameliséiren. Subal déi sching brong sen, mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen mat aan.

Wann den Knuawléck aafänk mat rauschen, mëschen ech den Paprika drënner an brooden den fir goud 10 Min. mat aan.

Ech loossen mir bei deen eenzelen Komponenten ëmmer genou Zéckt fir alles grëndlich aanzebrooden, datt mëscht den Gulasch vill besser an vill mi reich aan Aromen.

Datt würzen ech dann mat Salz, Peffer an Paprikapolwer, bëssen Cumin an ech leen na eent oder zwee Lorbeerbläder mat dran. Gewürzer brooden ech kuurz mat aan, well datt mi Aroma mat brengt. Pass do äwer ëmmer op, Gewürzer verbennen ganz siier.

Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen mat aan, su datt sech om Buadem vam Dëppen Röstaromen bilden.

Wanns du rugde Wéng an dein Gulasch mëchs kanns du Geméiss lo domatt aafläschen, an komplett ankooschen loossen bis sech rëm Röstaromen om Buadem vam Dëppen bilden.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwisch- an Ënnischhhëtzt vir.

Hëtzt driien ech dann rop, an schëdden ongeféier halschent van der Bréit, oder wanns du eeng gouden Zossenfond has, drop, deen loossen ech dann komplett ankooschen, bis et om Buadem vam Dëppen rëm aafänkt Röstaromen ze bilden. Datt widerhualen ech mat der rest Bréit, an schëdden dann den Pelati drop. Datt loossen ech opkooschen an mëschen Fleesch drënner. Schmaaschen an würzen evtl. na no.

Dann leen ech den Deckel drop an setzen den Gulasch fir 1 Stonn bis 1,5 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen. Du kanns dein Gulasch o op der Plaque färdeg kooschen, Hëtzt raaf driien an mat Deckel schmooren loossen.

Has du Gulasch erwëscht, deen net su goud durichwaassen ass, jiff ech no enger Stonn schmoren eng kéier kontrolléiren wie mëll an zart Fleesch ass. Deen Gulasch deen ech hei haat, wor no enger Stonn schmoren goud.

Zutaten

  • Randsgulasch
  • Botterschmalz
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Paprika
  • Tomatenpürée
  • optional: rugde Wéng
  • Bréit oder Zoossenfond
  • Pelati

Gewürzer

  • Salz & Peffer
  • Paprikapolwer séiss oder scharef
  • Cumin (Kreuzkümmel) oder normalen Kümmel
  • Lorbeerbläder

Tipps

  1. Du kanns den Gulasch mat Nuddelen, Knödel oder Gromperen zervéiren. Ausserdeem kanns du viraam zervéiren bëssen Sauerrahm ënnermëschen, déi soll äwer net mi kooschen well se jären gerënnt.
  2. Pass do drop op, datt all Zutaten goud aangebrooden jëtt, an datt sech ëmmer rëm Röstaromen om Buadem vam Dëppen bilden kann, datt brengt deen richtigen Aroma deen een gouden Gulasch han soll.
  3. Gulasch, o wann en ganz einfasch zouzebreeden ass, ass et een Menü deen Zéckt brausch, sëff et am Aaafank alles grëndlich ze brooden an zum Schluss datt gemelligt an op nidriger Hëtzt schmooren. Rischt duricht Schmooren verdeelen sech sämtlich Aromen an drëngen o ant Fleesch an.

Varianten

Ungarische Gulasch ass dachs mi würzig, well en mat mi Paprikapolwer gewürzt jëtt. Dachs ass hei o Sauerrahm mat dran.

Die ëisterräichisch Variant jëtt dachs mat Gromperen oder Semmelknödel zervéiert.

An Serbien jëtt den Gulasch dachs ant Paprika gefëllt an dann geschmort an mat Reis zervéiert.

Paprikagulasch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 800 g Randsgulasch, an Mongerecht Stécker geschnidden

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 4 Paprika (verschidden Faarwen oder nëmmen rugden…)

  • 2 EL Tomatenpürée

  • Optional: 125 ml rugde Wéng

  • 250 ml Randsbréit oder Zoossenfond

  • 800 g Pelati (Béchsen)

  • Gewürzer
  • Salz & Peffer

  • 1-2 EL Paprikapolwer (séiss oder scharef)

  • 0,5-1 TL Cumin (Kreuzkümmel) oder normalen Kümmel

  • 2 Lorbeerbläder

Zoubereedung

  • An engem waarmen Gossendëppen den Botterschmalz erhëtzen an Fleesch all rondrëm sching brong aanbrooden, salzen an pefferen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen do dran op mëttel Hëtzt brooden an karamelsiséiren loossen.
  • De Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänken mat Rauschen den Paprika ënnermëschen an ongeféier 10 Min. brooden. Mat Salz, Peffer, Paprikapolwer, Cumin würzen an Lorbeerbläder mat dran leen.
  • Den Tomatenpürée ënnermëschen an mat brooden, su datt sech Röstaromen am Buadem vam Dëppen bilden.
  • Optional: mam rugde Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Halschent van der Bréit oder Zoossenfond drop schëdden an deen komplett ankooschen loossen. Datt selwischt mat der annerer Halschent widerhualen.
  • Den Pelati drop schëdden, opkooschen loossen an Fleesch drënner mëschen. Schmaaschen evtl. na nowürzen.
  • Mat Deckel am waarmen Schiäffchen ongeféier 1 Stonn bis 1,5 Stonnen schmoren. No enger Stonn kontrolléiren op Fleesch well zart an saaftig ass!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*