Pelati (Tomate Pelée)

Et jëtt näist besseres, wie den Goût van sonnengereiften Tomaten op der Zong. Frësch san Marzano Tomaten sen net nëmmen Herz van der neapolitanischer Këchen, sie sen Grondlag fir mein Pelati.

Ursprünglich stammen San Marzano Tomaten aus der Regioun Kampanien an well sie besonnig séiss an winiger Saier enthaalen, jänn si ségt Joerhonnerten an der italienischer Këchen geschätzt an verschafft. Ob fir eng einfasch Tomatenzooss fir op Pizza, eng herzhaft Bolognese oder een köstlichen Paprikagulasch – den Pelati ass eent Multitalent an der Këchen.

Bei mir jän se angekooscht an su han ech mein Pelati fir ganzt Joer an der Spënchen stoen.

An datt Best, du brauchs nëmmen 2 Zutaten, fir dësen Schatz an denger Këchen zouzebreeden.

Tomaten, salz, holzteller

Zutaten fir mein Pelati

1. San Marzano Tomaten

  • Dës Tomaten sen Herzstéck van mengem Pelati, Sie sen bekannt fir hiren séissen, intensiven Goût. Durich hir fest Struktur sen sie perfekt fir an ze kooschen ausserdeem zerfällen sie net su siier watt sie zur perfekter Wiäll fir Zoossen mëcht. Die länglich Form an hir déif rugd Faaref sen Markenzeechen van dëser Tomat, an durich die mi dënn Schaal loossen sie sech besonnig goud schiälen

2. Salz

  • Salz ass net nëmmen eent Gewürz, et hëlet o dobäi Tomaten ze konservéiren, ausserdeem hiäft et de Goût van den Tomaten.

Paar Wiärder zur San Marzano Tomat.

  1. San Marzano Tomate hat eng länglich, zylindrisch Form mat enger liit spatz zouloofender Spëtzt.
  2. d’Hogt van der San Marzano as dënn an liit ze schiälen, watt sie ideal fir Zoossen an Bëchsen mëcht. Fleesch as fest, saaftig an hat nëmmen wineg Kären.
  3. Dës Tomat as bekannt fir hiren séisslichen, kräftigen Tomatengeschmaasch. Sie as net su säierlich wie anner Tomatenzorten an hat een angenehmen Aroma.
  4. Tomaten sen besonnëch beléift fir Zoossen, Zoppen, Salsas an anner italienischt Ässen zouzebreeden.
  5. Die Echt San Marzano Tomaten jiänn an der Regioun Kampanien an Italien aangebaut. Et as eng geschützt Herkonftsbezeechnung (DOP), déi sëcherstellt, datt Tomaten aus dëser Regioun stammen an deen hiien Qualitéitsstandards entsprèchen.

Opgrond van hirem eenzigartigen Geschmaasch an hirer kulinarischer Bedeitung jiän San Marzano Tomaten an villen Këchen an bei Liebhaber van der italienischer Këchen hii geschätzt. Beim Koof as et wichtig op DOP-Siegel opzepassen an van do wu se kommen, fir sëcherzestellen datt et sech ëm die richtig Zort handelt.

Zoubereedung

Fir Pelati ze maan jiänn Tomaten geschiält. Datt heescht Tomaten aschnégden an se 1 Min. an kooschend Waasser leen. Am Äiswaasser aafschrecken an schiälen.

Tomaten kleng schnegden an Saaft watt austrëtt opfänken. Tomaten salzen an goud mëschen.

Fläschen oder Gläser mussen proper sen. am besten se an kooschend Waasser leen fir datt se stéril sen. Fläschen oder Gläser, da bis knapp ënnert den Rand opfëllen an se fest verschléissen.

Fläschen an eent hiit Dëppen setzen. Wanns du keent Akooschdëppen has, een Grill ant Dëppen leen oder eent Dousch an Fläschen do drop setzen.

Kaalt Waasser ant Dëppen fëllen bis knapp ënnert den Deckel van de Gläser oder de Fläschen. Dann erhëtzen, kooscht Waasser, Hëtz raaf driien, an se eng goud Stonn iwer 75 Grad haalen. Plaque ausschalten an se am waarmen Waasser aafkéihlen lossen.

Wëlls du bëssen Aafwiésselung han, kanns du dein Pelati o mat Krégder, wie z.B. Basilikum, Oregano verfeineren.

Pelati (Tomate Pelée)

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Ankooschen

60

Minuten

Zutaten

  • 1,5 KG San Marzano Tomaten

  • 1 EL Salz

Zoubereedung

  • Fir Pelati ze maan jiänn Tomaten geschiält. Datt heescht Tomaten aschnégden an se 1 Min. an kooschend Waasser leen. Schaal geht dann bal vam selwen looss.
  • Tomaten kleng schnegden an Saaft watt austrëtt opfänken. Tomaten salzen an goud mëschen. Pass op dass du wirklech nëmmen 1 EL Salz dran mëschs, datt misst su ëm 20 g sën.
  • A proper Fläschen oder Gläser afëllen, fest verschléissen.
  • Wanns du keent Akooschdëppen has, een Grill oder een Dousch ennen ant Dëppen leen, Fläschen an Gläser dran setzen. Dëppen mat kaalem Waasser, bis knapp ënnert den Deckel van den Gläser oder Fläschen fëllen.
  • Waasser erhëtzen, opkooschen loossen an Temperatur eng goud Stonn iwer 75°C Grad haalen et soll äwer net kooschen. Gläser am Waasser komplett aafkéilen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*