Pouletrouladen – Punjeni Batak

Mein Plang von hokt wor et nëmmen en Klengigkeet ze kooschen, datt wor befir ech an de Buttik gefahren sen. Dono haat ech Muurten, Poretten, ausgebeente Pouletstempelen an Eier. D’Iddi wat ech hokt kooschen hat sech während dem Ankoof entweckelt. Pouletrouladen, genau gesoot Punjeni Batak. Eent traditionellt Ässen vam Balkan, besonnig beléift an Serbien, Bosnien an Kroatien. Et ass eng Roulade aus Pouletfleesch, genausgesoot ausgebeente Pouletstempelen. mat enger Fëllung déi ganz verschidden se kann, mol mat Speck, Kiiss, Gehacktes oder Geméiss.

D’Geméissversammlung

Mein Frigo hat no mengem Ankoof ausgesehen wie een Geméissbazar, an dobäi wollt ech nëmmen een siieren Snack zoubereeden.

Befir ech äwer mat menger Fëllung aafänken, leen ech die ausgebeente Pouletstrempelen zwëschen Folie, klappen se liit mam Fleeschhaamer platt an salzen se. Has du keen Fleeschhaamer, eng Casserole oder eng Pann deet et o. Su setzen ech se an de Frigo bis ech se brausch.

Fir d’Fëllung han ech eng Ënn geschiält an fein gehackt, datt een dobäi emotional jiët gehiiert o dozou. Fir bëssen Faaref an d’Spill zekreien han ech d’Muurten geschiält an op der Këchenrapp graff geraspelt. D’Poretten han ech firtisch mol längs durich geschnidden an dann grëndlich ënner kaalem Waasser gewäsch, et soll jo net knirschen während dem Ässen. Dono han ech se na eng kéier längs geschnidden an dann an dënn Stecker. An all Herzhaft Ässen duaref Knuawelek natiirlich net fehlen, deen han ech geschiält an fein gehackt.

Als nächst setzen ech eng Pann op an erhëtzen déi. Subal déi waarem ass erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig, do dran brooden ech dann firtischt d’Ënnen, bis se mëll sen, goud rauschen an liit Faaref krii han. Dono mëschen ech de Knuawelek, Poretten an d’Muurten drënner an o datt loossen ech alles op mëttel Hëtzt dënsten bis et mëll ass, an een wonnerbaren Doft durich die ganz Këchen zéiht. Datt würzen ech mat Salz, Päffer an bëssen Muskot, evtl. na een Hauch Paprikapolwer. Ech fëllen alles an eng Schossel an loossen et aafkéilen. Fir et mi siier auszekéilen kanns du et op engem platten Teller bëssen auserneenleen.

Subal meng Fëllung aafgekéihlt ass, mëschen ech Parmesan, Stoffi, Eier, Panéiermiähl an gehackten Péitersilich drënner, datt vermëschen ech alles grëndlich mateneen. Schmaaschen jiff ech meng Mëschung, wann keent riit Ei dran wir, ech jinn einfasch mol dovaan aus, datt se genou gewürzt ass.

Fir o Aroma van baussen ze kreien, schiälen ech 2 Ënnen an schnégden déi an aaschtel, ausserdem schiälen ech na 4 Ziiwen Knuawelek an schnegden deen an dënn Scheiwen.

D’Fleesch rullen

Mein Schiäfchien wiärmen ech op 200 °C Iäwischt- an Ënnischëtzt vir.

D’Fleesch hualen ech aus dem Frigo, gesalz ass et jo well, ech würzen et dann an van deen 2 Segten mat Päffer. Su leent ech et mat der Hogt no ënnen op meng Aarbichtsplaque an vreiwen Mostert om Fleesch. Do drop leen ech een gouden Läffel van menger Fëllung. Datt probéiren ech dann wie een Wrap anzerullen, wat bei mir ëmmer an zimlicht gepiddels ausaart. D’Fëllung soll jo dran bleiwen an net während dem baaschen oder brooden raus loofen. Datt fixéiren ech mat engem oder mi Zahnstocheren an leen se an eng angefett feierfest Form.

  • Ech han op alle Fall Beschloss, datt ech mir irgendwann der Rouladenzangen koofen!

Rondrëm meng Rouladen leen ech déi an aaschtel geschnidden Ënnen an déi an Scheiwen geschnidden Ziiwen Knuawelek. An setzen datt Ganzt fir 20 Min. an deen waarmen Schiäffchien. No deen 20 Min. driien ech meng Rouladen eng kéier an lossen se na eng kéier fir 20 Min. baaschen. Dann schëdden ech wäissen Weng dobäi an verdeelen die restlich Fëllung rondrëm d’Rouladen an loossen datt Ganz na eng kéier fir 20 Min. baaschen.

D’Konst vam Waarden

D’Waarden, wann d’Ënnenn brooden an Faaref kreien, an d’Waarden wann alles am Schiäffchien eng sching goldbrong Faaref krëtt, dofir brausch een bëssen Gedold, mee et jiët een mat deem besten Goût belount, wann een sech déi Zekt hëllt.

Firwatt ass dëst Ässen su genial?

Während dem Kooschen an wann de Schiäffchien seng Aarbicht mëcht, hat een Zekt fir no ze denken. Dëst Ässen fonktionéiert op villen Ebenen, an net nëmmen emotional:

  1. D’Hokt hällt d’Fleesch saaftig, well sie während dem brooden oder baaschen Fett fräi setzt datt no bannen zéiht.
  2. D’Fëllung dënst während dem Garen, wurdurich d’Fleesch bannen gaart äwer net drëchen jiët.
  3. D’Röstaromen enstinn durich d’Maillard-Reaktioun, dës magisch Verbindung van Zocker an Eiwäiss, déi alles köstlich rauschen lisst.
  4. Umami, deen herzhaften Goût kënnt vam Kiiss, Poretten, Ënnen an Knuawelek, natiirlich Glutamate, déi eis glecklich maan.

Kuurz gesoot, dëst Ässen ass kulinarisch Physik an Bestform.

De Moment van der Wuuricht

Mëchs du dann dein Schiäffchien op, ass d’Welt perfekt. D’Fleesch blänkt goldbrong, d’Hokt ass liit knusperig jiän, an d’Geméiss rëcht no allem gouden van dëser Welt. An während dem opschnegden, den Damp zéiht raus an Poretten grinsen dech aan. Deen ischten Maufel an du schmëchs all die verschidden Goûten an Texturen. Saaftig, würzig, crèmig, liit.

Traditioun mat engem modernen Twist

O wann ech meng Punjeni Batak net, wie et traditionell ass mat Fleesch gefëllt han. Ass d’Séil die selwischt bliwen. Gedold, Respekt an Léift zum Detail. An genau datt ass datt best aan Rezepter, sie waassen mat eis, aus der traditoneller Fëllung ass eent Geméissfest jiän ouni dem Ässen sengt Härz ze hualen.

Tipps aus menger Këchen

  • Loss die gebrooden Fëllung aafkéilen befirs du deen Rest drënner mëchs.
  • D’Brooden vam Geméiss op niddriger Hëtzt suarigt fir een natiirlich séissen Aroma.
  • Loss dir Zekt, goud Saaschen brauschen Gedold.
  • Äss et waarem mat Gromperen, Gromperenpürée, enger Zaloot an eent Glas Weng dobäi.

Pouletrouladen – Punjeni Batak

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Pouletstrempelen, ouni Schank

  • Salz

  • 1 Porette, kleng geschnidden

  • 1 Muurt, graff geraspelt

  • 3 Ënnen, dovaan 1 fein gehackt an die anner an aaschtel geschnidden

  • 5-6 Ziiwen Knuawelek, dovaan 2 fein gehackt an die anner an dënn Scheiwen geschnidden

  • Olivenualig oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 Ei

  • 2 EL Panéiermiähl

  • 30 g Parmesan, frësch geriwen

  • 2-3 EL Stoffi

  • 2 EL Péitersilich, gehackt

  • Päffer

  • Muskot

  • Optional: 0,5 TL Paprikapolwer

  • 2-3 EL Mostert

  • 50 ml wäissen Wéng

Zoubereedung

  • D’Flesch leen ech zwëschen Folie an klappen et liit mam Fleeschhaamer platt, datt salzen ech liit an stellen et an de Frigo bis ech et brausch.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig oder Botterschmalz an brooden do dran die gehackten Ënn bis se mëll sen an liit Faaref kreien.
  • Do drënner mëschen ech d’Poretten, d’Muurten an deen gehackten Knuawelek, an loossen alles su lang dënsten bis et mëll ass. Datt würzen ech mat Salz, Päffer, Muskot an optional: Paprikapolwer.
  • D’Fëllung fëllen ech an eng kaal Schossel oder breeden se bëssen op engem platten Teller aus, fir datt se mi siier aafkéihlt.
  • Subal se aafgekéihlt ass, mëschen ech d’Ei, de Parmesan, Panéiermiähl, de Stoffi an de Péitersilich drënner.
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 200 °C Iäwischt- an Ënnichthëtzt vir.
  • D’Fleesch päfferen ech van deen 2 Segten an leen se mat der Hogt no ënnen op meng Aarbichtsplaque.
  • Do driwer schmiären ech de Mostert, an leen ongeféier 1 EL van der Fëllung drop. Dann rullen ech se an, an ech fixéiren se mat engem Zahnstocher.
  • Di fiärdig Rouladen leen ech an eng liit angefett feierfest Form. Rondrëm Rouladen leen ech déi an aaschtel gschnidden Ënnen an deen an Scheiwen geschniddene Knuawelek, su setzen ech se fir 20 Min. an deen waarmen Schiäffchien.
  • No deen 20 Min. driien ech d’Rouladen an loossen se na eng kéier 20 Min. baaschen. Van déi Zekt ëm ass, verdeelen ech deen Rest van der Fëllung rondrëm Rouladen an schëdden de Wéng dobäi, su loossen ech datt Ganzt dann na eng kéier 20 Min. baaschen.
  • Dobäi passen Gromperen, Gromperenpürée, Gromperen aus dem Schiäffchien oder eng goud Zaloot.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*