Poulet au Vinaigre

Et hat aagefongen wie all Këchenabenteuer, net mat engem Plang, mee mat engem Problem. Am Frigo haat ech Pouletstecker, keen dramatischt Problem, ech weess. Äwer eent datt mech opfällig lang aangekuckt hat. Paar Schalotten oder wanns du keng zur Hand has, o Ënnen, natiirlich Botter, well all goud Ässen mat engem Schnatt Botter aafänkt. An, an engem Eck stung Essig.

Essig ass jo su eng Saasch. Et benotzt een en, mee et schwätzt een net jiären driwer. En ass seelen den Star an engem Ässen, ischter am Hannergrond aktiv, een deen alles retten kann. Ech erënnere mech äwer do aan eent Ässen. Poulet aus vinaigre. Klengt bëssen su wie wann een während dem schreiwen vam Rezept bëssen vill Eierlichkeet bewissen hat.

Een kuurzen Sprong zereck an der Zekt

Poulet au vinaigre kënnt aus enger Zekt, an der keen Fotoen vam Ässen gemaat hat, befir een et gäss hat. Et ass gekooscht jiän well een Honger haat. An Frankräich, wor d’Houhn oder de Poulet eent wiärtvollt Déier. Et ass näist fort geworf jiän. Essig wor iwerall. En konservéiert, würzt, an heelt angeblich alles vam Kappwii bis zur schlechter Laun.

Irgendwann hat een gedeit: Firwatt de Poulet net am Essig kooschen?

Su entstinn Klassiker.

Zereck an menger Këchen

Ech hualen d’Pouletstecker also aus mengem Frigo, salzen se. Een wichtigen Schratt ass ëmmer dem Fleesch bëssen Zekt ze jiän fir Raumtemperatur aanzehualen. Während an enger waarmer Pann, een gouden Schnatt Botter schmëlzt, han ech d’Pouletstecker gepäffert. Subal de Botter liit nossig rëcht, ass deen richtigen Zektpunkt erreecht, fir de Poulet all rondrëm goldbrong aanzebrooden. Ah jo, an et zischt. Eent Geräisch, datt deen besten Goût versprëcht. De Poulet hualen ech aus der Pann an leen en op Sekt bis ech brausch.

Dann han ech an der selwischter Pann, äwer op mëttel Hëtzt die kleng geschnidden Ënnen oder Schalotten aangebrooden. Dofir brausch een bëssen Gedold, well o sie sollen eng sching goldbrong Faaref aanhualen, aan hiren séissen Goût entfaalen. Als nächst han ech Tomatenpürée an de Knuawelek drënner gemëscht, an alles mat aangrbooden bis sech deen gouden Geroosch durich die ganz Këchen zéiht.

Dann kënnt den Moment vam Essig. Deen an die waarem Pann schëdden. Et dämpt. An et rëscht zimlich intensivsu datt een Tringen an d’Auen krëtt. An dann, no paar Sekonnen passéiert den Zauber. Deen agressiven Essiggeroosch verschwënnt an en mëcht Platz fir jiät Waarmes, Ronnes. Säier, déi sech beruhigt hat.

TIPP aus menger Këchen: Looss den Essig ganz ankooschen, rischt dann ass en dein Frënd.

Datt läschen ech dann mat wäissem Weng aaf, réiren an kucken datt sech die ganz Röstaromen vam Buadem liisen. Wann deen dann bis op Halschent angekooscht ass, schëdden ech bëssen Houhnerbréit dobäi an leen d’Fleesch rem dran. Op niddriger Hëtzt an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 35 Min. bis 40 Min. schmooren.

Firwatt fonktionéiert datt alles su goud?

Während d’Fleesch gemellig schmoort, han ech do driwer nogedeit, friwatt dëst Ässen su goud schmëscht?

Essig mëcht Fleesch zaart. Net agressiv, mee dezent. D’Säier suarigt dofir datt Proteinen op jinn, su datt d’Gewürzer besser andrëngen. Zur gläicher Zekt suarigt d’Fett aus der Botter an dem Schmand dofir, datt d’Säier net ze agressiv wirikt.

D’Aanbrooden? Ass pur Wëssenschaft. Maillard-Reaktioun erjiänn Röstaromen an puren Goût.

D’Zooss? Ass eng Emulsioun aus Fett an Flëssigkeet, stabiliséiert durich d’Säier.

Kuurz gesoot: Eis Bomien haaten villäicht net vill Ahnung van Chemie, äwer sie han genau gewosst watt sie gemaat han.

D’Zooss

Noom Schmooren han ech de Poulet raus gehollt. Dann han ech de Schmand an optional bëssen Mostert, drënner gemëscht. Ganz wichtig ass ëmmer d’Schmaaschen, bëssen Salz, bëssen Päffer an d’Zooss liit reduzéiren loossen bis se die gewënschten Konsistenz erreecht hat.

Dann kann evtl. na bëssen frëschen Estragon drënner gemëscht jiän. De Poulet han ech zereck an d’Zooss geleit an paar Min. zéihen gelooss fir datt en rem waarem ass.

D’Zervéiren

Ech han mein Poulet au vinäigre mat einfaschen Brootgromperen zervéiert. Räis jieet o, Pasta suwiesu. Watt äwer net fehlen duaref ass Brugd. Vill Brugd, fir die goud Zooss opzehualen, an fir datt näist verschwend jiët.

Fazit

Poulet au vinägre ass keent Ässen fir Perfektionisten. Et ass eent Ässen fir Mënschen. Fir Owender, aan deenen een jiät Richtiges wëll. Et verzeiht kleng Fehler, passt sech aan, an watt een mi entspannt kooscht, desto besser jiët et.

Et ass eent Ässen aus der Vergangenheet, datt erstaunlich goud an eis Zekt passt. Eent, datt ass villäicht o an Zukunft begleeden wärt, sulang mir Botter, Saier an e bëssen Gedold ze schätzen wossen.

Kooschen ass suvill mi wie nëmmen Ässen zoubereeden.

Poulet au Vinaigre

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

50

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet, an Stecker zerdeelt, oder 4 Pouletstrempelen

  • 3-4 EL Botter, oder Ualig

  • 1 Ënn, an dënn Sträifen geschnidden, oder 2 Schalotten

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 2-3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 100 ml Rugdenwengessig oder Wäissenwengessig

  • 150 ml drëchene wäissen Weng

  • 200 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Schmand

  • Optional: 1-2 TL Dijonmostert

  • Salz

  • Päffer

  • Optional: frëschen Estragon

Zoubereedung

  • De Poulet hualen ech aus dem Frigo, salzen en an lossen en su bëssen durichzéihen fir datt en Raumtemperatur aanhualen kann.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botter, bis en nossig rëcht. De Poulet päfferen ech an brooden en all rondrëm goldbrong aan, deen hualen ech dann raus an stellen en op Segt bis ech en brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se goldbrong sen an goud rauschen. Do mëschen ech dann den Tomatenpürée an de Knuawelek drënner an brooden alles aan.
  • Als nächst schëdden ech den Essig drop an loossen deen komplett ankooschen.
  • Dann läschen ech datt Ganzt mam wäissen Weng aaf, deen lossen ech ongeféier bis op Halschent reduzéiren.
  • Lo kënnt d’Bréit dobäi, subal déi opgekooscht hat, driien ech d’Hëtzt raaf, leen de Poulet rem dran an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 35 Min. bis 40 Min. schmooren.
  • No deen 40 Min. hualen ech de Poulet raus, an verfeineren meng Zooss mam Schmand an optional Moster. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer, an mëschen optional den Estragon drënner.
  • De Poulet leen ech zereck an d’Zooss, an loossen en paar Min. durichzéihen fir datt en rem waarem ass.
  • Zervéiert han ech mein Poulet aus vinäigre mat gebrooden Gromperen an Brugd.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*