Pasta al Pesto Trapanese

Hokt hualen ech mat op eng Réis an Sizilien, der sonnenverwiännter Insel am Mëttelmiär. Sie ass net nëmmen bekannt fir hir wonnersching Landschaften, mais o fir hir goud Këchen. Hokt mat engem einfaschen an raffinéierten Rezept, datt een Hauch vam Süden op dein Teller brengt – Pasta al Pesto Trapanese!

Zutaten fir meng Pasta al Pesto Trapanese

1. Pasta

  • Hual eng Zort Pasta, déi Zooss goud ophëllt. D’from van der Pasta suarigt dofir, datt den Pesto goud draan hänken bleift. Ech han Holt Fusilli geholt. Durich deen neutralen Goût van der Pasta kënnt deen kräftigen Aroma vam pesto goud zur Geltung.

2. Tomaten oder Kiischtentomaten

  • Zégdig Tomaten brengen een natiirlichen séiss, säierlichen Aroma. Hëlls du Kiischtentomaten, déi platzen während dem brooden an setzen su hiren ganzen Atoma frei.

3. Courgetten

  • D’Courgetten han een mëllen liit séisslichen Goût an eng zart Textur, déi perfekt mat deem intensiven Aroma vam Pesto harmonéiert. Durich d’Brooden kreine Courgetten een liit nossigen Aroma an béiden su een schingen Kontrast zu deen saaftigen Tomaten.

4. Pecorino oder Parmesan

  • De Pecorino ass een kräftigen, salzigen Schoofskiiss mat engem liit nossigen an scharefen Goût. En brengt eng gewëss Würzigkeet ant Ässen an ergänzt deen nossigen Aroma vam Pesto perfekt.
  • De Parmesan brengt een mëllen Aroma an mi eng cremig Textur ant d’Ässen. En harmonéiert wonnerbar mam Aroma vam Pesto. De Parmesan ass net su scharef an salzig wie den Pecorino.

5. Salz & Peffer

  • D’Grondgewürzer, déi dozou déinen d’Aromen van allen Zutaten ze hiäwen. Bëssen Salz intensivéiert den Goût van den Tomaten an dem Basilikum, während den Peffer een liiten Hauch van Scharef an Waarem mat brengt.

Sämtlich Zutaten brengen hir eegen Perséinlichkeet mat ant Spill an zesaammen entsteht eent harmonischt Ganzt aus séiss, nossig würzig an frësch! Eng Delikatesse, déi d’Aromen vam Mëttelmiär perfekt anfängt!

Zoubereedung

Datt ischt watt ech maan, ech bereeden den Pesto zou, d’Rezept dofir fënns du HEI!

Tomaten wäschen ech grëndlich an schnégden se an Würfel. Kiischtentomaten wäschen an ganz loossen.

D’Courgetten wäschen ech, dann schnégden ech se an Stäbercher von ongeféier 0,5 cm Déckt an 1,5 cm Längt. Du kanns se äwer o ganz einfasch an Scheiwen oder Halefscheiwen schnégden.

Als nächst setzen ech eng Pann op Plaque an wiärmen se op mëttel Hëtzt vir. Do dran erhëtzen ech bësse Olivenualeg an brooden d’Courgetten do dran aan bis se aafänken bëssen Faaref ze kreien.

Iwerdeems d’Courgetten brooden setzen ech eent Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op, datt lossen ech opkooschen an kooschen do dran Pasta no Packaaweisung al dent. No der Halschent van der Kooschzéckt hualen ech eng Tass Nudelwaasser raus an stellen datt op Ségt bis ech et brausch.

TIPP: Nudelwaasser kann su salzig wie Miärwaasser sen, datt meest Salz land suwisu am Aaffloss. Zum richtigen Zécktpunkt gesalzen, spillen d’Nudelen eng entscheedent Roll datt dengt Ässen perfekt schmëcht. Nosalzen brengt naist, du krëss nie deen selwischten Goût. Wanns du dir onsëcher bass ob’s du genou Salz an dengem Waasser has, schmaasch et!

Subal Courgetten liit Faaref kreien mëschen ech Tomaten drënner an brooden déi mat bis se zerfällen. Kiischtentomaten bëssen ischter drënner mëschen, déi kanne platzen an zerfällen. Mat Salz an Peffer an optional Chiliflocken würzen!

Subal d’Nudelen mëll sen, schëdden ech firtischt d’Halschent vam Nuddelwaaser bei d’Geméiss ant Pann, dann schëdden ech Nuddelen aaf an schëdden déi bei d’Geméiss, do drënner mëschen ech, bëssen mi wie d’Halschent vam Pesto, Pann goud schwenken oder réiren su datt sech den Pesto iwerall verdeelt.

Probéier firtischt mat engem Deel vam Pesto an Nudelwaasser, schmaasch deng Nudelen, han se fir dech die gewënschten Intensitéit vam Goût an die richtig Konsitenz erreecht, brauchst du wégder naist mi ënnerzemëschen. Hat sech äwer z.B. den Pesto net richtig verdeelt, na bëssen Nudelwaasser drop schëdden, han se fir dech net deen richtigen Goût dann na bëssen Pesto ënnermëschen.

D’Nudelen op Telleren verdeelen an mat frësch geriwenem Pecorino oder Parmesan an schwarzem Peffer aus der Millen garnréiert zervéiren.

Tipps

D’Nudelwaasser ass stärkehaltig an hëleft dobäi, datt sech alles wie eng Creme iwert den Nudelen verdeelt.

Fir datt den Pesto sein frëschen Goût behält ass et am besten en net ze lang an net ze waarem ze erhëtzen. kuurz ënneréiren an zervéiren.

Schmaaschen ass bei allem watts du kooschs den A an O. Et mëcht een gruussen Ënnerscheed, wann Gewürzer zum richtigen Zécktpunkt angesatt jänn.

Pasta al Pesto Trapanese

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 150 g bis 200 g Pesto alla Trapanese

  • 400 g Pasta (Fusilli, Rigatoni, Penne, Spaghetti…)

  • 4-5 frësch Tomaten, an Würfel geschnidden

  • 1 Courgette, an kleng Stäbercher oder dënn Scheiwen geschnidden

  • bëssen Olivenualeg

  • frësch geriwene Pecorino oder Parmesan

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • Optional: 0,5 TL Chiliflocken

Zoubereedung

  • An enger virgewiäremter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech Courgetten bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Subal Courgetten an der Pann sen, setzen ech eent gruust Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op an loossen datt opkooschen. Do dran kooschen ech Pasta no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt hualen ech eng Tass Nudelwaaser raus an stellen datt op Ségt bis ech et brausch.
  • Subal Courgetten aanfänken Faaref ze kreien mëschen ech Tomaten drënner an brooden déi mat bis se zerfällen. Mat Salz, Peffer an optional Chiliflocken würzen.
  • Subal d’Nudelen mëll sen, schëdden ech firtischt d’Halschent vam Nuddelwaaser bei d’Geméiss ant Pann, dann schëdden ech Nuddelen aaf an schëdden déi bei d’Geméiss, do drënner mëschen ech bëssen mi wie d’Halschent vam Pesto, Pann goud schwenken oder réiren su datt sech den Pesto iwerall verdeelt.
  • Schmaaschen an evtl, na mat Pesto oder/an Nudelwaasser aafschmaaschen. Den Pesto soll d’Nudelen ëmmantelen ouni datt zevill Zoss entsteht.
  • Op Telleren verdeelen an mat Pecorino oder Parmesan an gemahlenem schwarze Peffer garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*