Et jiän Ässen, déi su einfasch wiriken, datt een se bal iwersegt. Eng einfasch Putengeméisspann mat Muurten, Kohlrabi, Iärbessen an enger einfascher Frëschkiiss-Zooss. Op deen ischten bleck: zaart Fleesch, faariwgt Geméiss, crèmig Zooss, fiärdig. Wann een äwer bëssen mi déif kuckt, entdeckt een eng spannend Mëschung aus Geschicht, Traditioun, moderner Ernährungskultur an sugar bëssen Wëssenschaft.
Hokt hualen ech dech mat op eng kleng kulinarisch Réis, vam Ursprong van den Zutaten iwert d’Entweckelung an eisen Këchen bis hin zu deem, watt dëst Ässen hokt su besonnig mëcht, an firtwatt et, o aus wëssenschaftlicher Sicht, einfasch fonktionéiert.

De Bleck an d’Vergangenheet
Stell dir fir, du réis paar Joerhonnerten zereck, irgendwu am ländlichen Europa. Keen Buttik, keen Liwerservice, keng Truhen. D’Muurten, Kohlrabi an d’Iärbessen sen am eegen Gaart gewaass, gepleckt, kleng geschnidden, direkt an engem gruussen Dëppen geland datt iwert dem Feier gemütlicht viraan sech hin kooscht.
Deemools wor Schnuddelhouhn na keent Alldaagsfleesch. An Mëtteleuropa, wann et dann mol Gefligel juff, woren datt Houhner, Enten oder Gänsen. D’Schnuddelhouhner wie mir se hokt kennen, kommen ursprünglich aus Nordamerika an sen rischt am 16ten Joerhonnert an Europa aankommen. Eent Geschenk van deen spanischen Eroberer. Schnuddelhouhn wor deemools äwer jiät ganz aussergwéinliches an ass et just aan ganz besonnigen Deeg jiän. Et wor jiät exotisches watt sech net jidfereen leesten konnt.
Geméiss wie Muurten, Iärbessen an Kohlrabi woren uuraal Bekannter. D’Muurt, an verschiddene Faarwen wie moof, jiäll oder sugar wäiss, wor well am Mëttelalter eent Grondnahrungsmëttel. Die orange Variant, wie mir se hokt kennen ass eng Ziichtung aus Holland aus dem 17ten Joerhonnert. Kohlrabi, ass eent typischt mëtteleuropäischt Geméiss an ass well an der Antik an Béicher erwähnt jiän. D’Iärbessen gehiiren zu engem van deen älsten kultivéierten Planzen op der Welt, sie sen well viraan iwer 7000 Joer aangebaut jiän.
Aus Bomi hirer Këchen zur moderner Pann
Noom 2ten Weltkréich hat sech d’Këchen an mëtteleuropa rasant verännert. De Frigo ass an die meest Häiser angezujien, Buttiker han op gemaat an beemool woren Zutaten verfügbar, déi soss nëmmen saisonal verkooft juffen.
Iärbessen aus der Truh sen su een Gamechanger. Während Bomi se na mat der Hand gepleckt, verschafft an angekooscht hat, brauschen mir hokt nëmmen am Buttik an Truh ze gräifen, sie sen ëmmer do, ëmmer frësch an ëmmer knackig.
O d’Putenfleesch ass an den 70er-80er Joeren ëmmer mi poulär jiän. Et wor moojer, proteinräich. An modern. Ernährungsberooder han et als gesond Fleesch geluaft, perfekt fir de Regime. Datt hat die klassisch Poulet-Geméiss-Pann em eng nei Variant erwegdert.
D’Zooss hat sech o verännert. Wu fréiher jiären mat vill Schmand gekooscht jiän ass, gräifen hokt vill Lekt zu engem liiten Kooschschmand, Frëschkiiss oder Stoffi, fir dëst ässen mi liit an mi bekömmlich ze maan.

Hokt
Wann ech dëst Ässen hokt zoubereeden an d’Muurten kleng schnegden, rauschen ech deen frëschen, séisslichen Doft. An ech weess datt d’Iäbessen hir gréin Faaref mat an d’Spill brengen. An der Pann entweckelt de Kohlrabi een feinen, baal nossigen Goût.
An jo, ech jiän et zou, deen Moment wann den Frëschkiiss an d’Zooss kënnt, sech mat der Bréit vermëscht an alles zu enger cremiger Zooss verbënnt, brengt Ruh an deen hektischen Alldaag.
Et ass eent einfascht Ässen:
- Et ass siier gemaat, perfekt fir de Feierowend
- Et ass liit, ouni op Genoss ze verzichten.
- Et ass flexibel, ween well hëllt Poulet am Platz Schnuddelhouhn, ergänzt Choufleur oder Cougetten, oder kooscht direkt eng vegetarisch Variant.
Firwatt fonktionéiert dëst Ässen?
Has du gewosst datt deng Geschmaachsknospen bei dëser Kombinatioun eng kleng Party feieren? Datt ass keen Zoufall, et jiän wëssenschaftlich Grënn firwatt dës Pann su harmonisch schmëscht.
1. Umami trëfft Séissheet
Putenfleesch enthält natiirlich Glutamate, déi den Umami-Goût ausliesen, dësen herzhaften, ronnen Goût. Kombinéiert mat deem Séissen van der Muurt an der Iäbess entsteht su eent harmonischt Zesaammenspill.
2. Textur an Temperatur
Beim Brooden vam Fleesch entsteht durich d’Maillard-Reaktioun Röstaromen. Gläichzegtig bleift d’Geméiss bëssfest, watt een schingen Kontrast zu der cremiger Zooss béid.
3. D’Balance van Fett an Säier
Die liit Frëschkiiss-Zooss brengt Fett an d’Spill, watt dÂromen drigt an verstiärikt. Eng sprutz Zitroun an bëssen Mostert suriagen fir eng fein Säier, déi dëst Ässen frësch wiriken lisst an déi Geschmaaschsknospen aktivéiert.
4. Ernährungstechnisch clever
- Protein: Putenfleesch ass räich aan Eiwäiss, watt lang satt mëcht.
- Vitaminen: d’Muurten liweren Beta-Carotin, Kohlrabi Vitamin C, d’Iärbessen Ballasstoffer an planzlicht Eiwäiss.



De Bleck an d’Zukunft
D’Zukunft van dësem Ässen gesegt flexibel an noohaltig aus. Am Platz importéiert Schnuddelhouhn ze hualen kanne mir ëmmer mi dachs op regional Betrieber setzen. Technologie an de Këchen verännert sech, watt o eist Kooschen verännert. Smart Kooschfelder, Sous-vide-Garer oder Apps, déi Garzekten perfekt steieren.
Aus menger Këchen
Ech erënneren mech na dran wie ech die ischte kéier dëst Ässen gekooscht han. Owes no der Aarbicht wollt ech einfasch jiät siieres op den Dësch zauberen ouni na lang no engem Rezept ze séichen. Muurten an Kohrabi haat ech na am Frigo, gefruaren Iärbessen han ech ëmmer an der Truh. D’Ergebniss wor deemools well eng Offenbarung, einfasch, siier an köstlich. Ségt deem hat sech äwer bëssen verännert. Hokt hualen ech mir Zekt, ech kommen zur Ruh wann ech d’Geméiss am schnibbelen sen, ech hualen mir Zekt beim aanbrooden an mat an engem besseren Goût belount. Et bleift äwer eent Comfortfood, datt ech ëmmer mol rem, villäicht an annerer Kombinatioun kooschen wärt.

Well Aafwiässelung Spass mëcht!
Eent Rezept ass ëmmer nëmmen su goud, wie eent et aanpassen kann. Hei sen paar Iddien wie’s du dëst Rezept veränneren kanns
- Mediterran: mat Courgetten, Paprika an engem Hauch Thymian
- Asiatisch: Mat Sojaizooss an bëssen Ingwer würzen
- Low-Carb: ech han Pasta dobäi gekooscht, déi kanns du äwer ganz fortloossen, an dofir mi Geméiss ënnermëschen.
- Vegetarisch: d’Fleesch fort loossen, an dofir Kicheriäbessen, Bungen oder gebrooden Austernpilze ënnermëschen.
Fazit
Dës Puten-Geméiss-Pann ass eent Ässen, datt Zekt iwerdauert. Fréiher een Mix aus frëschen Gaardenpordukter, hokt eent siiert, gesond Feieowendässen, an muarren villäicht een noohaltigen Hightech-Klassiker. Egal op an der Baurenkëchen viraan Joerhonnerten, am modernen Alldaag oder an enger smarter Këchen an der Zukunft. Sie bleift, watt et ass, éierlich onkomplizéiert an köstlich.
Puten-Geméiss-Pann
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten30
MinutenZutaten
400 g Putenfleesch, an Sträifen geschnidden
Botterschmalz fir ze brooden
1 Ënn, graff gehackt
2 Muurten
1-2 kleng Kohlrabi
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
150 g Iärbessen (TK)
200 ml Bréit
150 g Frëschkiss
1 TL Moster
Salz
Päffer
Muskot
Saaft van 0,5 Zitroun
Frëschen Péitersilich an Dill, gehackt
400 g Pasta (Taglietelle, Linguine, Fusili, Penne…)
Zoubereedung
- D’Fleesch tuppen ech mat Këchenpapaier drëchen an schnegden et an dënn Sträifen, datt salzen ech liit an loossen et ongeféier 30 Min. durich zéien
- Iwerdeems schnibbelen ech datt ganzt Geméiss, an setzen alles parat.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch goldbrong aan, würzen mat Päffer. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch
- An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se Faaref kreien. Do drënner mëschen ech dann d’Muurten an den Kohlrabi an lossen déi o brooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Würzen liit mat Salz, Päffer an bëssen Muskot.
- Setzen goud gesalzent Waasser op fir Pasta ze kooschen. An kooschen déi no Packaaweisung al dente.
- Rischt dann mëschen ech de Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat der Bréit aaf. Déi loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 7-8 Min. kooschen.
- Als nächst mëschen ech de Frëschkiiss an de Mostert drënner, erhëtzen alles passen äwer op datt et net mi kooscht. Dann leen ech d’Fleesch an d’Zooss an loossen et durich zéihen. Schmaaschen datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf, evtl. na mat Salz, Päffer an Muskot nowürzen.
- Zum Schluss mëschen ech dann na die frësch Kregder an Pasta drënner.
- TIPP aus menger Këchen: Wanns du Pasta ënnert Zooss mëchs brauchs du se net na zousätzlich ze bannen, d’Stärke an de Nuddelen suarigt dofir datt eng crèmig Zooss entsteht.