Zaloot Caprese kennt jidefereen, eng traditionell kulinarisch Spezialitéit aus Italien, genau gesoot van der Insel Capri.
Hei as eent Rezept, Pouletfilet gefëlllt mat Tomate Mozzarella.
Dofir brausch ech.
- Poulefilet
- Peffer & Salz
- gedrëchente Basilikum
- frëschen Basilikum
- Tomaten
- gedrëchent Tomaten
- Mozzarella
- Olivenualeg
Zoubereedung
Tomaten schnégden ech an dënn Scheiwen. Die gedrëchent Tomaten an dënn Streifen. De Mozzarella o an Scheiwen Schnégden. Basilikumbläder wäschen an drëchen rëselen.
De Pouletfilet, opschnégden, oder eng Täsch dran schnégden, pass äwer op datts du en net ganz durich schnégs. Datt as bëssen gepiddels, ech han van Uawen eng Täsch dran geschnidden, an déi dann opgeklappt.
Fleesch mat Salz, Peffer an deem gedrëchenten Basilikum würzen. De Filet mat gedrëchenten Tomaten, Mozzarella, frëschen Tomaten an frëschem Basilikum fëllen. Zouklappen an mat Zahnstocher fixéiren.
An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch rondrëm aanbrooden. An eng feierfest Form leen an am waarmen Schiäffchen bei 180°C färdig brooden.
Poulet Caprese-Art
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten20
MinutenZutaten
4 Pouletfilet
Peffer & Salz
1 TL gedrëchenten Basilikum
4 an dënn Streifen geschnidden gedrëchent Tomaten
2 Boullen Mozzarella an Scheiwen geschnidden
2 an dënn Scheiwen geschnidden Tomaten
12 frësch Basilikumbläder
Zahnstocher fir ze fixéiren
Olivenualeg fir ze brooden
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 180° C iäwischt an ënnischt Hëtzt virwiärmen.
- An Pouletfilet Täschen schnégden, mat Salz, Peffer an deem gedrëchenten Basilikum würzen.
- Als ischt die gedrëchent Tomtaten ant Täsch fëllen, 1 gedrëchent Tomat pro Filet misst daar goen.
- Dann pro Filet 3 Scheiwen Mozzarella ant Täsch fëllen.
- Als nächst 2-3 frësch Tomatenscheiwen ant Täsch fëllen.
- An zum Schluss 3 frësch Basilikumbäder drop leen.
- Täsch zouklappen an mat Zahnstocher fixéiren.
- An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen an Filet rondrëm aanbrooden.
- An eng feierfest Form leen an fir 15-20 Min. am waarmen Schiäffchen färdeg brooden.