Pikant Paprikazopp

Hogt hualen ech dech mat an weisen die wie eng pikant Paprikazopp gekooscht jett. Eng herzhaft Zopp, déi einfasch zouzebreeden ass an voller Aroma an bëssen Feier ass.

Paprika krëtt een datt ganzt Joer iwer am Buttik ze koofen. Van Juli bis Oktober krëtt een Paprika aus reigionalem Aanbau. Durich sein ausgeprägten Eegengeschmaasch ass den Paprika an all Menü ëmmer rauszeschmaaschen.

Deen gréinen Paprika brengt een herben Geschmaasch mat, während deen rugden séiss an aromatisch schmëscht. Die verschidden Faarwen vam Paprika weisen wie zégdig datt en ass, van gréin – net zégdig, bis zu rugd – zégdig. Deen gréinen kann äwer ouni Bedenken gäss jiänn.

Verwendung vam Paprika, an Zoppen, am Gulasch oder engem Eintopf geht op die traditionell ungarisch Këchen zeréck, déi reich aan würzigen Aromen an herzhaften Menüer ass. Am Loof van der Zéckt han sech verschidden regional Varianten entwéckelt, déi d’Zutaten an d’Gewürzer je no lokaler Virléift an op Liäwensmëttel verfügbar sen, aangepasst han.

Fir dës Zopp ze kooschen brausch ech:

  • eent gruust Dëppen
  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • een Püréierstaaf
  • een Holzeläffel
  • eng Passette

Zoubereedung

De Paprika, entkären ech an schnégden en an graff Stécker.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken se graff.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Ualeg, ech han hei fir se pikant ze kreien mein Chiliualeg geholt. Du kanns Amplatz vam Chiliualeg, frësch Chilischoten oder gedrëchent Chiliflocken hualen.

Wanns du frësch Chili oder Chiliflocken hëlls, fänk mat bëssen aan an würz dann evtl. no, bis du Zopp su scharef has wie se dir schmëscht.

Den Paprikapolwer an bëssen Chili mat aanbrooden, datt brengt mi Aroma ant Zopp, pass äwer op, Paprikapolwer verbrennt ganz siier,

Subal den Ualeg waarem ass brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck, den Paprikapolwer an evtl. den Chili mat drënner.

Als nächst mëschen ech den Paprika drënner an brooden datt Ganzt ongeféier fir 10 Min. op mëttel Hëtzt.

Dann schëdden ech Bréit an den Pelati drop, driien Hëtzt rop an loossen Zopp opkooschen. Schmaaschen an würzen.

Watt fir eng Bréit datts du hëlls ass egal, fir een intensiven Geschmaasch ass natiirlech ëmmer eng Rands- oder Houhnerbréit die best, eng Geméissbréit dett et äwer o.

Op niddriger Hëtzt kooschen ech Zopp, bis den Paprika durich mëll ass.

Mam Püréierstaaf püréiren ech Zopp bis se crémig ass, déi schëdden ech dann durich eng Passette, wanns du se léiwer bëssen mi rustikal has kanns du dësen Schratt iwersprangen.

Zopp setzen ech dann rëm op, schmaaschen an würzen se evtl. na bëssen no.

Ass Zopp ze déckflëssig kanns du se na mat bëssen Bréit längen.

Zopp zervéiren ech dann mat engem Läffel Sauerrahm oder engem gudde Schlubb Schmand, an bëssen gehacktem Péitersilich

Zutaten

  • rugd Paprika
  • Chiliualeg oder een neutralen Ualeg
  • hëlls du een neutralen Ualeg kanns du frësch Chilischoten oder gedrëchent Chiliflocken hualen
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Paprikapolwer
  • Bréit
  • Pelati
  • Salz & Peffer
  • Optional: Sauerrahm oder Schmand
  • gehackten Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur

Pikant Paprikazopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 4 rugd Paprika, entkärt an a graff Stécker geschnidden

  • Chiliualeg oder neutralen Ualeg, fir ze brooden

  • optional: frësch entkärten an gehackten Chilischot oder Chiliflocken, no Geschmaasch

  • 2 Ënnen, graff gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, graff gehackt

  • 1-2 TL Paprikapolwer

  • 750 ml Bréit

  • 1 Béchs Tomaten (400g)

  • Salz an Peffer

  • optional: Sauerrahm oder Schmand

  • frësch gehackten Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen den Ualeg erhëtzen, d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden bis se Faaref kreien.
  • Subal d’Ënnen Faaref han, den Knauwléck, den Paprikapolwer an evtl. frësch Chilischot oder Chiliflocken kuurz mat brooden. Hual am aafank nëmmen bëssen Chili an würz mi spéid no.
  • Den Paprika ënnermëschen an op niddriger Hëtzt ongeféier 10 Min. brooden.
  • Bréit an Tomat drop schëdden, Hëtzt rop driien an Zopp opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
  • Dann Hëtzt rëm raaf driien an op niddriger Hëtzt Zopp su lang kooschen bis den Paprika durich mëll ass.
  • Mam Püréierstaaf crémig püréiren, Zopp durich eng Passette schëdden.
  • Sollt Zopp ze deckflëssig sen mat bëssen Bréit längen.
  • Schmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Mat bëssen Schmand oder Sauerrahm an frëschen Krégder garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*