Quetschekrogt

Wann een bei eis iwert Ässen schwetzt, taucht irgendwann o Quetschekrogt op. O wann de Naam bëssen su klengt, ass et keent Geméiss. Et ass jiät vill mi Einfasches, eent déifdonkelt, séiss an aromatischt „Gebeets“ aus Quetschen, datt segt Joerhonnerten op eisen Bottischen doheem ass.

Natiirlich werfen ech een Bleck an d’Vergangenheet, op Géigenwaart an bëssen an Zukunft. An zwëschenduirch erklärt Wëssenschaft firwatt datt su wonnerbar fonktionéiert.

D’Wuurzelen vam Quetschekrogt

Lëtzeburig wor nie eent Land, zemools watt Ässen betrëfft, datt van Räichtum geprägt wor. D’Mënschen woren iwert d’Joerhonnerten gezwongen mat deem auszekommen, watt Feld, Gaart an Obstbéim zur Verfügung haaten. Quetschen hat een iwerall fond. Sie sen robust, pflegeleicht an liweren regelmäissig vill Friischten.

Quetschen jëtt et allerdings nëmmen zu enger bestëmmter Zekt, also muss een se irgendwie konservéiren, an do kënnt Quetschenkrogt an d’Spill. Well am 17ten an 18ten Joerhonnert wor et üblich, d’Friischten an gruussen Kesselen om Feier stonnenlang anzekooschen. Mat Zocker ass een sparsam ëmjangen, well deen deier wor, su datt op lang ankooschen gesatt juff, fir deen natiirlichen séissen Goût van den Friischten ze konzentréiren. Am Enn haat een, eent deckflëssigt, baal schwarzt „Gebeets“, datt meentelang haltbar wor een am Wanter eng Aafwiässlung op d’Bottisch bräit hat.

An su aus aus enger Nugdwendigkeet eng Traditioun entstannen.

Quetschekrogt als Begleeder

An villen Familjen wor d’Quetschekrogt iwert Generatiounen net nëmmen jiätt fir op d’Bottisch. Et wor eng Kandheetserënnerung. Muaies op frëschem Brugd, heinsdo zesaammen mat engem Steck Kiiss oder als séiss Beilaag beim Pankisch.

Et juff sugar richtig Duareffester, wann Quetschen zegdig woren. Gruuss Kesselen sen aangefeiert jiänn, an d’Frauen stungen stonnenlang doniäwent an han geréiert, während deen séissen Geroossch durich Duaref gezujien ass. Fir d’Kanner wor datt den Himmel op der Erd, sie han namlich dachs duarefen deen ischten Läffel van deem waarmen Krogt probéiren.

Van der Vergangenheet an d’Géigenwaart

Hokt hat sech villes verännert. Et jiët kaum na een, deen sech stonnelang bei eent Dëppen stellt, fir Quetschekrogt anzekooschen. Zocker ass längst keen Luxusartikel mi, an am Buttik fënnt een Stellagen voll Gebeets aus der ganzer Welt.

An trotzdeem, Quetschekrogt ass net verschwonnen. Am Geegendeel, et hat sei Platz bei eis, well et eben mi ass wie nëmmen „Gebeets“ fir op d’Bottisch. Et ass eent Steck Identitéit.

An villen Familjen jiët et na genausu gekooscht wie fréiher, an gruussen Mengen an mat deen aalen Rezepter. Annerer gräifen op kleng Dëppen zereck, op modern Këchenmaschinen oder sugar op déi Variant aus dem Schiäffchien, watt datt stännigt réiren iwerflëssig mëcht. An ween gar keng Lost op Ankooschen hat, fënnt d’Quetschekrogt o fiärdig am Buttik, dachs na no traditionellem Rezept gekooscht.

Quetschekrogt am Wandel van der Zekt

Spannend ass, wie d’Quetschekrogt hokt agesatt jiët.

  • Klassisch: op frëschem Brugd oder Brigdercher
  • Traditionelle: als Begleedung beim Gromperenkéichelchen. Die séiss-herzhaft Kombinatioun ass een Highlight.
  • Modern: Quetschekrogt jiët hokt o an Zossen fir z.B. Wëld genotzt oder sugar als Basis fir een raffinéierten Dressing.
  • Experimentell: Et jiän Desserten, an deenen Quetschekrogt d’Hauptroll spillt, wie z.B. Cheesecake oder als Fëllung am Macaron.

Dëst Krogt ass mat der Zekt matjangen, ouni seng Séil ze verléiren.

Bëssen Wëssenschaft

  1. Zockerkonzentratioun an Haltbarkeet: Wann Quetschen stonnenlang ankooschen, reduzéiert sech de Wassergahalt drastisch. Zesammen mat bëssen Zocker entsteht zu eent Ëmfeld, an deem Mikorarganisme kaum iwerliäwen kanne. Datt ass de Grond, firwatt Quetschekrokt iwert Meent haltbar bleift.
  2. Maillard-Reaktioun an Karamellsiéirung: Während deem langen ankooschen verdämpt net nëmmen d’Waasser. Zocker an Fruuchtsäiren reagéiren mateneen, et entstinn nei Aromastoffer, déi dëst Krokt su würzig an komplex schmaaschen loossen. Datt ass o de Grond firwatt Quetschekrogt net einfaschn Quetschegebeets ass.
  3. Pektin, datt natiirlicht Geléiermëttel: Quetschen enthaalen vill Pektin, een Ballaststoff, deen beim Ankooschen d’Mass déckst. Datt mëscht Quetschekrogt deckflëssig, baal stëchfest, ouni datt een Geléierzocker brausch.
  4. Séiss-Sauer-Balance: Quetschen han eent perfekt Verhältnis van Fruuchtsäiren an Zocker. Doweenst schmëscht Quetschekrogt nie iwerséiss, mee ëmmer ausgeglasch an angenehm,

Quetschekrogt hokt

Wann een op den Märt ënnerweeg ass, fënnt een ëmmer Quetschekrogt, baal ëmmer bei regionalen Stänn. Dachs an sching Gläser aafgefëllt, heinsdo mat handgeschriwenen Etiketten. Quetschekrogt ass längst eent kulinarischt Kulturgut jiän, datt o Touristen begeestert.

Quetschekrogt jiët o rëm van jungen Lekt nei entdeckt, mol durich Food-Trends, déi no „Authentizitéit“ an „Regionalitéit“ frojien, do passt d’Quetschekrogt perfekt, éierlich, simpel, an eent rischtigt goud Produkt.

An wie gesegt Zukunt aus?

Datt best am Quetschekrogt, et ass su flexibel, datt et o an der zukunft sein Platz fënnt. Villäicht net an all Haushalt, äwer ganz bestëmmt an der lëtzeburiger Këchen.

  • Noohaltigkeet: hausgemaatent Quetschekrogt passt perfekt an den Trend, Liäwensmëttelaaffäll ze vermeiden. Quetschen déi net schinge genou sen, jiän einfasch angekooscht.
  • Kulinarisch Kreativitéit: Et jiët ëmmer mi mat traditonellen Rezepter gespillt. Quetschekrogt kann su z.B. an der Haute Cuisine optauchen. z.B. als Basis fir eng Zoss.
  • Gesond Ernährung: Quetschekrogt enthält zwar Zocker, et brengt äwer ballaststoffer, Mineralien an Antioxidantien. Mat manner Zocker angekooscht, passte et goud an die modern Ernährung.
  • Kulturell Iärwefschaft: Lëtzeburig wärt vermutlich alles draan setzen, datt Quetschekrokt als traditionellt Kulturgut erhaalen bleift, an ween weess, villäicht irgendwann sugar mat engem offiziellen EU-Siegel, wie z.B. „geschützt geografisch Angaben (g.g.A.)“.

Fazit

Wann ech Quetschekrogt beschreiwen misst, et ass datt, watt een muajies op d’Bottisch schmiärt wann et dobaussen niwelig, naas an kaal ass. An et ass datt, watt weist, datt mir eis Wuurzelen kennen o wann d’Welt sech stännig viraan drigt.

Quetschekrogt

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 2-3 kg Quetschen, gewäsche an entkärt

  • 400 g Zocker

  • Optional: 2 Canellestangen, 3 Neelcheskäpp

  • evtl. eng Schlupp rugden Wéng oder bëssen Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • Die gewäschen an entkärten Quetschen leen ech an eent Dëppen an vermëschen se mam Zocker. Zougedeckt han ech se su fir 24 Stonnen an de Frigo gesatt.
  • Den Daag drop han ech se op niddirig bis mëttel Hëtzt opgesatt. Aafangs na mat Deckel bis alles waarem ass, dono ouni Deckel.
  • An su han ech se iwert paar Stonnen ankooschen geloss, dobäi ëmmer mol rem dran réiren fir datt näist aanbrennt, an bis alles deckflëssig an donkel jiët. Hei kanns du dann o, wanns du datt jiären has, de Canelle an d’Neelcheskäpp mat dran leen.
  • Zum Schluss han ech na bëssen Zitrounesaaft ënnergemëscht. Een deen wëll kann o eng Schlupp rugden Wéng drënner mëschen.
  • Waarem han ech alles an Gläser agefëllt. fest zougemaat an aafkéilen geloss.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*