Poulet an enger Paprikarahmzooss

Hogt deelen ech mat dir eent einfascht an äwer köstlicht Rezept fir Poulet an enger Paprikarahmzooss. Eent Ässen datt einfasch ze kooschen ass an een wonnerbaren Geschmaasch liwert.

Paprika ass am 16ten Joerhonnert van Entdecker aus der “Neier Welt” mat an Europa breit jänn. Dës exotisch Zutat hat ganz siier hiren Weesch ant eis Këchen fond.

Fir dësen Menü ze kooschen brausch ech:

  • eng Gossenpann
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

De Poulet schnégden ech an mondgerecht Stécker, salzen en an loossen en goud 30 Min. durich zéien.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck an ech hacken se fein.

Zwiebeln

De Paprika wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser, entkären an schnégden de Paprika an Würfel.

Ech han am Frigo o na eng Courgette fonnt, déi han ech gewäsch an o gewürfelt.

An der waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden den Poulet all rondrëm aan su datt en sching goldbrong ass, deen hualen ech raus an stellen en op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen an loossen déi su lang brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.

Als nächst mëschen ech den Knuawléck den Paprika an Courgetten drënner an loossen alles ongeféier 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren. Datt Ganzt würzen ech mat Salz an Peffer. Wanns du wëlls kanns du o na bëssen Paprikapolwer drënner mëschen.

Dann schëdden ech den Pelati drop, driien Hëtzt rop an loossen et opkooschen.

Ech mëschen den Poulet drënner, driien Hëtzt rëm raaf, leen een Deckel drop an lossen alles ongeféier 30 Min. kooschen.

No der halwer Stonn schëdden ech Rahm dobäi, datt Ganz loossen ech dann bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no. Wann datt dir ze lang dauert kanns du 1 EL Maizena opgeliiest an 1 EL kaalem Waasser ënnermëschen an Zooss domatt dëchsen.

Mat frëschem Péitersilich garnéiert an Reis, Nudelen oder Gromperen zerwéiren.

Zutaten

  • Pouletfilet
  • rugden Paprika
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Courgette
  • Pelati
  • Rahm
  • Salz & Peffer
  • Olivenualeg
  • frëschen Péitersilich

Tipps

  1. Experimentéier mat verschidden Paprikazorten fir ënnerscheedlich Geschmaaschrichtungen an mi Faaref an dein Menü ze kreien.
  2. Pass do drop op datt Poulet durich gegart ass, fir Liäwensmëttelsëcherheet ze garantéiren.

Varianten

Du kanns natiirlech all anner Zort Fleesch hualen, die spanisch Chorizo brengt bestëmmt een gouden Geschmaasch, oder die italienisch Salsiccia.

Expermentéier mat scharefem Paprikapolwer oder Chiliflocken fir su bëssen Feier an dein Menü ze kreien.

Poulet an enger Paprikarahmzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pouletfilet

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 rugd Paprikaschoten, entkärt an gewürfelt

  • 1 Courgette, gewürfelt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 500 ml Pelati (1 Béchs)

  • Salz & Peffer

  • Olivenualeg

  • 200 ml Rahm

  • frësch gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Poulet an mondgerecht Stécker schnégden, salzen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch all rondrëm grëndlich aanbrooden bis et sching goldbrong ass. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann, d’Ënnen brooden an su lang brooden bis se afänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck, Paprika an Courgetten ënnermëschen an ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt brooden. Würzen mat Salz an Peffer.
  • Pelati drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen.
  • De Poulet ënnermëschen an mat Deckel op niddriger Hëtzt ongeféier eng Halef Stonn kooschen.
  • Rahm drop schëdden, bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen loossen an dann op den Punkt würzen. Wann datt dir ze lang dauert, kanns du 1 EL Maizena an 1 EL Waasser opliesen an Zooss domat dëchsen.
  • Mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren. Dobäi passt Reis, Nuddelen, Gromperen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*