Putengeschnetzeltes an enger Paprika-Rahmzooss

Dëst Rezept fir Putengeschnetzeltes as ganz siier gekooscht. Zesaammen mat vitaminreicher Paprika an enger Pann scharef aangebrooden, lisst sech mat wineg Opwand eent goud Geschnetzeltes op den Dësch zauberen.

Dofir brauschst du?

  • Putenfleesch
  • Maizeena oder Miähl
  • wäisse Wéng
  • gréin an rugd Paprika
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Tomatenpürée
  • Houhnerbréit
  • Salz, Peffer & Paprikapolwer
  • Rahm

Zoubereedung

Fleesch schnégden ech an dënn Streifen van ongeféier 1 cm Breet. Datt würzen ech mat Salz, Peffer an Paprikapolwer. Fleesch am Maizeena oder Miähl driien.

Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles kleng.

Den Paprika han ech an Würfel geschnidden.

An engem waarmen Dëppen Botterschmlaz erhëtzen, Fleesch kräftig all ronderëm aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.

An deem selwischten Dëppen Ënnen an den Knuawléck aanbrooden, su datt alles bëssen Faref krëtt.

Als nächst han ech den Paprika ënnermëschen an mat gebrooden. Deen kann goud 5 Min. brooden, är datt nächst dobäi kënnt.

Datt Ganzt würzen ech liit mat Salz, Peffer an Paprikpolwer.

Dann mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen o aan.

Wann sech dann sching Röstaromen ënnen am Dëppen gebild han, läschen ech datt Ganzt mam wäisse Wéng aaf, kratzen Röstaromen looss an ech loossen deen komplett ankooschen, su datt sech na eng kéier Röstaromen bilden.

Als nächst schëdden ech dann 1 Tass Houhnerbréit drop, an lossen se ganz ankooschen su datt sech fir drëtt Röstaromen bilden.

Datt läschen ech dann mat deem Rest Houhnerbréit aaf, loossen déi opkooschen, driien Hëtzt dann raaf, mëschen Fleesch rëm drënner an loossen alles ongeféier 30 Min. kooschen. Ech han ouni Deckel gekooscht, fir datt Zooss sech na bëssen reduzéiert. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Zum Schluss Rahm ënnermëschen, kuurz erwiärmen an zervéiren.

Ech han Genuddels dobäi gekooscht, et passt äwer o Reis, Gromperen, Gromperenpürée, Fritten…

Putengeschnetzeltes an enger Paprika-Rahmzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g an dënn Streifen geschniddent Putenfleesch

  • 2-3 EL Miähl oder Maizeena

  • Botterschmalz fir ze brooden oder een neutralen Ualeg

  • 3 gehackten Ënnen

  • 2 an Würfel geschnidden rugd Paprika

  • 2 gréin Würfel gescnidden Paprika

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Peffer, Salz & Paprikapolwer

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 400 ml Houhnerbréit

  • 150 ml Rahm

Zoubereedung

  • Fleesch mat Salz, Peffer an Paprikapolwer würzen. Mam Miähl oder Maizeena mëschen.
  • An engem waarmen Dëppen Botterschmalz oder Ualeg erwiärmen an Fleesch kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen, Ënnen an den Knauwléck aanbrooden bis se Faaref aanhualen.
  • Den Paprika ënnermëschen an mat brooden.
  • Datt Ganzt mat Salz, Peffer an Paprikapolwer liit würzen.
  • Tomatenpürée ënnermëschen an mat brooden, su datt sech om Buadem vam Dëppen Röstaromen bilden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen Röstaromen looss kratzen an deen komplett ankooschen loossen. Et sollen sech na eng kéier Röstaromen bilden.
  • Mat 1 Tass Houhnerbréit aafläschen, an déi o rem komplett ankooschen loossen su datt sech fir drëtt Röstaromen bilden.
  • Dann deen Rest Houhnerbréit drop schëdden, opkooschen loossen. Hëtzt dann raaf driien an ongeféier 30 Min. kooschen loossen. Schmaaschen evtl. nowürzen.
  • Zum Schluss Rahm drënner mëschen. Kuurz erwiärmen an zervéiren.
  • Ech han Nuddelen dobäi gekooscht, et passt äwer o Reis, Gromperen, Gromperenpürée, Fritten…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*