Poulet à la Provençale

D’Këchen aus der Provence ass fir hir einfasch an aromatisch Art bekannt. Mat frëschen Kegder wie Rosmarin an Thymian an der intensiver Kombinatioun aus Knuawelek an Schalotten fänken ech deen intensiven, authentischen Goût van der Provence an. D‘ Verwendung van wäissem Wenig jëtt dësem Menü eng ganz besonnig Raffinesse.

Dëst Ässen beruht op traditionellen Techniken, déi iwert Generatiounen viraan verjäreft sen jänn. Et vereent die ländlich Këchen mat den besten Aromen an passt perfekt an den modernen Alldaag. De Poulet à la provençale ass wie eent Feierwiärik am Mond an dobäi o na ganz einfasch zouzebreeden.

Rosmarin & Thymian

Rosmarin

Rosmarin ass eent starikt, aromatischt Krogt, datt durich sen intensiven, harzigen liit kampferartigen Geroosch bestëscht. Frëschen Rosmarin hat gegeniwer dem gedrëchenten deen gruussen Virdeel, datt en mi liäwig, frësch Nuancen mat an d’Ässen brengt. Die ätherisch Ualeger an den Noolen jänn dësem Menü een herzhaften Goût, déi perfekt mat der Saier vam Weng an deen séissen Schalotten harmonéiert.

Thymian

Den Thymian ass eent annert charakteristischt Krogt aus der Provence. Sein Aroma ass mi diskret wie deen vam Rosmarin, mat zarten, liit zitrounigen Nuancen. Frëschen Thymian hat gegeniwer deem gedrëchenten deen Virdeel datt Qualitéit van sengem Goût mi fein an mi differenzéiert ass. Während dem Kooschen entfaalen sech seng ätherisch Ualeger an jänn dem Ässen een feinen Kregderaroma, deen die anner Zutaten betount, äwer ouni ze dominéieren.

Frësch Kregder brengen eng ganz besonnig Frëscheet an dësen Menü, déi een mat gedrëchenten Kregder net erreechen kann. Sie suarigen fir eent harmonischt Gläichgewiit zwëschen deen herzhaften Aromen vam Poulet, deen séissen Schalotten, deen erdigen Gromperen an der Säier vam Weng – een Muss fir die authentisch Këchen aus der Provence.

Zutaten fir mein Poulet à la Provençale

1. Poulet

  • Ech han fir mengt Rezept Pilon gehollt, du kanns äwer o ganz Pouletstrempelen oder een ganzen Poulet, deens du dann Stecker schnegs, hualen. Am besten ass et Pouletstecker mat Schank an Hokt. Durich Schanken bleift d’Fleesch saaftig an beim aanbrooden jëtt Hokt knusperig.

2. Schalotten

  • Am Vergläich zu deen normalen Ënnen sen d’Schalotten mi mëll an bëssen mi séiss am Goût, watt sie ideal fir dësen Menü mëcht. Sie jänn een diskreten Aroma aaf, deen just eng Niäwenroll an dësem Menü spillt an alles harmonisch aafronnt.

3. Knuawelek

  • De Knuawelek ass eent onverzichtbaart Element an der provenzialischer Këchen. En brengt een kräftigen Aroma deen während dem brooden mëll jëtt an sech perfekt mat den Kregder verbënnt.

4. Gromperen

  • Gromperen brengen een erdigen mëllen Goût an dësen Menü, an sie hualen all die anner Aromen goud op.

5. Rosmarin & Thymian

  • Die provenzialisch Kregder sen an villen Menüer aus der Regioun een Muss. Sie suarigen fir Frëschheet an herb Nuancen.

6. Wäissen Weng

  • Am besten een drëchnen brengt eng angenehm Säier an d’Spill, déi d’Aromen vam Poulet an van den Kreder ausbalancéiert. De Weng hëleft datt sech den Brootsatz liiesst an die ganz Aromen vam Fleesch an den Gromperen opgehollt jänn.

7. Olivenualeg oder Botterschmalz

  • Basis fir d’Fleesch aanzebrooden, den Olivenualeg brengt een fruuchtigen Aroma, deen den Goût van den Kregder betount. Während den Botterschmalz een angenehm botterigen Goût brengt.

Zoubereedung

  • De Poulet tuppen ech mat Këchenpapaier drëchen an picken en paar mol mat enger Forschett an. D’Fleesch würzen ech mat Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg, zougedeckt loossen ech de Poulet su op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien. Am besten natiirlech iwert Nait.
  • Gromperen wäschen ech grëndlich an halbéiren se.
  • D’Schalotten jänn geschiällt an halbéiert.
  • De Knuawelek loossen ech ganz, ech schnegden just Spëtzen aaf.
  • De Rosmarin an den Thymian wäschen ech an loossen en op Këchenpapaier aafdrëpsen.

De Schiäffchen wirämen echo p 180°C Ëmloft vir.

An engem waarmen Bräter erhëtzen ech bëssen Olivenualeg oder Botterschmalz an brooden de Poulet all rondrëm goldbrong aan.

Als nächst leen ech Schalotten mat dran, de Knuawelek, die frësch Kregder an Uawen drop verdeelen ech Gromperen.

Dann läschen ech alles mam wäissen Weng aaf, Salzen an Pefferen alles, iwert d’Gromperen verdeelen ech bëssen Olivenualeg an setzen et fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

De Poulet zesaammen mat dem aromatischen Sud an den Schalotten zervéiren, dobäi passt Baguette an eng frësch Zaloot.

Tipps

  1. Loos dir Zekt beim aanbrooden vam Poulet, d’Fleesch soll sching goldbrong sen äwer net verbrannt.
  2. Behaal dein Menü am Au, an kontrolléier op d’Fleesch durich gar ass.
  3. Kregder kanns du am ganze loossen an zum Schluss raus hualen. An o beim Knuawlelek kanns du Käpp ganz loossen.
  4. Verfeineren kanns du dësen Menü na mat Zitrounen an/oder Orangenschweiwen, sie brengen na zousätzlich Frëschheet.
  5. Eent Krogt datts du na verwenden kanns as Lavendel, hei äwer bëssen oppassen an sparsam domatt ëmgoen. De Goût vam Lavendel hëllt soss Iwerhand.

Poulet à la Provençale

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1kg Pouletfleesch, mat Hokt an Schank

  • Salz & Peffer

  • Olivenualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 6 – 8 Schalotten, geschiält an halbéiert

  • 2 Käpp Knuawelek, net geschiält, just Spëtzen aafgeschnidden

  • 4 – 5 frësch Rosmarinäst

  • 2 – 3 frësch Thymianäst

  • 500 g Gromperen, gewäsch an halbéiert

  • 250 ml wäissen Weng, drëchen

Zoubereedung

  • D’Fleesch tuppen ech mat Këchenpapeier drëchen an picken et paar mol mat enger Forschette an. Datt würzen ech mat Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg, su lossen ech et zougdeckt ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmolft vir.
  • An engem waarmen Bräter erhëtzen ech bëssen Olivenualeg oder Botterschmalz an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong aan.
  • Do leen ech dann Schalotten dozwëchent, de Knuawelek, die frësch Kregder an d’Gromperen verdeelen ech Uawen drop.
  • Datt läschen ech mam wäissen Weng aaf, Salzen an Pefferen et, dann verdeelen ech na bëssen Olivenualeg iwert den Gromperen an setzen den Bräter fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Op Telleren verdeelen an mat den Schalotten an deem aromatischen Sud zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*