Ratatouille, Aubergine, Zucchini, Paprika, Tomaten

Ratatouille

Ratatouille, kënnt aus der fransiischer Këchen an besteht aus verschidden Zorten Geméiss. Normalerweis gehiiren zu dësem Ässen, Auberginen, Courgetten, Paprika, Tomaten, Ënnen an Knuawléck zu den Hauptbestandeeler. Geméiss jëtt gewürfelt oder an dënn Scheiwen geschnidden an dann am Olivenualeg geschmort. Gewürzer wie Krégder aus der Provence kommen bei deem Ässen an den Asatz an jiänn allem zousätzlichen Goût.

Dëst Ässen stammt aus der Provence an as fir sein mediterranen Geschmaasch weltwegt bekannt an natiirlech durich deen gläichnaamigen Animationsfilm aus dem Joer 2007. Dachs jëtt Ratatouille am Summer zoubereed, well dann vill frëscht Geméiss do as. Et as eent wonnerbart Beispill fir die kulinarisch Villfalt an den Genoss van der fransiischer Këchen.

Eent Ässen mat rustikalem Charme.

Ratatouille hat deen rustikalen Charme van der fransiischer “Cuisine Provencale”, déi fir hir ländlich an traditonell Art bekannt as. Ratatouille kann op verschidden Versiounen zoubereed jiänn – die eng han et léiwer wann sämtlich Geméisszorten aangebrooden jiänn an dann richt beineen kommen, während annerer alles zesaammen schmoren. Dann jëtt et na deen Trend wie am Film, alles an dënn Scheiwen ze Schichten an su am Schiäffchen ze schmoren.

No der Veröffentlichung vam Animatiounsfilm Ratatouille sen vill Restaurant mat der Foosch konfrontéiert jiänn ob sie dann dësen Menü o aanbéiden. Fir dem Fan van deem Film gerecht ze jiän, han verschidden Restaurant dëst Ässen tatsächlich op hir Kaart gesatt. De Film “Ratatouille” hat Popularitéit van dësem Ässen op jidde Fall gesteigert.

Zutaten:

Tomaten-Paprika-Zooss zoubereeden.

Ënnen an den Knauwléck han ech fein gehackt, de Paprika han ech an graff Würfelen geschnidden. An engem waarmen Dëppen han ech bëssen Olivenualeg op mëttel Hëtzt erhëtzt an do dran Ënnen mam Knuawléck aangebrooden. Subal déi aafänken Faarwef ze kreien han ech den Paprika ënnergemëscht an 10 Min. mat gebrooden. Dann schëdden ech den Pelati drop an eng halef Tass Waasser, driien Hëtzt rop an loossen alles opkooschen. Schmaaschen an würzen datt Ganzt mat Krégder aus der Provence, Peffer an Salz. Driien Hëtzt dan rëm raaf an loossen alles op niddriger Hëtzt end goud halef Stonn kooschen. No der halwer Stonn püréiren ech Zooss mam Staabmixer. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl, no.

Geméiss virbereeden.

Während Zooss kooscht bereeden ech Geméiss vir. Datt jëtt mol virtischt grëndlich gewäsch, an dann Schnégden ech Tomaten, kuck dats du bëssen eng fest keefs, an ganz dënn Scheiwen, leider geht datt net op der Mandoline. Die gréin an di jiäll Courgette schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, an d’Aubergine muss een leider o op der Hand schnégden. Pass griist van den Auberginenscheiwen bëssen aan, bei mir woren se su gruuss dat ech se han mussen a 4 schnégden,

Virbereedung vam Gratin

De Schiäffchen op 160°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

An enger feierfester Form verdeelen ech firtischt bëssen van der Tomaten-Paprika-Zooss, an dann fänken ech aan Geméiss ze schichten. Ech han mir dofir die eenzel Geméisszorten firtischt an der Hand beinneen geleit an dann ant Form geschicht. Wann Form dann goud gefëllt as bëssen Olivenualeg an bëssen Zooss driwer verdeelen. Mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence würzen. Dann han ech mir eent Stéck Baaschpapeier op griist van der Form geschnidden drop geleit an liit fest gedreckt, et soll während dem brooden net raaf fällen. Op mëttel Hëtzt ongeféier eng Stonn am waarmen Schiäffchen schmoren.

Ratatouille, Aubergine, Zucchini, Tomaten, Kràuter, Gewürze, Herbes de Provence,

Varianten

  1. mat Oliven, du kanns gréin oder schwarz Oliven drënner mëschen, fir zousätzliche Geschmaasch ze kreien.
  2. mat Kapern, wanns du Kaperen drënner mëchs, suarigst du fir een säierlichen Aroma,
  3. Krégder, expririmentéier mat anneren frëschen Krégder, fir d’Aromen ze variiéiren.
  4. Gromperen, du kanns o mol probéiren fir Ratatouille mat Gromperen ze maan, su hast du Sättigungsbeilaag direkt mat angeschafft,
  5. Kicheriärbessen, fir eng proteinreich Versioun suarigen Kicheriärbessen.
  6. Kiiss, viraam zervéiren kannns du Kiiss, wie Parmesan, Feta oder Mozarellea driwer streien, domatt jëtt deng Ratatouille mi crémig.
  7. Peperoncini, fir all déi die et jiären scharef han, frëschen Peperoncini oder gedrëchent Chiliflocken.
  8. Zitrounensaaft, eng sprutz Zitrounensaaft jëtt dem Ässen een erfrëschenden Aroma.
  9. Geméissvariatiounen, probéier saisonalt Geméiss, ech kann mir durichaus virstellen datt Ratatouille mat Muurten oder villäicht Kohlrabi deem ganzen eng anner Textur jëtt. Allerdings jiff ech datt Geméiss firtischt blanchéiren.
Ratatouille, Zucchini, Aubergine, Tomaten, Herbes de Provence, Hähnchen
Rataouille, Pasta, Parmesan, Spaghetti

Traditionell jët bei der Ratatouille Geméiss all Gewürfelt an am Olivenualeg op niddriger Hëtzt geschmoort. Verschidden Rezepter verwenden eng Tomatenzooss fir d’Ässen mi saaftig ze maan. Ech han hei eng Tomaten-Paprika-Zooss gemaat, well sech den Paprika net wirklich Schichten lisst, ech äwer o den Goût vam Paprika an mengem Ässen ha wollt. Natiirlech kanns du Zooss o fort loossen an ganz klassisch nëmmen mat bëssen Olivenualeg schmoren.

Ratatouille

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck gehackt

  • 1 rugd Paprika, an Würfel geschnidden

  • 1 jiäll Paprika, an Würfel geschnidden

  • 1 Bëchs stëckig Tomaten (Pelati)

  • Peffer & Salz

  • 2-3 TL Krégder aus der Provence

  • Olivenualeg

  • 1 Aubergine, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 gréin Courgette, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 jäll Courgette, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 3-4 Tomaten, an dënn Scheiwen geschnidden

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen op mëttel Hëtzt Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen mam Knuawléck do dran aanbrooden.
  • Subal déi aafänken Faaref ze kreien de Paprika ënnermëschen an datt Ganzt fir 10 Min. brooden.
  • Pelati an ongeféier 0,5 Tass Wasser drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen. Schmaaschen an mat Peffer, Salz an Krégder aus der Provence würzen.
  • Zooss eng goud halef Stonn op niddriger Hëtzt kooschen loossen, dann mam Stabmixer püréiren.
  • Während Zoss kooscht deen rest Geméiss schnégden.
  • De Schiäffchen op 160°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger feierfester Form de Buadem mat der Tomaten-Paprikazoss bedecken, an Geméiss ant Form schischten.
  • Bëssen Olivenualeg an Zooss driwer verdeelen an mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence würzen.
  • Eent Steck Baaschpapeier op Griist van der Form schnégden, drop leen an bëssen fest drecken. Am waarmen Schiäffchen op mëttel Hëtzt ongeféier 1 Stonn schmoren.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*