Pollo fino-, oder Petto di pollo con zucchine ass een Klassiker aus der italienischer Këchen, deen eng einfasch Zoubereedung an gouden Goût vereent. Pollo fino con zucchine ass eent Paradebeispill fir die italienisch Konst, aus winigen hiiwiärtigen Zutaten een köstlichen Menü zouzebreeden. Eent Ässen datt einfasch an siier zoubereet ass, an perfekt an den Feierwowend passt.
D’Kombinatioun aus zartem an saaftigem Pollo fino, knackigen Courgetten, aromatischen Krégder an Knuawelek jiët dësem Ässen seng mediterran Liitegkeet. Bëssen wäissen Wéng suarigt fir eng angenehm Fëscheet, während den Olivenualig d’Aromen perfekt mateneen verbënnt.
Zutaten fir mäin Pollo fino con zucchine
- Pollo fino, sen ausgebeenten Pouletstrempelen, datt bëssen mi donkel an saaftig ass wie den Pouletfilet. Et hat mi een intensiven Goût an bleift durich deen mi hiien Fettaandeel besonnig zaart. De Pollo fino ass mi dënn wie den Pouletfilet, an dofir mi siier durich gegart. Alternativ kanns du natiirlech Pouletfilet hualen.
- Courgetten, Courgetten gehiiren zu der Familijen van den Kürbisgewächser. Sie sen donkelgréin oder jiäll, han eng glatt Schaal an een mëllen Goût. Verwenden kanns du Courgetten rii an enger Zaloot, gebrooden oder gegrillt als Beilaag oder wie hei an engem mediterranem Menü.
- Knuawelek, de Knuawelek ass eent aromatischt Gewürz mat engem liiten scharefen Goût. Während dem Kooschen entweckelt den Knuawelek een séisslich-würzigen Aroma. An dësem Rezept jiët den Knuawelek fein gehackt oder zerdréckt, fir deem Ganzen zousätzlichen Goût ze jiän.
- Olivenualig, datt hiiwiärtig, kaalgepresst aus frëschen Oliven ass, mat engem intensiven, fruuchtigen Aroma.
- Krégder, een Bestandeel deen an der mediterraner Këchen onverzichtbar ass, du kanns frësch Krégder hualen oder gedrëchent, ech han fir dësen Menü meng italienisch Krégdermëschung gehollt. Sie intensivéiren den Goût an bei frëschen Krégder zousätzlich d’Optik van dësem Menü.
- Wäissen Wéng, een drëchene wäissen Wéng mat fruuchtigen, liit säierlichen Nuancen, während dem Kooschen hiäft den Wéng d’Aromen. Den Alkohol verfléiht griisstendeels an hannerlisst eng fein säierlich Basis. Wanns du keen Wéng hualen wëlls kanns du alternativ Zitrounensaaft hualen, deen suarigt fir Frëschheet an wanns du Zesten mat anschaafs fir een intensiven Zitrounenaroma.
- Salz & Peffer, sen Grondgewürzer an all Këchen. D’Salz verstiärikt den Goût van den Zutaten. De Peffer suarigt fir eng dezent Schiäreft.
Zoubereedung
De Pollo fino schnégden ech an dënn Streifen, leen en an eng Schossel an mëschen en mat Salz, Peffer, italienischen Krégder, Olivenualig an deem gehackten Knuawelek, optional kanns du bëssen Zitrounensaaft mat drënner mëschen. De Poluet loossen ech goud 30 Min, durichzéihen.
D’Courgetten wäschen ech grëndlich an schnégden se an Stäbercher.
An enger waamer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden d‘ Courgetten do dran brong aan an würzen se mat Salz an Peffer. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
An der selwischter Pann brooden ech den Poulet goldbrong aan. Dann mëschen ech d’Courgetten rëm drënner an läschen datt Ganzt mam wäissen Wéng, optional Zitrounensaaft aaf, deen loossen ech ganz ankooschen. Hei, kanns du o na Zitrounenzesten mat drënner mëschen. Schmaaschen an evtl. na noowürzen.
Op Telleren verdeelen an mat enger gewënschter Beilaag zervéiren, bei mir ass et Reis dobäi jiän.
Tipps
Die italienisch Këchen liäft van der Qualitéit van den Zutaten. Pass also drorop op frëscht Fleesch, knackig Courgetten, hiiwiärtigen Olivenualig an wanns du Zitroun hëlls saaftig Zitrounen. Fir dësen Menü na mi aromatisch ze maan, kanns du vriaam zervéiren bëssen Parmesan driwer streien an dësen Menü einfasch mat knusperig geréisterter Ciabatta zervéiren.
Hass du Iddi dëst Rezept noozekooschen, dann deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane. Ech sen gespannt wie et dir schmëscht!
Pollo fino con zucchine
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten20
MinutenZutaten
Olivenualeg fir ze brooden an ze marinéiren
4 Pollo fino, an dënn Sträifen geschnidden
1 TL italienisch Krégdermëschung
Salz & Peffer
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 Cougetten, an Stäbercher geschnidden
50 ml wäissen Wéng
- Gewürzer
Salz
Peffer
1 TL italienisch Krégdermëschung
Zoubereedung
- De Pollo fino schnégden ech an dënn Streifen, leen en an eng Schossel an mëschen en mat Salz, Peffer, italienischen Krégder, Olivenualig an deem gehackten Knuawelek, optional kanns du bëssen Zitrounensaaft mat drënner mëschen. De Poluet loossen ech goud 30 Min, durichzéihen.
- An enger waamer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden d‘ Courgetten do dran brong aan an würzen se mat Salz an Peffer. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- An der selwischter Pann brooden ech den Poulet goldbrong aan. Dann mëschen ech d’Courgetten rëm drënner an läschen datt Ganzt mam wäissen Wéng, optional Zitrounensaaft aaf, deen loossen ech ganz ankooschen. Hei, kanns du o na Zitrounenzesten mat drënner mëschen. Schmaaschen an evtl. na noowürzen.
- Op Telleren verdeelen an mat enger gewënschter Beilaag zervéiren, bei mir ass et Reis dobäi jiän.